Test vum nationale Warnsystem: Sireenen, Test-Noriicht op d'GouvAlert-App an onugekënnegt zonal Warn-SMS

Am Kader vum Iwwerschaffe vum Warnsystem fir d'Populatioun fiert d'Regierung mécht d'Regierung säit Mee 2022 reegelméisseg Tester. Dëst geschitt all éischte Méindeg vum Mount mam Test vum Sireennenetz a mam Verschécke vun enger Warn-SMS un d'Bevëlkerung bannent enger bestëmmter Zon, sou wéi mat engem Test-Message iwwert d'GouvAlert.

De 5. Juni 2023 wäerten den Test vun de Sireenen a vun der GouvAlert (national Test-Noriicht) wéi gewinnt stattfannen.

Allerdéngs ginn d'Tester vun der zonaler Warn-SMS net méi am Viraus ugekënnegt, fir een allzäit performanten, effektiven an effiziente Warnsystem erzilen ze kënnen. Dëst wäert et de Bedreiwer vun Handysreseauen erméiglechen, an enger reeller Situatioun op een Evenement ze reagéieren, dat eng direkt a spontan Warnung vun der Populatioun ausléist.

Et sief ervirgehuewen, dass am Kader vun den Tester vum Warnsystem fir d'Bevëlkerung keng perséinlech Donnéeë vum Staat gesammelt oder stockéiert ginn. Dobäi kënnt dass, fir sécherzestellen dass déi reell Warnmessagen an d'Test-Warnmessagen auserneegehale kënne ginn, de Passage "No action required / Aucune action requise / Keine Handlung erforderlich" just an den Testmessagen ernimmt gëtt.

Et sief nach preziséiert, datt tëschent dem Verschécken an dem Erhale vum Testmessage eng bestëmmten Zäit ka vergoen, wat erkläert, datt net all d'Bierger de Message zum selwechten Zäitpunkt kréien. Et geet een dovunner aus, datt keen eenzele Kommunikatiounskanal eng honnertprozenteg Ofdeckung kann erreechen. Fir awer op eng zefriddestellend Ofdeckung ze kommen, gëtt dorunner erënnert, datt d'Regierung sech fir eng Approche mat verschiddene Kanäl entscheet huet, wat schlussendlech dozou féiere wäert, datt esou vill Leit wéi méiglech kënnen erreecht ginn an deem een d'Stäerkte vun de verschiddene Kommunikatiounskanäl kombinéiert. ​

D'Zil vun dësem Test ass et, sech vun der Fonctionnalitéit vun de verschiddene Warnkanäl z'iwwerzeegen, eventuell verbesserungswierdeg Punkten z'identifizéieren an, virun allem, d'Biergerinnen a Bierger fir d'Benotze vun de Warnkanäl ze sensibiliséieren. D'Teststrategie, déi laangfristeg a reegelméisseg soll duerchgespillt ginn, huet zum Zil, zur Widderstandsfäegkeet vun der Populatioun bäizedroen am Hibléck op Nout- oder Krisefäll, déi en Impakt op d'ëffentlech Sécherheet kéinten hunn.

Zousätzlech Informatiounen an een FAQ sinn ënner folgendem Link ze fannen: Nationale Warnsystem: LU-Alert.

Communiqué vum Inneministère, dem Staatsministère an dem Héije Kommissariat fir national Sécherheet (HCPN)

Aktualiséiert