Gemengefusiounen

D’Gemengefusioune stellen e Mëttel duer, fir ganz konkret Ziler am Intressi vun de Gemengen a vun de Bierger ze realiséieren. Wat sinn d’Avantagen, déi eng Fusioun enger Gemeng brénge kann?

D’Avantagë vun enger Fusioun

Et geet v.a. drëms:

  • an all Gemeng vum Land Servicer vun héijer Qualitéit z’offréieren;
  • d’Effikassitéit an d’Wierkung vun de Missiounen déi z’erfëlle sinn, z’erhéijen, duerch eng méi ëmfaassend a méi professionell lokal Verwaltung, an deene verschiddensten Domainer;
  • d’Professionalisatioun vun de politesche Mandater z’erméiglechen;
  • d’kommunal Autonomie ze stäerken;
  • d’Sous-traitance vun der Gestioun vu verschiddenen interkommunale Projeten z’évitéieren an eng méi direkt an transparent Gestioun ze favoriséieren;
  • d’regional Entwécklung ze verbesseren;
  • d’Demokratie an d’lokal politesch Transparenz ze stäerken;
  • e Plus un administrativer a finanzieller Effizienz fir d’Gemengen z’erreechen;
  • mëttelfristeg Suen ze spueren a Gemengen ze schafen, déi finanziell méi staark a stabel sinn.

A Gespréicher mat Responsabelë vu fusionnéierte Gemengen hunn déi dës Constate gemaach:

  • e qualitative Changement, wat de Fonctionnement vun de Gemengeservicer ugeet, op Grond vum Ausbau vun den administrativen an technesche Strukturen;
  • Synergien, déi et erméiglechen, nei Servicer ze schafen oder méi eng grouss Spezialisatioun vun den Aufgaben anzeféieren;
  • en Erhéije vun de finanzielle Mëttelen, fir der Populatioun verschidde Servicer z’offréieren;
  • eng nei Dynamik fir d’konsultativ Kommissiounen an d’lokal Associatiounen;
  • e Stäerke vun der kommunaler Autonomie.

De Fusiounsprozess

All Gemengefusioun ass eenzegaarteg.

Et gëtt keng am Viraus bestëmmte Prozedur. Allerdings mussen all d’Gemengen, déi sou en Exercice op sech huelen, fréier oder spéider verschidden obligatoresch Etappen duerchlafen. Dëst Kapitel beschreift déi Etappen an ënnerstëtzt d’Gemenge bei der Duerchféierung dovun, déi zur Fusioun féiere soll.

Fir de Fusiounsprozess kloer ze strukturéieren a fir ze garantéieren, dass keng Etapp vergiess gëtt, soll e Retro-planning gemaach ginn, deen essentiel ass, fir de Fusiounsprojet zu engem gudden Enn ze bréngen.

Vum Vote iwwert d’Absicht fir ze fusionéieren un, muss een am Prinzip 12 bis 18 Méint aplangen, bis eng Fusioun Realitéit ass. Dofir sollt de Referendum iwwer eng Fusioun idealerweis e Joer virum Akraafttriede vun der Fusioun sinn.

Mat der Prozedur, fir e Referendum z’organiséieren, sollt deemno op d’mannst 3 Méint virum Datum vum Referendum ugefaange ginn, fir d’Délaien ze respektéieren, déi dat modifizéiert Walgesetz vum 18. Februar 2003 virgesäit, v.a. wat d’Fixéiere vun de Wallëschten an d’Bréifwal ugeet.

De Fusiounsprozess ënnerdeelt sech an 3 verschidde Phasen:

D’Virbereedungsphas

Am Prinzip geet d’Initiativ, fir eng Gemengefusioun ze thematiséieren, vum Schäfferot aus.

Dee Moment ka sech d’Fro stellen, ob et nëtzlech ass, fir eng 1. Analys vun de Vir- an Nodeeler vun enger Fusioun ze maachen. An der Praxis huet sech sou eng Analys a verschiddene Gemengen als iwwerflësseg erwisen, well de Wëllen, respektiv d’Nécessitéit fir ze fusionéieren eendeiteg waren.

D’selwecht ass et, wat d’Identifizéiere vun engem oder méi Fusiounspartner betrëfft: D’Zesummenaarbechten tëscht Gemengen, déi et scho gouf, si munchmol scho sou enk, dass sech déi Fro net méi stellt.

