D'Taina Bofferding confirméiert dass d'Ukrain via de Katastropheschutz-Mechanismus vun der EU (UCPM) ënnerstëtzt gëtt

D'Ukrain, déi säit bal enger Woch mat enger Krichssituatioun konfrontéiert ass, huet via de Katastropheschutz-Mechanismus vun der EU (UCPM) eng Demande gemaach fir Hëllef ze kréien. Mat dësem Mechanismus kann déi europäesch Kommissioun d'Liwwerung vun essentielle Gidder koordinéieren, fir d'Zivilbevëlkerung an der Ukrain z'ënnerstëtzen. Domat gëtt un d'Solidaritéit vun de Memberstaate vun der EU appelléiert.

Déi Gidder, déi d'Ukrain ufreet, déngen hirer strategescher Virbereedung fir op all méiglech Zenarien am Hibléck op déi russesch Invasioun kënnen ze reagéieren.

Als Zeeche vun der europäescher Solidaritéit an opgrond vum Ausmooss a vum Eescht vun dësem russesch-ukrainesche Konflikt, ass et fir Lëtzebuerg noutwendeg fir déi ukrainesch Bevëlkerung mat alle méigleche Moyenen z'ënnerstëtzen.

No dësem Hëllefsopruff gouf e graffen Inventaire gemaach vum Material wat Lëtzebuerg zousätzlech zur militärescher Ënnerstëtzung zur Verfügung stelle kéint.

Engersäits kann de Lëtzebuerger Staat d'Ukrain duerch d'Bereetstelle vu Material fir Feierbekämpfung ënnerstëtzen (Schläich, Feierläschpompelen, etc.). Zousätzlech, kënne medezinesch-technesch Ausrüstungen a verschidde Medikamenter (Anästhesiemëttel, Antibiotika, etc.) zur Verfügung gestallt ginn.

D'Direktioun vun der ziviller Sécherheet vum Inneministère, an Zesummenaarbecht mam CGDIS an dem Gesondheetsministère, koordinéiert d'Hëllefsufro an déi entspriechend Äntwert dorop iwwert den 112, den direkte Kontakt vum Centre de coordination de la réaction d'urgence (ERCC) a gläichzäiteg de System iwwert deen d'Hëllefsdemandë vum Katastropheschutz-Mechanismus vun der EU agereecht ginn.

Communiqué vum Inneministère

Aktualiséiert