Generaldirektioun fir bannenzeg Sécherheet

D'Generaldirektioun fir bannenzeg Sécherheet (DGSI) ass fir d'Ëmsetzung an d'Koordinatioun vun der allgemenger Politik am Beräich vun der bannenzeger Sécherheet zu Lëtzebuerg zoustänneg an assuréiert donieft och d'Preparatioun an de Suivi vun nationalen an internationale Reuniounen am Beräich vun der bannenzeger Sécherheet.

D'Zil vun dëser Politik ass et, d'Sécherheet fir déi gesamt Bevëlkerung z'assuréieren an den Erausfuerderunge vun eiser Zäit gerecht ze ginn, an dat ënnert engem staarke Rechtsstaat. Fir seng Missioun z'erfëllen huet d'DGSI sech dräi Prioritéite fixéiert: e massiivt Rekrutement bei der Police, Investissementer, Reform- a Moderniséierungsprojeten, an d'Uwendung vum Prinzip vun der gedeelter Responsabilitéit.

Den Inneminister agéiert als "Ministre de tutelle" vun der Groussherzoglecher Police a vun der Generalinspektioun vun der Police (IGP). Seng Attributioune sinn am Arrêté grand-ducal iwwert d'Constitutioun vun de Ministère festgeluecht.

Well Kriminalitéit keng Grenze kennt, gëtt eng Rei Verträg, Konventiounen oder Ofkommes, déi d'Zesummenaarbecht tëschent de Policeverwaltunge vu verschiddene Länner fërderen, souwéi déi géigesäiteg Ënnerstëtzung an den Austausch vun Informatiounen am Kader vun enger effizienter Kooperatioun favoriséieren. D'DGSI ass och fir d'Verhandlung an d'Fërderung vun dëse verschiddene Kollaboratiounen zoustänneg.

 

Aktualiséiert