Wann, am Géigenzuch, am Gemengerot Froe bestinn, respektiv Zweifelen, dann ass eng déifgräifend Analys recommandéiert.

D’Analys besteet am Prinzip aus zwee Deeler:

  1. aus enger Analys vun de Stäerkten a Schwächte vun der aktueller Situation vun der Gemeng, op Basis vun engem Inventaire vun deem wat et gëtt (Qualitéit an Unzuel u Servicer, déi der Populatioun offréiert ginn, Zoustand an Disponibilitéit vun den Infrastrukturen…), vun de Geleeënheeten a Risiken, mat deene si an Zukunft konfrontéiert gëtt (Entwécklungspotenzial, Positionéieren an der Regioun…), vum Resultat, dat ee sech vun enger eventueller Fusioun erwaart;
  2. aus enger Evaluation vun de potenzielle Fusiounspartner.
D’prozedural Phas

Dës Phas resuméiert d’prozedural Etappen, déi d’Gemengen duerchlafe mussen, fir hire Fusiounsprojet zu engem gudden Enn ze bréngen.

  1. Votte vun de Gemengeréit iwwert d’Duerchféiere vu Sondéierungsgespréicher
    > Verschécke vum Resultat zur Informatioun un den Inneminister
  2. Gemeinsam Analys vun de Vir- an Nodeeler vun enger Fusioun
    Eventuell Consultatioune vun de Gemengekommissiounen, de lokalen Associatiounen oder der Populatioun (Aarbechtsgruppen, Workshopen, Ëmfroen, asw.)
  3. Definitioun vu gemeinsamen Zukunftsprojeten a vun enger gemeinsamer Identitéit
    Politesch an administrativ Organisatioun vun der neier Gemeng: Numm, Wopen, Personal, Benotze vum Spezialsubsid vum Staat, Zesummesetze vum zukënftege Schäffen- a Gemengerot, Walen (System vun der relativer Majoritéit), Iwwerganksphasen, asw.
  4. Votte vun de Gemengeréit iwwert d’Absicht fir ze fusionnéieren
    > Verschécke vum Resultat zur Informatioun un den Inneminister
  5. Ausschaffe vum Konventiounsprojet vun der Fusioun tëscht dem Staat an de Gemengen
  6. Ënnerzeechne vun der Konventioun duerch den Inneminister an d’Schäfferéit
  7. Ausschaffe vum Avant-projet de loi zur Fusioun duerch den Inneminister
  8. Votte vun de Gemengeréit am Hibléck op d’Organiséiere vun engem Referendum
    > Verschécke vum Resultat zur Informatioun un den Inneminister
  9. Presentatioun vum Fusiounsprojet a Kommunikatioun mat der Populatioun
    Broschüren, Informatiounsversammlungen, sozial Réseauen, asw.
  10. Referendum
  11. Votte vun de Gemengeréit iwwert:
    - d’Fusioun
    - d’Fusiounskonventioun
    - den Avant-projet de loi iwwert d’Fusioun
    > Verschécke vum Resultat zur Informatioun un den Inneminister
  12. Dépôt vum Gesetzesprojet iwwert d’Fusioun an der Chamber, duerch den Inneminister
  13. Vote an der Chamber a Publicatioun vum Gesetz iwwert d’Fusioun
  14. Akraafttriede vun der Fusioun
    zum Datum, deen am Gesetz iwwert d’Fusioun fixéiert ass

Votte vun de Gemengeréit iwwert d’Duerchféiere vu Sondéierungsgespréicher

De Gemengerot kann de Schäfferot domat chargéieren, fir Sondéierungsgespréicher mat der oder de Partnergemengen ze féieren.

De Vote doriwwer, och wann en net onwidderrufflech bedeit, dass d’Gemeng fusionéiere wäert, dréckt de ferme Wonsch vum Gemengerot aus, op de Wee vun enger Fusioun ze goen. Och wann d’Unanimitéit am Gemengerot net noutwendeg ass, berouegt et awer fir d’Suite, wann de Vote vun enger breeder Majoritéit vun de Gemengerotsmembere gedroe gëtt.

D’potenziell Partnergemenge stëmmen och of iwwert d’Duerchféiere vu Sondéierungs-gespréicher.

