Test vum nationale Warnsystem: Onugekënnegten Test vun den zonale Warn-SMSen

En net ugekënnegte zonalen Testwarnmessage ass haut, um 22. Mäerz 2024, um Territoire vu follgende Gemenge verschéckt ginn: Déifferdeng, Péiteng, Käerjeng, Suessem, Buerschent, Tandel, Dikrech, Ierpeldeng-Sauer, Ettelbréck, Schieren, Colmer-Bierg a Bettenduerf.

Et gëtt drun erënnert, datt d'Tester vun de zonale Warn-SMSen net méi am Viraus ugekënnegt ginn, esou datt d'Bedreiwer vun den Handysreseauen an enger reeller Situatioun mat engem Event konfrontéiert kënne ginn, wat eng direkt a spontan Warnung vun der Populatioun ausléist.

Et sief drop higewisen, datt nëmmen déi Leit, deenen hiren Handy am Ament vun der Alert mat enger Handysantenn aus den Zonen, déi uewen opgezielt sinn, verbonne war, dës SMS kritt hunn: "LU-ALERT / ALERTE TEST / NO ACTION REQUIRED / AUCUNE ACTION REQUISE / KEINE HANDLUNG ERFORDERLICH".

Zousätzlech Informatiounen an een FAQ sinn ënner follgendem Link ze fannen: Nationale Warnsystem: LU-Alert.

Communiqué vum Staatsministère, dem Inneministère an dem Héije Kommissariat fir national Sécherheet (HCPN)

Aktualiséiert