En Dampmelder ka Liewe retten! Den Inneministère erënnert un d'Installatiounsflicht

"En Dampmelder ka Liewe retten!"

Ee Joer nom Akraafttriede vum Gesetz, nodeem d'Bewunner vun engem Gebai verflicht sinn en Dampmelder an de Fluchtweeër an an de Schlofkummeren z'installéieren[1], erënnert den Inneminister Léon Gloden nach eemol un d'Wichtegkeet vun dëser Moossnam: "Duerch dësen techneschen Tool kann e méigleche Brand sou fréi wéi méiglech detektéiert ginn. En ass zougänglech, a kann all Betraffene warnen a schützen."

Den Dampmelder ass besonnesch bei engem Nuetsbrand immens wichteg. Duerch den Damp, ginn d'Affer net wakereg, ganz am Géigendeel. Dobäi kënne si eng Dampvergëftung erleiden. Zu Lëtzebuerg, stierft am Duerchschnëtt eng Persoun pro Joer un de Suitte vun enger Dampvergëftung.

Säit dem 1. Januar 2023, sinn Dampmelder an all Gebai, wou mindestens eng Wunneng dran ass, Flicht. Fir ze garantéieren, dass d'Dampmelder richteg funktionéieren, ass et wichteg se reegelméisseg z'iwwerpréiwen a bei Bedarf d'Batterien ze wiesselen.

Weider Informatiounen zu den Dampmelder an zu hirer Installatioun, fannt Dir op www.rauchmelder.lu.

Communiqué vum Inneministère

 

 

[1] Gesetz vum 6. Dezember 2019 iwwert déi obligatoresch Installatioun vun autonomen Dampmelder fir Gebaier vu mindestens enger Wunneng, wat d'Gesetz vum 27. Juli 1997 iwwert de Versécherungskontrakt ännert.

Aktualiséiert