Et huet sech donieft als noutwendeg erwisen, fir zu deem Moment d’Gemengepersonal z’informéieren an z’implizéieren, v.a. wat d’Ängschten am Zesummenhank mat der zukënfteger Beruffssituatioun ugeet.

Sou kann d’Gemengepersonal schonn aktiv beim Fusiounsprozess matmaachen, v.a. andeems et säi Wëssen iwwert d’Spezifissitéite vun der Gemeng mat abréngt.

Gemeinsam Analys vun de Vir- an Nodeeler vun enger Fusioun

Wann d’Votten iwwert d’Duerchféiere vu Sondéierungsgespréicher ofgeschloss sinn, kënnt et zu enger gemeinsamer Analys vun de Vir- an Nodeeler vun enger Fusioun vun de betraffene Gemengen.

Et gëtt kee standardiséierte Mode d’emploi fir dës Phas. Zwou Méiglechkeete kënne sech presentéieren:

  • Et gëtt vun Ufank un tëscht de Gemengerotsmemberen iwwereneestëmmend Meenungen, wat den Intressi fir ze fusionéieren ugeet. An deem Fall kann eng kuerz Analys vun den Haaptelementer vun enger Fusioun duergoen.
  • Wann awer e puer Gemengerotsmemberen net décidéiert oder retizent sinn, wat d’Iddi vun enger Fusioun betrëfft, ass eng detailléiert Analys vun de Vir- an Nodeeler vun enger Fusion ze recommandéieren.

Definitioun vu gemeinsamen Zukunftsprojeten a vun enger gemeinsamer Identitéit

Eng Gemengefusioun stellt eng eemoleg Chance duer, fir nei Projeten am Intressi vun de Bierger ze lancéieren. An där Etapp ginn déi gemeinsam Zukunftsprojete fir déi nei Gemeng ausgeschafft.

Et ass ze recommandéieren, dass et reegelméisseg zu interkommunale Réunioune kënnt, entspriechend engem festgeluechte Kalenner a mat prezisen Dagesuerdnungen. Dës Réunione ginn üblecherweis vun de Schäfferéit virbereet an, wann et muss sinn, duerch extern Expäre begleet (Inneministère, SYVICOL oder anerer).

Zu verschiddenen Aspekter vun der Fusioun kann et schwireg ginn, fir en Accord tëscht de Gemengen ze fannen (z.B. zum Numm vun der Fusiounsgemeng, zum Sëtz vun der zukënfteger Märrei a vun de méiglechen Annexen, zur Opdeelung vun de Sëtz am Gemengerot, zu den Attributioune vu verschiddenen Haaptmembere vum Personal, zu Projeten, déi ze realiséiere sinn, an zu hirem potenzielle Site, asw.). Den Défi ass et, fir da Léisungen ze fannen, déi fir jiddereen acceptabel sinn.

De Sëtz, den Numm, de Wope vun där neier Gemeng

Wéi uewen driwwer bemierkt, kënnen d’Diskussiounen iwwert den zukënftege Sëtz, de Numm oder de Wope vun der neier Gemeng laang a schwireg sinn, oder awer dës Choixe si vun Ufank u kloer a liicht ze huelen.

D’Gemenge mussen e Sëtz fir déi nei Gemeng erauswielen, deen am Fusiounsgesetz opgegraff gëtt. Allerdéngs ass et och absolut denkbar, fir de Funktionnement vu verschidden Annexen an den ale Märreie bäizebehalen.

Den Numm muss et de Bierger erlaben, sech mat där neier Entitéit z’identifizéieren. Bei viregte Fusioune war et d’Suerg vu Gemengeréit, fir Nimm unzehuelen, déi een einfach verhält an déi een einfach communiquéiere kann. Verschidde Gemengen hunn den Numm vun enger vun den ale Gemenge behalen oder hunn déi zwee Nimm uneneegefléckt, anerer hu sech fir e Lieu-dit entscheed oder fir e gemeinsaamt geografescht Element (Dall, Hiwwel, Floss, asw.).

Eng fusionéiert Gemeng kann entweder en neie Wope schafen oder awer déi al behalen. Am Fall vun engem neie Wope musse sech d’Gemengeresponsabel un d’heraldesch Kommissioun vum Staat riichten, déi dem Staatsministère ënnersteet an nei Wopen unhuelen a registréiere muss.

