-
Gemengenaménagement
De Plan d’aménagement général (PAG), och nach "Allgemenge Bebauungsplang", ass en Ensembel vu grafeschen a schrëftleche Virschrëfte mat reeglementareschem Charakter, déi sech géigesäiteg completéieren an de ganze Gemengenterritoire ofdecken, dee se a verschidden Zonen opdeelen, fir déi se d’Buedemnotzung festhalen.
-
Gemengewalen
D’Gemengerotsmembere ginn direkt gewielt, all 6 Joer, duerch d’Wieler aus der Gemeng. All Gemeng huet e Gemengerot, aus deem de Schäfferot ervirgeet, d’Exekutivorgan vun der Gemeng.
-
Politesche Congé vu Gewielten op Gemengenniveau
D’Buergermeeschteren, Schäffen a Gemengeconseilleren hunn e Recht op politesche Congé fir déi Stonnen, déi si fir den Exercice vun hirem politesche Mandat opbréngen. D'Recht op politesche Congé baséiert op den Artikelen 78 bis 81 vum ofgeännerte Gemengegesetz vum 13. Dezember 1988.
-
Reform vum Gemengegesetz (RLC)
Lëtzebuerg ass en eenheetlecht Land, dat just een Niveau vun territorialer Dezentralisatioun kennt - d’Gemenge stellen déi eenzeg dezentraliséiert territorial Kollektivitéiten duer an huelen op lokalem Plang eng wesentlech Plaz am politeschen, ekonomeschen, sozialen a kulturelle Liewen an. Si musse sech konstant un d’Erausfuerderunge vun enger moderner Gesellschaft upassen.
-
Plaze fir Bestietnesser a PACSen
D’Bestietnes oder de PACS ass eent vun de Schlësselerliefnisser am Liewe vun engem Mënsch. Koppelen, déi sech bestuede wëllen, stellen déi am Gesetz virgeschriwwe Formalitéite fir d’Feiere vum Bestiednis oder dem PACS awer ëmmer méi a Fro a wënsche sech eng personaliséiert Feier.
-
Gemengenagenten a Verwaltungssanktiounen
D'Gesetz vum 27. Juli 2022 "relatif aux sanctions administratives communales et à l'élargissement des compétences des agents municipaux" huet als Zil, de Gemengenagenten d’Erlabnis ze ginn, fir engersäits Infractioune festzestellen, déi an de generelle Policereglementer festgehale sinn a mat Geldbousse bestrooft ginn, sief et mat administrativen oder strofrechtlechen, a fir anerersäits...
-
D’Grondsteier an d’Mobiliséierung vun Terrainen a Wunnengen
Déi aktuell Grondsteier zu Lëtzebuerg staamt aus den 1930er Joren. Hir Reform ass zanter Joren Deel vun de politeschen Diskussiounen. D’Reform vum IFON ass e Schlësselelement aus dem Moossnamepak fir d’Lutte géint d’wuessend Wunnengsnout zu Lëtzebuerg, deen d’Regierung zesumme mat der Aféierung vun enger Mobiliséierungssteier vun Terrainen a vun enger Leerstandssteier op Wunnenge virgeluegt huet.
-
Artikel 29bis - Pacte logement 2.0
D’Haaptzil vum Pacte logement 2.0 ass et, d’Gemengen als zentrale Partner vun der Regierung an der Entwécklung vun abordabele Wunnengen z’ënnerstëtzen.
-
De Baulandvertrag
D’Zil vum Projet de loi « Baulandvertrag » ass et, fir, engersäits, d’Offer un disponibelen Terrainen eropzesetzen, am Hibléck op d’méi séiert Schafe vu Wunnengen, a fir, anerersäits, souwäit wéi méiglech d’Spekulatioun mam Buedem (Foncier) an déi ongesond Entwécklung vun de Wunnengspräisser a Grenzen ze halen.
-
Nationale Warnsystem: LU-Alert
D’Warne vun der Populatioun ass en indispensabelt Instrument, dat et de Biergerinnen a Bierger erméiglecht, sech op e previsibelt oder onprevisibelt Evenement virzebereeden an déi nëtzlech an néideg Virsiichtsmoossnamen zur Protectioun vu Persounen a Gidder z‘ergräifen.
-
National Plattform fir d’Reduktioun vu Katastroferisikoen
Fir d’Gouvernance am Beräich vun der Reduktioun vu Katastroferisikoen ze verstäerken, huet den Inneministère eng national Plattform ageriicht.
-
Nationale Plang fir d’Organisatioun vun de Rettungsdéngschter
De Plan national d’organisation des secours (PNOS), deen an der Loi modifiée du 27 mars 2018 portant organisation de la sécurité civile festgehal ass, stellt de Programme directeur duer, deen d’Grondausriichtung a Saachen zivil Sécherheet fixéiert. Dës Ausriichtung ass eng Ambitioun vum Corps grand-ducal d'incendie et de secours (CGDIS).
-
Prioritéits- an Invaliditéitskaarten
Duerch d’ofgeännert Gesetz vum 23. Dezember 1978 iwwert d’Prioritéits- an Invaliditéitskaarte goufen eng Prioritéitskaart a méi Invaliditéitskaarte geschaf, déi vum Inneminister oder sengem Vertrieder ausgestallt ginn.
-
eID – Déi elektronesch Lëtzebuerger Carte d’identité
Déi national Carte d’identité ass den administrative Beweis vun der Identitéit a vun der Nationalitéit vun hirem Titulaire. De Besëtz vun enger Carte d’identité ass obligatoresch fir all Persoun, déi d’Lëtzebuerger Nationalitéit huet an op d’mannst 15 Joer...
-
Gemengefusiounen
D’Gemengefusioune stellen e Mëttel duer, fir ganz konkret Ziler am Intressi vun de Gemengen a vun de Biergerinnen a Bierger ze realiséieren. Wat sinn d’Avantagen, déi eng Fusioun enger Gemeng brénge kann?
- 1
- 2
- Lescht Säit