Politesche Congé vu Gewielten op Gemengenniveau

D’Buergermeeschteren, Schäffen a Gemengeconseilleren hunn e Recht op politesche Congé fir déi Stonnen, déi si fir den Exercice vun hirem politesche Mandat opbréngen. D'Recht op politesche Congé baséiert op den Artikelen 78 bis 81 vum ofgeännerte Gemengegesetz vum 13. Dezember 1988.

Wann d‘Buergermeeschteren, Schäffen a Gemengeconseilleren, déi manner wéi 65 Joer hunn, Indépendante sinn oder wa se kee Beruff hunn an net vun engem Régime statutaire profitéieren, kréie si eng pauschal Indemnitéit (e Forfait), fir déi Zäit ze kompenséieren, déi si an hiert politescht Mandat investéieren. Wa si fir e Patron schaffen, gëtt dem Employeur e Montant zréckbezuelt, deen der Bruttopai entsprécht plus de Patronscotisatiounen, déi un d’Organisme vun der Sécurité sociale ginn, fir déi Zäit, déi si feele fir hirem politesche Mandat nozekommen. Déi entspriechend Ausféierungsmodalitéite sinn am ofgeännerte groussherzolgleche Reglement vum 6. Dezember 1989 (konsolidéiert Versioun) festgehalen.

Donieft hunn d’Buergermeeschteren a Schäffen d'Recht op eng fest Indemnitéit, déi der Unzuel u Membere vum Gemengerot Rechnung dréit. D’maximal Montante ginn iwwer e Règlement grand-ducal fixéiert. Dës Indemnitéiten decken all d’Fräen of, déi un der Fonctioun hänken, mat Ausnam vun de Frais de route an de Frais de séjour, souwéi den Telefonsfräen, déi kënnen zréckbezuelt ginn. Verschidde Gemenge stellen dem Buergermeeschter en Auto zur Verfügung.

D’Gemengeconseillere kréie Jetons de présence fir hir Participatioun un de Gemengerotssëtzungen.

Politesche Congé vum Joer 2023

D’Demanden dofir kënne bis den 30. September 2024 entweder elektronesch iwwert d’Plattform MyGuichet vum Portail Guichet.lu oder iwwert de Postwee via d'Formulairen an der Rubrik "Formulaires" vum Portail Guichet.lu agereecht ginn.

Demande fir d’Zréckbezuelen

Dës Démarche betrëfft d’Gewielten op Gemengenniveau an hir Employeuren. Konkret kann den Employeur vun engem Gewielte beim Inneministère eng Demande de remboursement fir de politesche Congé vum Joer 2023 virum 30. September 2024 eraginn.

Entschiedegungsdemande

D’Gewielten, déi Indépendant sinn, an d’Leit ouni Beruff, déi net vun engem Régime statutaire profitéieren a manner wéi 65 Joer hunn, kënne virum 30. September 2024 eng Demande d'indemnisation eraginn, bei déi si de Certificat d'affiliation (CSSS) bäileeën.

Aktualiséiert