Nieft de Wopen huet eng Gemeng natierlech d’Méiglechkeet, sech e Logo ze ginn, wat ëmmer méi Gemenge maachen.

Administrativ Organisatioun a Servicer vun der neier Gemeng

D’administrativ Organisatioun vun der neier Gemeng erlaabt et, eng déifgräifend Iwwerleeung iwwert d’Déterminatioun, d’Organisatioun an den Equipement vun den zukënftege Servicer vun der Gemeng ze féieren. Et ergi sech eng Rei Méiglechkeeten: Verlängere vun den Ouvertureszäite vun de Gemengebüroen, Verstäerke vum Personal, nei Organisatioun vum technesche Service, nei Approchen a Saachen Astandhale vun den Infrastrukturen, Schafe vun neie Servicer (Logementsservice, Relations publiques, asw.).

Déi politesch Responsabel mussen appropriéiert Léisunge fannen, déi et erlaben, de Besoine vun der Populatioun entgéint ze kommen.

De Spezialsubsid vum Staat

De Staat ënnerstëtzt d’Fusiounsgemenge via eng Subventioun, déi vum Ministerrot fixéiert gëtt. Den Inneministère steet de Gemengen zur Verfügung, fir hinnen déi aktuell Modalitéiten dovu matzedeelen.

D’Affectatioun vun der staatlecher Subventioun gëtt am Projet de loi iwwert d’Fusioun déterminéiert, andeems sech op d’Verhandlungen tëscht de Gemengen an dem Staat baséiert gëtt. Bis elo hunn d’Gemengen entweder fir eng Affectatioun zu konkrete Projeten optéiert oder fir d’Zréckbezuele vu Gemengenemprunten.

Politesch Organisatioun: Zesummesetzung vun de politeschen Organer, Walen, Iwwerganksphasen

An all de Gemengen, ob se nom Majorz- oder Proporzsystem wielen, ass et méiglech, fir an der Iwwerganksphas d’Zuel u Sëtz am Gemengen- a Schäfferot z’erhéijen (d.h. fir eng oder zwou Legislaturperiode vun der Fusioun un) an all aler Gemeng de Statut vun engem Walbezierk zouzespriechen, an där e Contingent u Conseilleren ze wielen ass, fir esou all aler Gemeng eng Vertriedung am Gemengerot z’erméiglechen. Nawell wielt all Wieler Conseillerë vun alle Bezierker. D’Gesetz kann och virgesinn, dass all al Gemeng am Schäfferot vertrueden ass.

Déi Gemengen, an deenen nom Majorzsystem gewielt gëtt, déi awer no der Fusioun de Seuil vun 3.000 Awunner iwwerschreiden, kënnen dee Walmodus an enger Iwwerganksperiod bäibehalen.

De Congé politique vun de Gewielten ass direkt un d’Unzuel vun de Sëtz am Gemengerot gebonnen. D’Gewielte vun enger fusionéierter Gemeng, mat engem zäitweis erweiderte Gemengerot, kënne sou vu méi Stonne Congé politique profitéieren, wat hinnen erlaabt, sech méi an d’Ëmsetze vun der Fusioun z’investéieren.

Vote iwwert d’Absicht, fir ze fusionéieren

Wann d’Konklusiounen, déi d’Gemengeréit aus den Analysen zéien, positiv sinn an et en Accord gëtt zu de grondleeënde Froen, da stëmmen d’Gemengeréit iwwert d’Absicht fir ze fusionéieren of a ginn de Schäfferéit den Optrag, fir dës Décisioun auszeféieren.

Ausschaffe vum Konventiounsprojet a vum Avant-projet de loi

Et ass de Schäfferéit virbehalen, a Concertatioun mat hire Gemengeréit, fir d’Konklusiounen aus den Diskussiounen iwwert d’Entwécklung vun där neier Gemeng ze zéien an dës a Form vu Prioritéiten a vu Projeten, déi solle realiséiert ginn, an e Konventiounsprojet anzeschreiwen, iwwert dee mam Staat verhandelt gëtt. Den Inneministère steet de Gemengen  beim Ausschaffe vun där Konventioun zur Säit a beréit se v.a. a juristesche Froen.

