Generaldirektioun vun der ziviller Sécherheet

D’Generaldirektioun vun der ziviller Sécherheet ass mat der Koordinatioun vun de Rettungsdéngschter befaasst. Si schafft enk mam Corps grand-ducal d’incendie et de secours «CGDIS» zesummen, deen duerch d’Loi modifiée du 27 mars 2018 portant organisation de la sécurité civile geschafe gouf, op nationalem Plang zoustänneg ass fir d’Organisatioun an d’operationell an territorial Gestioun vun de Rettungsdéngschter an ënnert der Tutelle vum Inneminister steet.

D’Generaldirektioun vun der ziviller Sécherheet ass befaasst mat:

  • dem Ausschaffe vum Plan national d’organisation des secours (PNOS);
  • dem Ausstelle vu ministeriellen Agremente fir Formatiounsorganismen a Saache Rettungswiesen a fir Associatiounen a Rettungsorganismen, déi d’zivil Sécherheet zum Zil hunn;
  • dem Fixéiere vu Formatiounsprogrammer an -inhalter a Saache Rettungswiesen, déi sech fir d’CGDIS-Agenten an d’Formatiounsorganismen imposéieren;
  • der Présidence an der Koordinatioun vun der nationaler Plattform fir d'Reduktioun vu Katastropherisiken;
  • den internationale Bezéiungen a Saachen zivil Sécherheet, dorënner d’Aushandele vun europäeschen Accoren, déi zu europäesche Reglementer an Direktive féieren, dem Ausschaffen an Ënnerzeechne vu bilaterale Konventiounen oder dem Bäibehale vun engem regelméissege Kontakt mat den Nopesch- an europäesche Länner, fir d’Verbesserung an d’Fërderung vun de grenziwwerschreidende Relatiounen a Saache Rettungswiesen.

Op Basis vum uewe genannte Gesetz vum 27. Mäerz 2018 ass de Minister och zoustänneg fir den Déploiement vum Groupe d’intervention spécialisé (GIS) vum CGDIS, dee mat humanitäre Missioune befaasst ass (Humanitarian Intervention Team), a gëtt den Uerder fir sou Interventiounen, woubäi de Kooperatiounsminister ëm säin Avis gefrot gëtt.

 

Aktualiséiert