Conseil supérieur vun der ziviller Sécherheet

Entspriechend dem Artikel 103 vum ofgeännerte Gesetz vum 27. Mäerz 2018 iwwert d’Organisatioun vun der ziviller Sécherheet gouf vum Minister e Conseil supérieur vun der ziviller Sécherheet agesat, deen als Missioun huet, säin Avis ofzeginn zu alle Froen a Relatioun mat Missioune vun der ziviller Sécherheet.

De Conseil supérieur kann dem Minister aus eegener Initiativ eraus Propositioune maachen am Hibléck op d'Organisatioun an de Fonctionnement vun de Rettungsdéngschter.

De Conseil supérieur vun der ziviller Sécherheet besteet aus 15 Memberen, déi vum zoustännege Minister genannt an ausgewielt ginn op Grond vun hire Kompetenzen an Erfahrungen a Saachen zivil Sécherheet, Rettung vu Leit, dringend medezinesch Hëllef, Préventioun a Lutte géint Feieren oder Planificatioun vun den Urgencen a vun de Rettungsinterventiounen.

Membere vum Conseil supérieur vun der ziviller Sécherheet sinn:

Madamm Béatrice Abondio, Premier Conseiller de Gouvernement am Ministère fir bannenzeg Sécherheet;
Här Alain Becker, Premier Conseiller de Gouvernement am Inneministère;
Dokter Jean Bisdorff, fréiere Medeziner vum Service d’aide médicale urgente (SAMU);
Madamm Daniela Collas, Infirmière an der Anesthesie an der Réanimatioun a Cheffin vum Département am Centre Hospitalier de Luxembourg (CHL);
Madamm Marianne Donven, Expär a Saachen humanitäre Bäistand (emergency.lu);
Här Yves Elsen, Generaldirekter vun HITEC Luxembourg;
Här Luc Feller, Haut-commissaire à la protection nationale;
Här Pol Henrotte, Conseiller de Gouvernement adjoint am Inneministère a Coordinateur vun der Nationaler Plattform fir d'Reduktioun Katastroferisiken;
Professer Gilbert Massard, Direkter vun der Éducation médicale op der Université du Luxembourg;
10° Här Gast Molling, fréieren Zenterchef;
11° Madamm Aline Muller, Generaldirectrice vum Luxembourg Institute of Socio-Economic Research (LISER);
12° Madamm Martina Reckwerth, Administration de la navigation aérienne, Cheffin vum Département météorologique (MeteoLux);
13° Madamm Jennifer Saffran, Apdiktesch;
14° Här Paul Schroeder, Generaldirekter vum Corps grand-ducal d’incendie et de secours;
15° Här Charles Zanter, fréiere Chef de zone adjoint vun der Zone de secours Nord.

 

Den Här Alain Becker, Premier Conseiller de Gouvernement am Inneministère ass President vum Conseil supérieur vun der ziviller Sécherheet an den Här Daniel Schmitz, Gestionnaire dirigeant am Inneministère, Sekretär.

Aktualiséiert