D’Konventioun, déi vun de Gemengen an dem Inneminister ënnerzeechent gëtt, gëllt als Basis fir den Avant-projet de loi iwwert d’Fusioun vun de betraffene Gemengen. D’Elementer, déi an de Gesetzprojet iwwert d’Fusioun vun zwou oder méi Gemengen afléissen, ginn an der Annexe 2 beschriwwen. Den Inneministère verfaasst den Avant-projet de loi a Concertatioun mat de Gemengen.

Zu Lëtzebuerg ass et Usus, dass eng Gemengefusioun nëmme kann zustane kommen, wa virdrun e konsultative Referendum iwwert de Fusiounsprojet organiséiert gouf. D’Prozedur, déi z’applizéieren ass, entsprécht därer, déi am Gemengegesetz fir d’Organisatioun vun engem Referendum festgehalen ass. Mat dëser Prozedur soll op d’mannst 3 Méint virum Datum vum Referendum ugefaange ginn, fir d’Délaien ze respektéieren, déi am Walgesetz virgesi sinn, v.a. wat d’Fixéiere vun de Wallëschten an d’Bréifwal ugeet.

D’Décisioun, fir e Referendum z’organiséieren, gëtt duerch e Vote vum Gemengerot geholl. De Referendum gëtt an Zesummenaarbecht mat de Servicer vum Inneministère virbereet. Idealerweis gëtt en ongeféier e Joer virum Akraafttriede vum Gesetz iwwert d’Fusioun ofgehalen, fir d’Ëmsetze vun der Fusioun gutt kënnen ze preparéieren.

Presentatioun vum Fusiounsprojet a Kommunikatioun mat der Populatioun

Ier et zum Referendum kënnt, ginn déi eenzel Elementer vum Konventiounsprojet dem Grand public am Kader vun enger oder e puer Informatiounsversammlunge presentéiert. Sou kënnen d’Wielerinnen a Wieler um Dag vum Referendum mat beschtem Wëssen ofstëmmen.

Doriwwer eraus kann eng Ëmfro bei engem representativen Deel vun der Populatioun en interessanten Indicateur si fir Kommunikatiounsmoossnamen.

D’Majoritéit vu fusionéierte Gemengen huet och fir d’Publicatioun vun enger Broschür un all Stot optéiert, fir d’Virdeeler vun enger Fusioun virzestellen, déi nei Projeten, déi solle realiséiert ginn, an all d’Changementer, déi komme wäerten (Numm vun der Gemeng, Zesummesetzung vum Gemengerot, asw.).

Am Gemengebuet regelméisseg iwwer gemeinsam Initiativen a Projete vun de concernéierte Gemengen ze schwätzen, kann och eng nëtzlech Pist sinn, fir d’Populatioun um Lafenden ze halen.

All d’Gemengen, déi an der Vergaangenheet fusionéiert hunn, haten och eng oder méi Informatiounsversammlunge fir d’Bierger organiséiert. Verschiddener hu sech mat enger Versammlung virum Referendum zefridde ginn, anerer hunn et virgezunn, d’Bierger no an no iwwert d’Fortschrëtter vun den Aarbechten z’informéieren.

Eng gutt Virbereedung vun dëse Versammlungen ass noutwendeg. Verschidde Gemengen hunn op Consultanten zréckgegraff, fir se z’organiséieren oder fir d’Diskussiounen z’animéieren. Am Virfeld all d’Nodeeler vun enger Fusioun duerchzegoen, fir an den Diskussioune mat Argumenter kënnen ze reagéieren, huet sech als positiv Strategie beim Fusiounsprojet erwisen.

Votten iwwert d’Unhuele vun der Fusioun, der Konventioun an dem Avant-projet de loi

Nom Referendum stëmmen d’Gemengeréit definitiv iwwert d’Fusioun of an huelen d’Konventioun un. Den Avant-projet de loi, dee vum Inneministère finaliséiert gouf, gëtt och vun de Gemengeréit guttgeheescht.

Dono déposéiert den Inneminister de Gesetzprojet an der Chamber, an déi legislativ Prozedur leeft un. Wann d’Gesetz gestëmmt, promulgéiert a publizéiert gouf, trëtt d’Fusioun op den Datum, deen am Gesetz virgesinn ass, a Kraaft.

