Alarmstuf Rout "Onwieder" - wa méiglech, gitt heem oder bleift dobannen!

De Krisestab "Onwieder" koum de Mëtteg um 12:30 Auer ënnert dem Virsëtz vun der Inneministesch Taina Bofferding nach e Mol zesummen, fir de Point vun der Situatioun ze maachen.

Déi meteorologesch Previsiounen hunn sech säit de Moie verännert an et ass mat staarkem Wand (100-120km/h) ze rechnen, souwéi mat Spëtzewäerter déi souguer driwwer leien. Am Hibléck op d'Entwécklung vun der Situatioun, huet Meteolux decidéiert fir tëschent 15 an 19 Auer d'Alarmstuf Rout auszeruffen. D'Autoritéite recommandéieren, fir wärend dëser Zäit dobannen ze bleiwen.

Et ass wichteg op follgend Konsequenzen a Verhalensrotschléi hinzeweisen:

Méiglech Konsequenzen:

  • vill a staark Schied op Wunnengen, Parken a Plantatiounen
  • Bëscher staark betraff (Schied u Beem / entwuerzelt Beem)
  • schwéiert Fueren op alle Stroossen, Gefierer op der Strooss, déi an d'Schleidere geroden
  • staarken Impakt op de Fluch- an Eisebunnsverkéier

Verhalensrotschléi:

  • wa méiglech, gitt heem oder bleift doheem
  • evitéiert Aktivitéiten dobaussen
  • wann Dir Iech deplacéiere musst, limitéiert iech op dat wat onbedéngt néideg ass an evitéiert d'Bësch-Regiounen
  • deelt Äre Bekannte mat, wann Dir fortgitt, a wouhin
  • raumt oder fixéiert Är Géigestänn, déi fir Wand ufälleg sinn oder duerch Wand beschiedegt kënne ginn, z. B. Gaardemiwwel, Sonneprabbeli, etc.
  • schafft op kee Fall op engem Daach

  • respektéiert d'Consignë vun den Autoritéiten (z. B. Deviatiounen)
  • Deelt dem 112 nëmmen déi Géigestänn (Äscht, Beem, Daachzillen) mat, déi op den ëffentleche Weeër leien

D'Bevëlkerung ass opgeruff, d'Evolutioun vun der Situatioun iwwert déi offiziell Quellen ze verfollegen: www.meteolux.lu, www.infocrise.lu, @infocriseLU, @CGDISlux, an déi national Medien

D'Autoritéite wäerten d'Evolutioun vun der Situatioun weider genau suivéieren.

Participanten: Inneministère, CGDIS, Héije Kommissariat fir national Sécherheet, Ponts et Chaussées, Arméi, Creos, Meteolux, Police Lëtzebuerg, Service fir Krisekommunikatioun, Informatiouns- a Pressedéngscht.

Communiqué vum Inneministère / Héije Kommissariat fir national Sécherheet / Service fir Krisekommunikatioun 

Aktualiséiert