De Ministerrot hëlt eng Décisioun zur finanzieller Begleedung vun der zukünfteger Nordstad

Am Ministerrot vun haut gouf sech ë.a. mat der Nordstad-Fusioun befaasst a mat der finanzieller Enveloppe dofir. Am Oktober 2020 hat d'Regierung festgehalen, dass d'finanziell Hëllef bei enger Fusioun géif eropgesat ginn, op eng Aide spéciale vun 2.200 € pro Awunner bis 2.000 Awunner a vun 1.000 € pro Awunner bis 5.000 Awunner; deemno géif sech de maximale Montant pro Gemeng op 7,4 Milliounen € belafen. Fir déi 5 concernéiert Gemenge Bettenduerf, Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldéng un der Sauer a Schiren wär een, ënnert dem Stréch, op 29,427 Milliounen € komm.

 

Gemeng

Bevëlkerung 2021

Undeel Awunner
1-2.000

Undeel Awunner
2.001-5.000

Ënnerstëtzung am Ganzen

Bettenduerf

2.902

4.400.000

902.000

5.302.000

Dikrech

7.047

4.400.000

3.000.000

7.400.000

Ierpeldeng op der Sauer

2.452

4.400.000

452.000

4.852.000

Ettelbréck

9.246

4.400.000

3.000.000

7.400.000

Schieren

2.073

4.400.000

73.000€

4.473.000

TOTAL

23.720

 

 

29.427.000

 

D'Inneministesch huet elo proposéiert, dee Montant vun 29,427 ze verduebelen, fir op eng Aide spéciale vun 58,854 Milliounen € ze kommen. Zu dëser Entscheedung koum et aus e puer Grënn: Aus landesplanerescher Siicht wëll d'Regierung aus der zukünfteger Nordstad den 3. Attraktivitéitspol vum Grand-Duché maachen, nieft der Stad an Esch. Donieft wär d'Nordstad-Fusioun aussergewéinlech vun hirer Envergure hier, well et sech ëm eng Fusioun vu 5 Gemengen handelt.

Déi 5 Gemengen hate gefrot, eng Aide spéciale an Héicht vu 5.000 € pro Awunner ze kréien. Dee Montant, dee wäit iwwert der finanzieller Hëllef loung, déi zejoert décidéiert gouf, ass net justifizéiert, wann een e vergläicht mat deem, wat bei viregte Fusiounen u finanziellen Hëllefe gefloss ass. Doriwwer eraus wäert d'Regierung, nieft där finanzieller Hëllef, weider grouss Projete vun der Nordstad ënnerstëtzen, sou wéi si dat ewell bei enger ganzer Rëtsch vu Projeten en vue vun der Entwécklung vun der Nordstad gemaach huet. D'Taina Bofferding huet drop higewisen, "dass een eng Fusioun net op finanziell Considératioune reduzéieren, mä d'Diskussioun nees op d'gemeinsam Visioun vun a fir d'Nordstad konzentréiere sollt."

De Montant, deen haut festgehale gouf, entsprécht also knapp der Halschent vun deem, wat déi 5 Gemenge wollten, an dem Duebele vun deem, wat bis elo Usus war, dat fir dem aussergewéinleche Charakter vun dëser Fusioun Rechnung ze droen.

Zu gudder Lescht sief nach ernimmt, dass endlech en Terrain um Fridhaff konnt fonnt gi fir de Bau vum Centre d'incendie et de secours régional Nordstad, an zwar duerch d'enk Zesummenaarbecht vu verschiddenen Acteuren: de Ministèrë vum Aménagement du territoire, vun der Ëmwelt a vum Intérieur, verschiddene staatleche Verwaltungen an dem CGDIS, deen de Bauhär wäert sinn.

Communiqué vum Inneministère

Aktualiséiert