D'Iwwerganksphas

D’Erfarung huet gewisen, dass d’Phas tëscht dem Referendum an der “Gebuert” vun der neier Gemeng vu kruzialer Bedeitung ass fir e gelongenen Iwwergank op administrativem an techneschem Plang. An der Reegel ass d’Phas vun der Ëmsetzung de Moment vun der Fusioun nach net ofgeschloss.

D’Organisatioun vun der neier Verwaltung a vum Personal

Als Supérieur hiérarchique vum Personal kënnen d’Schäfferéit d’Organisatioun vun der zukënfteger Verwaltung fixéieren, am Aklang v.a. mat de Prioritéiten, déi an der Fusiounskonventioun zréckbehale goufen.

Et ass recommandéiert, d’Personal an d’Réorganisatioun vun de Servicer an an d’Verdeele vun den Aufgaben anzebannen, andeems de Qualifikatiounen an, souwäit wéi méiglech, den Intressien an den Aspiratioune vun de Leit Rechnung gedroe gëtt.

An enger Iwwerganksphas ass et méiglech, e puer Gemengesekretären ze hunn, woubäi eng gutt Opdeelung vun den Aufgaben duerch de Schäfferot vun der fusionéierter Gemeng noutwendeg ass.

Wat de Receveur ugeet, erlaabt d’Gemengegesetz et net, dee Posten op e puer Persounen opzedeelen. Et muss ee sech dann entweder am Gudde mat de potenziellen Titulairen eenegen oder de Gemengerot vun der fusionéierter Gemeng iwwert de Receveur vun der neier Gemeng ofstëmme loossen. D’Receveuren, déi net genannt ginn, behalen all hir Avantagen a Karriärsperspektiven, kréien awer aner Attributiounen an der fusionéierter Gemeng.

D’Uniformiséiere vun den Taxen, Subsiden a Gemengereglementer

D’Gemengen, déi wëlles hunn ze fusionéieren, hunn all Intérêt, d’Gemengereglementer, d’Taxen an d’Subside fir Associatioune virun der Fusioun z’uniformiséieren oder op d’mannst ze harmoniséieren. Iwwert dee Wee gëtt d’fusionéiert Gemeng vun Ufank un e koherent Bild of. Dëst erfuerdert eng gutt Zesummenaarbecht tëscht de Gemengeresponsablen an de Sekretäre vun de Gemengen, déi um Wee sinn zur Fusioun. Eng Harmonisatioun an zwou oder 3 Etappe ka sech als klug erweisen, v.a. wann eng Gemeng d’Montante vun hiren Taxe substanziell erhéije muss.

Zum Fixéiere vun der Gewerbe- an der Grondsteier kënnt et am Gesetzprojet iwwert d’Fusioun.

De Budget, d’Konten an d’finanziell Situatioun

Déi fusionéiert Gemeng ass mat enger neier finanzieller Situatioun konfrontéiert. D’Agentinnen an Agente vum Inneministère stinn de lokalen Autoritéiten zur Säit, fir hinnen hir nei finanziell Situatioun virun der Fusioun virun Aen ze féieren.

Fir d’Akasséiere vun de Recetten an d’Bezuele vun de kommunalen Dépensen ze garantéieren, sollt spéitstens fir den 1. Januar e Budget fir déi nei Gemeng opgestallt ginn. D’Ausschaffe vun deem Budget geschitt zesummen an de Gemengen, déi d’Absicht hunn ze fusionéieren, ier d’Fusion a Kraaft trëtt.

De Bestëmmunge vum Gemengegesetz no kënnen d’Operatiounen, fir Recetten anzedreiwen, déi sech op e bestëmmte Finanzexercice bezéien, an Dépensen ze bezuelen, déi bis den 31. Dezember ustinn, bis den 30. Abrëll vum Joer drop verlängert ginn. Well et ugeroden ass, dass d’Akraafttriede vun enger Fusioun op den 1. Januar geschitt, mussen d’Gemengen hir Konte vum lafenden Exercice virun deem Datum ofschléissen.

