Sensibiliséierung iwwert d'Riske vu Vegetatiouns- a Bëschbränn

Am Kader vun der nationaler Plattform fir d'Reduktioun vu Katastropherisiken, déi vum Inneministère geleet gëtt, huet den Aarbechtsgrupp "Vegetatiouns- a Bëschbränn", deen aus Experte vun de verschiddene kompetenten Autoritéite besteet, Verhalensreegelen opgestallt, déi wärend der Vegetatiouns- a Bëschbrandsaison anzehale sinn.

Um Ufank vun der Vakanzenzäit ass et wichteg, d'Bevëlkerung drop hinzeweisen, dass si:

Déi richteg Reflexer huet, fir Bësch- a Vegetatiounsbränn ze vermeiden

Wéinst de Wiederkonditioune vun de leschte Summeren, mat iwwer e längeren Zäitraum feelendem Reen, héijen Temperaturen an ausgedréchenter Vegetatioun an de Wisen, Felder a Bëscher, kann e falsche Geste, wéi zum Beispill eng net ganz ausgemaachen Zigarett, déi op de Buedem geheit gouf, oder e Fonke vun engem Auto oder engem landwirtschaftleche Gefier duergoen, dass e Feier entsteet.

Et gëtt aus deem Grond mat folgende Rotschléi un d'Opmierksamkeet an d'Responsabilitéit vun der Bevëlkerung appelléiert:

Fir d'Privatleit:

  • Geheit keng Zigaretten an d'Natur.
  • Maacht keen oppent Feier an der Natur.
  • Grillt just op den dofir virgesinnene Plazen an hutt ëmmer e Läschmëttel (z.B. en Eemer Waasser) prett stoen.
  • Geheit déi waarm Kuelen nom Grillen net an d'Natur, mä loosst se am Grill komplett ofkillen.
  • Fuert net mam Auto op Wisen, Felder oder a Bëscher.
  • Parkt keng Feld- a Bëschweeër zou - dëst si wichteg Accèse fir d'Pompjeeën.

Fir d'Landwirtschaft:

  • Hutt ëmmer e Feierläscher am Gefier, fir Entsteeungsbränn direkt kënnen ze läschen oder op d'mannst anzedämmen.
  • Kontrolléiert all Är Maschinne virun an no der Aarbecht op technesch Problemer, fir eventuell Fonkenentsteeung ze verhënneren.
  • Hutt bei Aarbechten um Feld ëmmer e Plou an der Géigend prett stoen, fir am Fall vun engem Entsteeungsbrand direkt e Gruef zéien ze kënnen.
  • Fëllt net gebrauchte Waasserfässer preventiv op, fir d'Pompjeeën am Noutfall kënnen z'ënnerstëtzen.
  • Bréngt Iech net selwer a Gefor am Fall vun engem Feier, mä schafft mat de Pompjeeën op der Plaz zesummen (z.B. duerch d'Notze vun technesche Moyenen oder beim Waassertransport).

Rufft am Fall vun engem Feier sou séier wéi méiglech d'Pompjeeën iwwert d'Telefonsnummer 112. Wichteg dobäi ass, d'Lokalitéit vum Feier méiglechst genee ze beschreiwen (Rettungspunkt am Bësch, wann disponibel) an d'Pompjeeën op der Plaz anzeweisen.

Communiqué vum Inneministère, vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, vum Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung, der Generaldirektioun fir Tourismus, der Naturverwaltung, dem Corps grand-ducal d'incendie et de secours an der Verwaltung fir technesch Servicer vun der Landwirtschaft

Aktualiséiert