Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 70 Resultater
  1. Am Kader vum Iwwerschaffe vum Warnsystem fir d'Populatioun fiert d'Regierung e Méinden, 6. Juni 2022, mat der Ëmsetzung vun hirer Teststrategie vum nationale Warnsystem weider. Dëst geschitt mam Test vum Sirenennetz, deen all Mount duerchgefouert gëtt a mam Verschécke vun engem Test-Warnmessage, deen dës Kéier awer nëmmen an enger bestëmmter Zon getest gëtt.

  2. Am Kader vum Gesetzprojet iwwert d'Sanctions administratives ass jo eng Kompetenzerweiderung vun den Agents municipaux virgesinn. Sou solle si an Zukunft virun allem e Proximitéitsservice ubidden, fir d'Zesummeliewen an de Gemengen ze favoriséieren an awer och eng Rei Protokoller bei Infraktioune géint déi generell Policereglementer vun de Gemenge schreiwe kënnen.

  3. D'Ukrain, déi säit bal enger Woch mat enger Krichssituatioun konfrontéiert ass, huet via de Katastropheschutz-Mechanismus vun der EU eng Demande gemaach fir Hëllef ze kréien. Mat dësem Mechanismus kann déi europäesch Kommissioun d'Liwwerung vun essentielle Gidder koordinéieren, fir d'Zivilbevëlkerung an der Ukrain z'ënnerstëtzen. Domat gëtt un d'Solidaritéit vun de Memberstaate vun der EU appelléiert.

  4. Opgrond vun den aktuelle Wiederprevisiounen, ass et méiglech, dass d'Alarmstuf Rout am Laf vum Dag iwwerschratt wäert ginn. Dofir koum e Krisestab "Onwieder" haut de Moien um 09:00 Auer ënnert dem Virsëtz vun der Inneministesch Taina Bofferding zesummen.

  5. D'Gemengefinanze si stabil, an dowéinst sinn d'Gemenge resilient, si belaaschtbar: dat war de Constat am leschte "Conseil supérieur des finances communales" am Inneministère.

  1. Éischt Säit
  2. 1
  3. 2
  4. 3
  5. 4
  6. 5
  7. Lescht Säit