D'breet Ëffentlechkeet gëtt opgeruff den zukünftege Warnsite "lu-alert.lu" ze bewäerten

Den Inneminister Léon Gloden lancéiert d'Testphas wärend enger Pressekonferenz

©MAINT (v.l.n.r.) Alain Becker, Generaldirekter vun der ziviler Sécherheet; Léon Gloden, Inneminister ; Pol Henrotte, conseiller adjoint DGSC
(v.l.n.r.) Alain Becker, Generaldirekter vun der ziviler Sécherheet; Léon Gloden, Inneminister ; Pol Henrotte, conseiller adjoint DGSC

"Déi breet Ëffentlechkeet gëtt opgeruff un der Evaluatioun vum zukünftege Site "lu-alert.lu" deelzehuelen, deen d'Bevëlkerung am Fall vun enger Kris oder Katastroph warne soll", huet den Inneminister Léon Gloden op enger Pressekonferenz den Dënschdeg, 12. Mäerz erkläert. "Den zukünftege Site "lu-alert.lu" muss eng intuitiv Benotzung garantéieren."

An deem Kontext huet de Minister d'Phas vum sougenannten "tree testing", ageleet, an där de Public invitéiert gëtt sech un enger éischter Evaluatioun vun der Navigatioun um zukünftege Site ze bedeelegen. En huet iwwerdeems ënnerstrach wéi wichteg d'Warnung vun der Bevëlkerung ass: "Et handelt sech heibäi ëm e ganz wichtegen Tool, mat deem d'Biergerinnen a Bierger sech op méi onberechenbar Evenementer preparéiere kënnen, déi eng potentiell Menace duerstellen, soudass si déi néideg Mesurë kënnen huele fir sech an hiren Eegentum a Sécherheet ze bréngen." De Léon Gloden ass iwwerzeegt, dass d'Benotzung vum zukünftegen LU-Alert-System mëttelfristeg zu engem bessere Verständnis vun der Bevëlkerung a virun allem zur Resilienz vun der Gesellschaft féiere wäert.

De Site "lu-alert.lu" ass als vollwäertege Warnkanal e Schlësselelement an der Kommunikatiounsstrategie vu Warnungen an Informatiounen un d'Bevëlkerung. Op dësem Site, fannen d'Bierger Informatiounen iwwert de Warnsystem "LU-Alert" a seng verschidde Warnkanäl, sou wéi déi verschidden Niveauen a Kategorië vu Warnungen. Doriwwer eraus kréien d'Biergerinnen a Bierger och Tipps wéi si sech a spezifesche Situatiounen, déi eng gewësse Virsiicht erfuerderen, am beschte verhale sollen.

Den ugekënnegten "tree testing" ass bis de 26. Mäerz 2024 inklusiv ënnert dem Link https://etat.emfro.lu/s3/LU-Alert verfügbar. D'Bedeelegung ass anonym an den Test dauert ongeféier 10 Minutten.

Andeems een d'Biergerinnen a Bierger d'Gestaltung vum zukünftege Site mat abezitt, kann een net nëmmen d'Struktur vum Site verbesseren, mee dat Ganzt och nach méi benotzerfrëndlech opbauen, an esou d'Relevanz an d'Accessibilitéit vum Site garantéieren.

De Minister Gloden huet och nach eemol op déi verschidde Komponente vum Projet fir den neie Warn- an Informatiounssystem fir d'Bevëlkerung, "LU-Alert", opmierksam gemaach an Informatiounen zum aktuelle Stand vun den Aarbechten an dësem Kader geliwwert.

En huet och nach eemol betount dass den zukünftege Warn- an Informatiounssystem fir d'Bevëlkerung, "LU-Alert", zu kengem Ament perséinlech Donnéeë sammelt, opzeechent, späichert, verännert, ofrifft oder notzt.

Communiqué vum Inneministère 

Aktualiséiert