Zoustännegkeetsberäich
Den Zoustännegkeetsberäich vum Inneministère ass duerch dat groussherzoglecht Reglement iwwer d'Schafe vun de Ministère gereegelt.
Organigramm
De Ministère besteet aus dem Cabinet vum Minister souwéi aus 5 Direktiounen:
- Direktioun vun de kommunalen Ugeleeënheeten;
- Direktioun vun de Gemengefinanzen;
- Direktioun vun der Kontroll vun der Gemengecomptabilitéit;
- Direktioun fir Kommunalplanung a städtesch Entwécklung;
- Direktioun vun der ziviller Sécherheet.
De Corps grand-ducal d'incendie et de secours steet ënnert der Tutelle vum Inneministère.