Test vum nationale Warnsystem: Warn-SMS a Sirenen

Am Kader vum Iwwerschaffe vum Warnsystem fir d'Populatioun schéckt d'Regierung de Méinden, 2. Mee 2022, eng Test-Warn-SMS un d'ganz Bevëlkerung. D'Teststrategie, déi d'Regierung sech wëll ginn, inspiréiert sech um Test vum Sirenennetz, zu deem et all éischte Méinde vum Mount géint Mëtteg kënnt an deem säin Zil et zanter enger Rëtsch Joren ass, fir d'Fonctionalitéit vun dësem Warnmëttel ze kontrolléieren. Vun der Wichtegkeet ausgoend, dass d'Populatioun beschtméiglech gewarnt gëtt, ass virgesinn, d'Tester op aner Warnkanäl auszebreeden, wéi z.B. d'zonal SMSen.

Um Testdag gëtt, iwwert den Test vun de Sirenen eraus, vu Mëtteg un dës SMS verschéckt: "LU-ALERT / ALERTE TEST / NO ACTION REQUIRED / AUCUNE ACTION REQUISE / KEINE HANDLUNG ERFORDERLICH / INFOS: MINT.PUBLIC.LU"

Et sief ervirgehuewen, dass am Kader vun den Tester vum Warnsystem fir d'Bevëlkerung keng perséinlech Donnéeë vum Stat gesammelt oder stockéiert ginn. Dobäi kënnt, dass, fir sécherzestellen, dass déi reell an d'Test-Warnmessagen ausenee gehale ginn, de Passage "No action required / Aucune action requise / Keine Handlung erforderlich" just an den Testmessagen ernimmt gëtt.

D'Zil vun dësem Test ass et, sech vun der Fonctionalitéit vun de verschiddene Warnkanäl z'iwwerzeegen, eventuell verbesserungswierdeg Punkten z'identifizéieren an, virun allem, d'Biergerinnen a Bierger fir d'Benotze vun de Warnkanäl ze sensibiliséieren. D'Teststrategie, déi laangfristeg a regelméisseg soll duerchgespillt ginn, huet zum Zil, zur Widderstandsfäegkeet vun der Populatioun bäizedroen am Hibléck op Nout- oder Krisefäll, déi en Impakt op d'öffentlech Sécherheet kéinten hunn (wéi eng Naturkatastrof, en Industrieaccident oder en Attentat).

D'Regierung huet sech d'Zil ginn, e Warnsystem iwwer verschidde Kanäl op d'Been ze stellen, dee fiabel, effizient an effikass soll sinn, fir d'Sécherheet vun der Bevëlkerung sécherzestellen. Dohier gëllt et, wann een d'Fonctionalitéit vum System garantéiere wëll, fir en éischte Jalon ze setze mat der Entwécklung vun der Teststrategie, déi eng prezis Leedung brauch.

Virum Hannergrond vun der konstanter Suerg no Verbesserung ginn d'Destinatairen dozou invitéiert, der Regierung en eventuelle Feedback op d'Adress: lu-alert@mi.etat.lu ze schécken.

Communiqué vum Staatsministère, Inneministère an Héije Kommissariat fir national Sécherheet (HCPN)

Aktualiséiert