Inneministère // D’Lëtzebuerger Regierung
Kompetenzberäich
De Kompetenzberäich vum Inneministère ass am Arrêté grand-ducal portant constitution des ministères festgehalen.
D’Haaptmissioune vum Ministère betreffen déi kommunal Ugeleeënheeten, d'Gemengefinanzen, d'Kommunalplanung an d’städtesch Entwécklung, d'Kontroll vun der Gemengecomptabilitéit an d’zivill Sécherheet.
-
National Strategie fir d'Reduzéierung vum Energiebedarf: éischt Moossname fir de Staat, d'Betriber, d'Gemengen an d'Bierger
Op der ausseruerdentlecher Reunioun vum EU-Rot vun den Energieministeren, sinn d'Memberstaaten zu engem politeschen Accord komm, fir tëschent dem 1. August 2022 an dem 31. Mäerz 2023 op eng Reduzéierung vu 15% vum Gas-Bedarf hinzeschaffen an dat an enger éischter Phas op fräiwëlleger Basis.
-
Test vum nationale Warnsystem: Test-Noriicht op d'GouvAlert-App, zonal Warn-SMS a Sirenen
Am Kader vum Iwwerschaffe vum Warnsystem fir d'Populatioun fiert d'Regierung e Méinden, 1. August 2022, mat der Ëmsetzung vun hirer Teststrategie vum nationale Warnsystem weider. Dëst geschitt mam Test vum Sirenennetz, deen all Mount duerchgefouert gëtt a mam Verschécke vun engem Test-Warnmessage iwwert d'GouvAlert-App, sou wéi enger Warn-SMS bannent enger bestëmmter Zon.
-
D'Inneministesch reagéiert op d'Aussoe vum Iechternacher Buergermeeschter haut an der Press
D'Inneministesch Taina Bofferding seet sech iwwerrascht, wat d'Aussoe vum Iechternacher Buergermeeschter Yves Wengler haut am Lëtzebuerger Wort ugeet am Zesummenhank mat de Schied vum Héichwaasser vu viru genee engem Joer.
-
Walrecht bei de Gemengewale fir all d'Residente vum Grand-Duché
D'Ministesch fir Famill an Integratioun, Corinne Cahen, d'Inneministesch Taina Bofferding, an d'Justizministesch, Sam Tanson, begréissen de Vott vu gëschter an der Chamber zum Gesetz fir d'Ännerung vum geännerte Walgesetz vum 18. Februar 2003.
-
Test vum nationale Warnsystem: zonal Warn-SMS a Sirenen
Am Kader vum Iwwerschaffe vum Warnsystem fir d'Populatioun fiert d'Regierung e Méinden, 4. Juli 2022, mat der Ëmsetzung vun hirer Teststrategie vum nationale Warnsystem weider. Dëst geschitt mam Test vum Sirenennetz, deen all Mount duerchgefouert gëtt a mam Verschécke vun engem Test-Warnmessage, deen an enger bestëmmter Zon getest gëtt.
-
D'Gemengefinanze bleiwe resilient an d'Gemenge belaaschtbar!
3 Méint nom viregte "Conseil supérieur des finances communales" ass de Constat an där jéngster Réunioun vun haut deeselwechte gewiescht, nämlech dass d'Finanzsituatioun vun de Gemengen dynamesch, awer global gesi stabel ass!