Reunioun vum Krisestab "Onwieder"

Meteolux seet viraus, dass am Nomëtteg vum Freideg 18. Februar (15:00 bis 19:00 Auer) staarke Wand iwwert d'Land zitt. Wärend dësem Passage wäerte Wandvitesse vun 100 - 110km/h z'erwaarde sinn, dat wärend 1 bis 2 Stonnen. Punktuell kënne Wandvitesse vu méi wéi 110km/h net ausgeschloss ginn.

Opgrond vun den aktuelle Wiederprevisiounen, ass et méiglech, dass d'Alarmstuf Rout am Laf vum Dag iwwerschratt wäert ginn. Dofir koum e Krisestab "Onwieder" haut de Moien um 09:00 Auer ënnert dem Virsëtz vun der Inneministesch Taina Bofferding zesummen, fir d'Situatioun z'analyséieren an déi néideg Aktioune fir déi kommend Stonnen ze koordinéieren an ze preparéieren.

Aus Grënn vun der Preventioun an der Anticipatioun, huet de Krisestab decidéiert, d'Bevëlkerung iwwert verschidde Kanäl ze warnen, besonnesch iwwert eng Gouvalert-Warnung.

Et ass wichteg op follgend Konsequenzen a Verhalensrotschléi hinzeweisen:

Méiglech Konsequenzen:

  • Äscht déi eroffalen
  • Beem déi ëmfalen
  • beschiedegt Diecher a Kamäiner
  • Gefierer op der Strooss, déi an d'Schleidere geroden
  • gestéierte Stroosseverkéier, besonnesch an de Bëscher

Verhalensrotschléi:

  • limitéiert Är Deplacementer
  • limitéiert Är Vitess op der Strooss, besonnesch wann Dir mat engem Gefier oder Unhänger dee wandufälleg ass ënnerwee sidd
  • gitt net am Bësch spadséieren
  • passt an der Stad op eroffalend Objeten op
  • raumt oder fixéiert Är Géigestänn, déi fir Wand ufälleg sinn oder duerch Wand beschiedegt kënne ginn, z. B. Gaardemiwwel, Sonneprabbeli, etc.
  • schafft net op engem Daach
  • séchert de Chantier
  • respektéiert d'Consignë vun den Autoritéiten (z. B. Deviatiounen)
  • erhéichten Opmierksamkeet.

D'Bevëlkerung ass opgeruff, d'Evolutioun vun der Situatioun iwwert déi offiziell Quellen ze verfollegen: www.meteolux.lu, www.infocrise.lu, @infocriseLU, @CGDISlux, an déi national Medien

D'Ekippen um Terrain goufe personell verstäerkt a si preparéiert.

D'Autoritéite wäerten d'Evolutioun vun der Situatioun weider genau suivéieren.

Participanten: Inneministère, CGDIS, Héije Kommissariat fir national Sécherheet, Ponts et Chaussées, Arméi, Creos, Meteolux, Police Lëtzebuerg, Service fir Krisekommunikatioun, Informatiouns- a Pressedéngscht.

Communiqué vum Inneministère / Héije Kommissariat fir national Sécherheet / Service fir Krisekommunikatioun 

Aktualiséiert