Nationale Warnsystem: LU-Alert

Allgemenges

D’Warne vun der Populatioun ass en indispensabelt Instrument, dat et de Biergerinnen a Bierger erméiglecht, sech op e previsibelt oder onprevisibelt Evenement virzebereeden an déi nëtzlech an néideg Virsiichtsmoossnamen zur Protectioun vu Persounen a Gidder z‘ergräifen.

D’Aufgab vun der Warnung vun der Populatioun läit tatsächlech net nëmmen am direkten Handelen, mä och am Virfeld, mam Zil vun der Resilienz an der Preventioun, andeems se sech z.B. op meteorologesch oder hydrologesch Previsioune stäipt.

Fir en ëmfaassenden, landeswäiten, multikanalen a  performante System z‘erreechen, leeft zur Zäit e Projet fir d’Installéiere vun engem neie Warnsystem, deem säin zentrale Punkt eng Warnplattform wäert sinn, déi et alle relevante staatlechen Acteuren erméiglecht, Warnmeldungen iwwer verschidde Kanäl ze verbreeden.

Bis elo gëtt et zu Lëtzebuerg d’mobil Applicatioun "GouvAlert.lu", déi 2018 agefouert gouf, an en nationalen a regionalen SMS-System, d.h. en direkte Warnsystem, deen duerch d’Verbreede vu Warnungen iwwert d‘national Medien a sozial Netzwierker complétéiert gouf.

Dobäi kënnt an Zukunft eng op Zellularfunk baséierend Technologie, de "Cell Broadcast", nodeems déi noutwenneg Infrastrukturaarbechte bei de Mobilfunknetzbedreiwer (MNO) an Ofsprooch mat der, fir d’Installéiere vun der Warnplattform zoustänneger Entreprise, duerchgefouert goufen.

Zukünftegen Internetsite “lu-alert.lu”

E weidert wichtegt Element vum Warn- an Informatiounssystem fir d’Bevëlkerung un deem den Inneministère, an Zesummenaarbecht mam Centre des technologies de l’information de l’Etat (CTIE), momentan schafft, ass d’Schafe vum zukünftegen Internetsite “lu-alert.lu”.

An Zukunft kënnen all d’Warnungen, déi vun de staatlechen Autoritéite verschéckt ginn, op dësem Internetsite consultéiert ginn. De Site wäert deemno eng Iwwersiicht iwwert di aktuell an di vergaange Warnunge ginn an ass domat en nëtzlecht Mëttel fir d’Authentizitéit vun de Warnungen z’iwwerpréiwen, déi een iwwer aner Warnkanäl (z. B. eng SMS) kritt huet. Den Internetsite wäert et och deene Leit, déi keen Handy hunn, erlabe fir sech iwwer d’Warnungen z’informéieren.

Doriwwer eraus wäerten um Internetsite Informatiounen iwwert de Fonctionnement vum Warn- an Informatiounssystem stoen, souwéi déi verschidde Moyenen, déi zu Lëtzebuerg benotzt gi fir d’Bevëlkerung ze warnen.

D’Zil vum Internetsite ass et fir d’Resilienz vun der Bevëlkerung duerch transparent, aktuell a liicht zougänglech Informatiounen ze stäerken.

Hëlleft eis, den zukünftegen Internetsite “lu-alert.lu” gutt ze strukturéieren

Well den zukünftegen Internetsite “lu-alert.lu” sech un d’Allgemengheet riicht, muss dësen een intuitive Gebrauch garantéieren. Fir z’évaluéieren, wéi einfach d’Navigatioun um Site “lu-alert.lu” ass, gouf, an Zesummenaarbecht mam CTIE, ee sougenannten “tree testing” entwéckelt. Mat dëser Method gëtt d’Sich no Informatiounen an enger vereinfachter Navigatiounsstruktur, ouni visuell oder grafesch Elementer, simuléiert, andeems de Participanten einfach Aufgabe gestallt ginn.

Dir sidd invitéiert fir bei dësem “tree testing” matzemaachen. D’Äntwerten, déi Dir an dësem Test gitt, wäerten eis dobäi hëllefe fir z’evaluéiere wéi gutt déi gesichten Informatiounen um Site “lu-alert.lu” zougänglech sinn.

Är Participatioun ass anonym an dauert ongeféier 10 Minutten.

Maacht vun elo u bei Test mat. De Link ass bis de 26. Mäerz 2024 zougänglech.

FAQ : Froen / Äntwerten

Gi vum Staat perséinlech Donnéeë gesammelt?

