Communiqué: Ophiewe vun der Alarmstuf Rout a Bilan vum Onwieder vum 18. Februar

De Krisestab "Onwieder" koum de Mëtteg um 17:30 Auer ënnert dem Virsëtz vun der Inneministesch Taina Bofferding nach e Mol zesummen, fir de Point vun der Situatioun ze maachen.

Obwuel Wandstéiss vun iwwer 100 km/h gemooss goufen, stellen d'Autoritéite fest, datt d'Onwieder als manner schlëmm wéi ausgefall ass.

Aus dësem Grond gëtt d'Alarmstuf Rout um 18 Auer opgehuewen. D'Alarmstuf Orange bleift bis Mëtternuecht bestoen. D'Autoritéite suivéieren d'Entwécklung vun der Lag weiderhi genau.

D'Ekippe vum CGDIS an d'Ponts et Chaussées missten 49 Mol am Zesummenhang mam Onwieder intervenéieren. Et goufe keng Persoune blesséiert.

Et ka weiderhin zu Stéierungen am Verkéier kommen.

D'Ministerin Taina Bofferding seet am Numm vun der Regierung de verschiddene staatlechen Autoritéite Merci fir d'Zesummenaarbecht, souwéi de Beamten a Fräiwëllege fir hir Bereetschaft an hiren Asaz an de leschte Stonnen an der Bevëlkerung, datt si sech un déi offiziell Consignë gehalen hunn.

Communiqué vum Inneministère / Héije Kommissariat fir national Sécherheet / Service fir Krisekommunikatioun

Aktualiséiert