D'Taina Bofferding bei der Initiativ "Resilient Gemengen" am Kader vun der Reductioun vu Katastroferisiken

Enn 2020 huet den Inneministère eng national Plattform fir d'Reductioun vu Katastroferisiken op d'Bee gestallt, déi sech an de Sendai-Aktiounskader (Vereenten Natiounen) aschreift, deen d'Reductioun vun de Katastroferisiken an den Opbau vun enger méi widderstandsfäeger Gesellschaft zum Zil huet. D'Plattform viséiert d'Etüd an d'Analys vu Katastroferisike vun all Moossstaf, Frequenz an Évolutioun, déi duerch natierlech oder duerch de Mënsch verschëlte Phenomener oder duerch Ëmwelt-, Technologie- a biologesch Gefore veruersaacht ginn: wéi ee se verhënneren, wéi ee sech besser drop virbereeden, wéi ee reagéieren an hiren Impakt limitéieren an, schlussendlech, wéi een nees opbaue kann.

©MINT (vu l. no r.) Pol Henrotte, Koordinator vun der Plattform ; Taina Bofferding, Inneministesch
(vu l. no r.) Pol Henrotte, Koordinator vun der Plattform ; Taina Bofferding, Inneministesch

Fir d'Risiken ëmfaassend an iwwergräifend z'erfaassen, wollt d'Inneministesch, Taina Bofferding, vun Ufank un d'Kompetenzen an d'Erfarunge vun de Gemenge mat abezéien, déi no bei de Biergerinnen a Bierger sinn, a sech domat de strategeschen Ziler vun der Initiativ "Making Cities Resilient 2030" vun de Vereenten Natiounen uschléissen. An deem Sënn war haut eng éischt Réunioun vum Aarbechtsgrupp "Communes résilientes", a Form vun enger Visiokonferenz, bei där Vertrieder vu knapp 40 Gemengen dobäi waren.

Den Aarbechtsgrupp "Communes résilientes" stellt eng permanent a participativ Struktur duer, an där sech Staat a Gemenge regelméisseg austausche wäerten, fir e gemeinsame Risikomanagement an eng Reductioun vun de Risiken z'erreechen. Verschidde Gemengen hu scho Prozeduren a Saache Risikoreductioun, déi hëllef- a léierräich fir anerer kënne sinn. D'Taina Bofferding huet drop higewisen, d'Experienze vun de leschte Wiederen an deenen hir Auswierkungen op d'Populatioun géife weisen, dass eng ëmfaassend a koherent Äntwert op Événementer vun all Zort vun entscheedender Bedeitung sinn. De Bäitrag vun de Gemengen ass e wesentleche Bestanddeel dovun. Den Aarbechtsgrupp erméiglecht e Réseau vu Kompetenzen a vu Fachwëssen, e wichtegt Instrument, fir zesummen de Risiko vu Katastrofe méi kleng ze maachen.

Communiqué vum Inneministère

Aktualiséiert