Am Kader vum Warnsystem gi vum Stat keng perséinlech Donnéeë gesammelt oder gespäichert.

Wat fir Warnkanäl ginn et?

D‘Warnstrategie vun der Regierung baséiert op engem Méikanalusaz, deen zum Zil huet, d‘territorial Ofdeckung a Bezuch op den Ëmfank vun der Warnung ze maximéieren a souvill Persoune wéi méiglech z‘erreechen. An deem Sënn a jee no Situatioun kënne Warnungen diffuséiert ginniwwer:

  • Regierungswebsäiten (z.B. meteolux.lu, inondations.lu);
  • d‘Press: Radio, Tëlee, Websäiten a mobil Applicatioune vun de Medien;
  • sozial Netzwierker;
  • mobil Applicatiounen, wéi z.B. GouvAlert;
  • SMSen;
  • Sirenen (zur Zäit nëmme bei nukleare Warnunge virgesinn);
  • an Zukunft de Cell Broadcast.

Duerch d’Pluralitéit an d’Diversitéit vun de Warnmëttele gëtt séchergestallt, dass eng Warnung souvill Persoune wéi méiglech erreecht.

Muss ee sech registréieren, fir Warnunge via SMS ze kréien?

Neen. D’Mobilfunknetzbedreiwer si fir d’Verbreede vu Warnunge via SMS zoustänneg. 

Wéi ginn SMS-Warnunge verbreet?

Soubal eng Administratioun décidéiert, fir d’Populatioun ze warnen, ginn d’Mobilfunknetzbedreiwer  vun där Administratioun beoptraagt, fir eng SMS un all Persoun ze schécken, déi sech um Lëtzebuerger Territoire (bei enger nationaler Warnung) oder an enger bestëmmter Zon (bei enger regionaler Warnung) ophält. De Stat kritt keng perséinlech Donnéeën.

Ginn SMS-Warnungen och un Handye geschéckt, déi vun net-lëtzebuergeschen Mobilfunknetzbedreiwer bedriwwe ginn (Touristen, Frontalieren, Visiteuren...)?

Jo, wann d‘Persounen zum Zäitpunkt vum Verschécke vun der Warnung am concernéierte Gebitt sinn a mat engem lëtzebuergesche Mobilfunknetz verbonne sinn.

Firwat hunn ech bei enger Warnung oder engem Test keng SMS kritt?

D’Mobilfunknetzbedreiwer schécken eng SMS un all Persoun, déi zum Zäitpunkt vum Verschécke vun der Warnung mat engem lëtzebuergeschen Mobilfunknetz verbonne sinn. Et kann e puer Grënn dofir ginn, firwat eng SMS net ëmfaange gouf:

  • wann Dir an enger Grenzregioun sidd, ass et méiglech, dass Ären Handy mam Mobilfunknetz vun engem Nopeschgebitt verbonnen ass, och wann Dir physesch am Zilgebitt sidd;
  • wann Ären Handy beim Schécke vun der Warnung entweder aus oder am Flugmodus ass;
  • Ären Handy war beim Schécke vun der Warnung net mam Netz verbonnen (schwaacht Netz a bestëmmte Regiounen, a Gebaier, Kelleren, Garagen oder Änlechem);
  • Dir sidd zum Zäitpunkt vun der Warnung net am alarméierte Gebitt oder waart am Ausland;
  • Verschidde Messaging Applikatioune kënnen SMSe vun onbekannten Absender als Spam markéieren. Iwwerpréift reegelméisseg äre Spam-Fichier.

E gewëssen Délai tëscht dem Schécke vun der Warnung duerch D’Mobilfunknetzbedreiwer an dem Ëmfank vun der Warnung kann normal sinn. Dësen Délai wäert awer mam Aféiere vun der "Cell Broadast"-Technologie staark reduzéiert ginn.

Downloade vun der mobiller Applicatioun „GouvAlert“

Déi mobil Applicatioun „GouvAlert“ kann een am „App Store“ und bei „Google Play“ eroflueden. Reegelméisseg Updates vun der Applicatioun garantéieren hire reibungslose Betrib.

Wann Dir keng Notifikatioun op d'Applikatioun GouvAlert (Android) kritt hutt, da kontrolléiert w.e.g. déi folgend Astellungen:

1. Gitt an d'Astellungen

2. Sicht no « sleep » ou « veille »

3. Wielt « Applications en veille profonde » aus

4. Wielt « Applications jamais en veille » aus

5. Wielt GouvAlert.lu an der Lëscht aus a klickt op Ajouter

A wat fir enge Situatioune ginn SMS-Warnunge geschéckt?

