Tiny Houses

An de leschte Joren ass, op Grond vun den Entwécklungen um Wunnengsmaart a vun der Sich no méi nohaltege Liewensformen, e Wunnengstyp opkomm, deen et bis dohin zu Lëtzebuerg net gouf: déi sougenannt Tiny Haiser.

Definitioun

“En Tiny Haus ass e Gebai, dat amovibel ass a kann demontéiert ginn, wat weder aus festem Mauerwierk nach aus Beton ass, wat eng eenzeg Wunnunitéit duerstellt an eng Bruttobaufläch vu manner wéi 50 Metercarré huet.”

D’Notioun vun Tiny Haiser bezitt sech souwuel op eng alternativ Wunnform, déi zur Mixitéit vu Quartiere bäidréit, wéi och op eng Méiglechkeet, fir séier an effikass vu Broochland ze profitéieren, mat deem soss méi eng laang Zäit näischt geschéie géif.

Op eng Remorque gestallt oder am Buedem festgemaach, complétéiert dësen neie Wunntyp d’Panoplie u verschiddene Wunntypen, déi et bis ewell gouf. Dëse Liichtbautyp kann d’Käschte reduzéieren, awer och eng mëttel- bis laangfristeg Erhéijung vun de Baudensitéiten erlaben. Dës Liichtbautypen droen domat zur Optimiséierung vun der Buedemnotzung bäi.

Et bleift ze preziséieren, dass Equipementer wéi Caravanen, Roulotten oder Zelter net als Tiny Haiser kënne bezeechent ginn, well si dem Artikel 37 vum ofgeännerte Gesetz vum 19. Juli 2004 iwwert den Aménagement Communal an den Développement Urbain no keng Constructioun duerstellen.

Gesetzleche Kader

Zu Lëtzebuerg ass et sou, dass déi aktuell urbanistesch Gemengereglementer nach net adaptéiert sinn, fir dëst neit Liichtbauwunnengskonzept adequat z’encadréieren.

Dofir huet den Inneministère Règlements-type ausgeschafft, fir e gesetzleche Kader ze proposéieren, deen d’Gemengen an hir Urbanismusreglementer integréiere kënnen, spréch d’allgemeng Bebauungspläng (PAG), d’Deelbebauungspläng “neie Quartier” (PAP NQ), d’Deelbebauungspläng “bestoende Quartier” (PAP QE) an d’Bautereglementer (RBVS).

De Guide, deen op dësem Site erofgeluede ka ginn, huet zum Zil, den Inhalt vun de verschiddene proposéierten Texter z’erkläeren, fir hiert Ëmsetzen an, ënner Ëmstänn, hiert Adaptéieren un d’Particularitéiten um Terrain z’erliichteren.

Dëse Site stellt och d’Modulen am Word-Format zur Verfügung, an deenen ë.a. den Ënnerscheed gemaach gëtt tëscht de Modificatiounsprozeduren vun Texter, déi scho bestinn, an de Prozeduren, déi nei Reglementatiounen no sech zéien.

D’Approche, déi hei gewielt gouf, schreift sech an eng Logik vu soft law an, déi dora besteet, Suggestiounen ze formuléieren, déi d’Gemenge fräi sinn ëmzesetzen an ëmzeänneren, amplaz op contraignant Virschrëften zréckzegräifen.

All Modul ass dozou bestëmmt, an déi jeeweileg urbanistesch Gemengereglementer agebaut ze ginn. Souwäit et méiglech ass, si si sou ausgeschafft, dass si all d’Dispositiounen ëmfaassen, déi an dëser Matière z’applizéiere sinn, fir méi eng einfach global Visioun z’erméiglechen, amplaz e bëssen iwwerall an de Reglementer Artikelen dozou stoen ze hunn.

Un de bestehenden Dispositioune vun den urbanistesche Reglementer gëtt net gefréckelt, well déi proposéiert Modificatioune just e Bezuch hunn op Tiny Haiser.

Konklusioun

Duerch dës Règlements-type wëll den Inneministère de Wënsch vu Leit nokommen, déi potenziell un dësem alternativen, nohaltegen a minimalistesche Wunntyp interesséiert sinn, deen och méi abordabel an ekonomesch ass wéi eng klassesch Wunneng, an d’Gemengeresponsabel beim Opstelle vun adaptéierte reglementareschen Dispositioune guidéieren.

Och wann d’Liichtbauwunnenge mat Sécherheet keng definitiv Äntwert op d’Wunnengsmaartkris duerstellen, kënne si awer dozou bäidroen, weider Wunnengen ze schafen op Terrainen, déi soss broochleie géifen.

Zu gudder Lescht kann dës Ouverture eng Diversitéit vu Wunnengen erlaben, déi, duerch d’Erhéijung vun der sozialer Mixitéit, e positiven Impakt op d’Liewensqualitéit an eise Gemenge kann hunn.

Aktualiséiert