Vun deem Zäitpunkt u mussen d’Gemengekonte virun deem Datum opgestallt an de leschten detailléierten Zoustand vun der Finanzsituatioun un den Inneministère weidergi ginn. Zur selwechter Zäit mussen d’Gemengen hir Kontabilitéiten zesummeleeën an dem Receveur vun der fusionéierter Gemeng d’Keess iwwerginn. Fir dat ze maachen, si si gebieden, sech mat den zoustännege Servicer vum Inneministère ze concertéieren, déi zu hirer Verfügung stinn.

D’Gestioun vun den eenzelne PAGen

Idealerweis sollten d’PAGe vun de Gemengen, déi um Wee sinn ze fusionéieren, am Virfeld analyséiert ginn, fir virun der Fusioun Haaptelementer am Grapp ze hunn, déi am Hibléck op eng Uniformisatioun vun der Planung ze considéréiere sinn.

Vum Akraafttriede vun der Fusioun u mussen d’Reglementatioun an d’Andeelung an Zone progressiv harmoniséiert ginn, an enger gemeinschaftlecher Perspektiv, andeems d’Direktiven an d’national Instrumenter vum Aménagement du territoire respektéiert ginn.

D’informatesch Adaptatioun

Et muss net nëmmen e gewëssene Budget fir déi informatesch Adaptatioune virgesi ginn, mä déi mussen och mat Zäiten organiséiert ginn, fir dass et net zu Incompatibilitéiten tëscht de Systemer kënnt, wann d’Fusioun bis Realitéit ass.

D’Vertriedung an interkommunalen Organer, déi et scho gëtt

D’Gemengen, déi d’Absicht hunn ze fusionéieren, sollen den Impakt vun der Fusioun op Gemengesyndikater, Naturparken a regional Sozialbüroen am A hunn. En Exame vun de Konventiounen, déi mat anere Gemengen ënnerzeechent goufen, ass och recommandéiert.

D’Schafe vun enger Participatiouns- a Kommunikatiounsstrategie, vun Ufank vum Prozess un, erlaabt et, deen z’erliichteren an ze gesinn, wéini een d’Forces vives vun der Gemeng abannen an hinnen d’Fusioun virstelle muss. Woubäi sou eng Strategie staark vun de lokalen, politeschen, zäitlechen an anere Spezifissitéiten ofhänkt.

Zu gudder Lescht gëtt d’Gemeng, déi aus der Fusioun ervirgeet, um Dag, deen am Fusiounsgesetz steet, Realitéit. D’Iwwerganksphas ass zu deem Zäitpunkt awer nach net ofgeschloss.

Relevé vun de Gemengefusiounen zanter 2004

  1. Tandel
    (Loi du 21 décembre 2004 portant fusion des communes de Bastendorf et de Fouhren)
  2. Kiischpelt
    (Loi du 14 juillet 2005 portant fusion des communes de Kautenbach et de Wilwerwiltz)
  3. Klierf
    (Loi modifiée du 28 mai 2009 portant fusion des communes de Clervaux, de Heinerscheid et de Munshausen)
  4. Käerjeng
    (Loi du 24 mai 2011 portant fusion des communes de Bascharage et de Clemency)
  5. Schengen
    (Loi du 24 mai 2011 portant fusion des communes de Burmerange, de Schengen et de Wellenstein)
  6. Parc Housen
    (Loi du 24 mai 2011 portant fusion des communes de Consthum, de Hoscheid et de Hosingen)
  7. Aerenzdallgemeng
    (Loi du 24 mai 2011 portant fusion des communes d'Ermsdorf et de Medernach)
  8. Esch-Sauer
    (Loi du 24 mai 2011 portant fusion des communes d'Esch-sur-Sûre, de Heiderscheid et de Neunhausen)
  9. Wolz
    (Loi du 19 décembre 2014 portant fusion des communes d'Eschweiler et de Wiltz)
  10. Habscht
    (Loi du 15 avril 2016 portant fusion des communes de Hobscheid et de Septfontaines)
  11. Helperknapp
    (Loi du 15 avril 2016 portant fusion des communes de Boevange-sur-Attert et de Tuntange)
  12. Rouspert-Mompech
    (Loi du 16 juin 2018 portant fusion des communes de Rosport et de Mompach)
  13. Groussbus-Wal
    (Loi du 3 mars 2023 portant fusion des communes de Grosbous et de Wahl)
  14. Bous-Waldbredimus
    (Loi du 3 mars 2023 portant fusion des communes de Bous et de Waldbredimus)

Aktualiséiert