Wann z.B. MeteoLux oder d’Waasserwirtschaftsamt (AGE) dovun ausginn, datt e meteorologescht Evenement oder eng Iwwerschwemmung eng onmëttelbar Gefor fir d’Bevëlkerung duerstellt, kënnen dës Autoritéiten d’Bevëlkerung iwwert verschidde Kanäl warnen.

Am Prinzip gi Warnungen iwwert meteorologesch Evenementer oder Iwwerschwemmsrisiken iwwert d’Websäite vum Staat an d’Medien diffuséiert. Wann d’Auswierkunge vum Evenement awer eng Gefor fir e groussen Deel vun der Bevëlkerung duerstellen, kann och eng Alerte via SMS verschéckt ginn.

A wat fir enge Situatioune ginn d’Sireene benotzt?

Am Fall vun engem nuklearen oder radiologeschen Accident gëtt d’Lëtzebuerger Populatioun iwwert d‘nationaalt Sireenennetz gewarnt.

Jee no den Ëmstänn (Wandrichtung oder -vitesse, Ausmooss vum Fräisetzen...) ginn déi 3 Signaler no Regioun, Gemeng oder Uertschaft ausgeléist.

D‘Alarme ginn net automatesch um ganze Statsterritoire ausgeléist, mä just a potenzielle Geforegebidder.

Den "Atomalarm" besteet aus 3 Zorte vu Signaler:

  • Viralarm: Wann eng radioaktiv Contaminatioun an engem oder e puer Secteure méiglech, awer net eminent ass, senden d‘Alarmsirenen d‘Signal "Viralarm", dat aus engem moduléierten Toun besteet, deen eng Minutt dauert.

  • Nuklearalarm: Wann eng radioaktiv Contaminatioun an engem oder e puer Secteuren eminent ass, senden d‘Alarmsirenen d‘Signal "Nuklearalarm", dat aus engem moduléierten Toun vun enger Minutt mat zwou Pause vun all Kéiers 12 Sekonne besteet.

  • Enn vum Alarm: D’Enn vun engem Alarm gëtt vun de Sireen mam Signal "Enn vum Alarm" ugewisen, dat aus engem Toun besteet, deen eng Minutt dauert.

All 1. Méinde vum Mount test d‘Regierung d’Sireenennetz, dat am ganze Land installéiert ass. D‘Zil vun dëse regelméissegen Tester ass et, d’Fonctiounsfäegkeet vun dësem Mëttel fir d‘Warnung vun der Populatioun ze garantéieren.

Wéi gesäit d‘Strategie fir den Test vum Warnsystem aus?

D‘Teststrategie, déi d‘Regierung sech ginn huet, orientéiert sech um Test vum Sireenennetz, deen all 1. Méinde vum Mount géint der Mëtteg ass an deem säin Zil zanter Joren dora besteet, d‘Fonctionnalitéit vun dësem Warnmëttel z‘iwwerpréifen. Am Hibléck op d‘Wichtegkeet, eng gutt informéiert Populatioun ze hunn, goufen d‘Tester op aner Warnkanäl, wéi z.B. regional SMSen, ausgedeent.

Beim Test vum SMS-System (national oder regional) gëtt vun 12 Auer mëttes un dës SMS verschéckt: "LU-ALERT / ALERTE TEST / NO ACTION REQUIRED / AUCUNE ACTION REQUISE / KEINE HANDLUNG ERFORDERLICH / INFOS: GD.LU/LU-ALERT".

D‘Zil vun der Teststrategie ass et, d‘Fonctionnalitéit vun de verschiddene Warnkanäl z‘iwwerpréifen, méiglech Verbesserungspunkten z‘identifizéieren a v.a. d‘Biergerinnen a Bierger fir d’Notze vun de Warnkanäl ze sensibiliséieren. D‘Teststrategie, déi laangfristeg ugeluegt ass a reegelméisseg duerchgefouert wäert ginn, huet d’Zil, d’Resilienz vun der Populatioun vis-à-vis vun Nout- a Krisesituationen, déi sech op d‘ëffentlech Sécherheet auswierke kéinten, ze garantéieren.

Am Sënn vun enger permanenter Verbesserung ginn d‘Adressate gebieden, der Regierung hiren eventuelle Feedback un dës Adress ze schécken: lu-alert@mai.etat.lu

Aktualiséiert