LU-Alert: Poursuite vun den Tester vum Warnsystem an Ëmfro bannent der Bevëlkerung

D'Regierung wäert de Méindeg, den 3. Abrëll 2023, d'Ëmsetzung vun hirer Strategie fir den Test vum Warn- an Informatiounssystem fir d'Bevëlkerung weiderféieren, andeems si een 2. landeswäiten Test iwwer follgend Kommunikatiounskanäl duerchféiert: Sireenen, SMS, GouvAlert (Handy-App).

Mam Zil sech kontinuéierlech ze verbesseren, steet een Online-Froebou zur Verfügung. Dëse soll d'Meenung vun der Bevëlkerung erfaassen:

D'Press ass invitéiert dës Ëmfro um Dag vum Test iwwer hir Kommunikatiounskanäl ze diffuséieren.

Et sief drop higewisen, datt nëmmen déi Leit, deenen hiren Handy am Ament vun der Alerte mat enger Handysantenn um Lëtzebuerger Gebitt verbonnen ass, follgend SMS wäerte kréien: "LU-ALERT / ALERTE TEST / NO ACTION REQUIRED / AUCUNE ACTION REQUISE / KEINE HANDLUNG ERFORDERLICH /INFOS: GD.LU/LU-ALERT"

Et sief ervirgehuewen, dass am Kader vun den Tester vum Warnsystem fir d'Bevëlkerung keng perséinlech Donnéeë vum Staat gesammelt oder stockéiert ginn. Dobäi kënnt dass, fir sécherzestellen dass déi reell Warnmessagen an d'Test-Warnmessagen auserneegehale kënne ginn, de Passage "No action required / Aucune action requise / Keine Handlung erforderlich" just an den Testmessagen ernimmt gëtt.

Et sief nach preziséiert, datt tëschent dem Verschécken an dem Erhale vum Testmessage eng bestëmmten Zäit ka vergoen, wat erkläert, datt net all d'Bierger de Message zum selwechten Zäitpunkt kréien. Et geet een dovunner aus, datt keen eenzele Kommunikatiounskanal eng honnertprozenteg Ofdeckung kann erreechen. Fir awer op eng zefriddestellend Ofdeckung ze kommen, gëtt dorunner erënnert, datt d'Regierung sech fir eng Approche mat verschiddene Kanäl entscheet huet, wat schlussendlech dozou féiere wäert, datt esou vill Leit wéi méiglech kënnen erreecht ginn an deem een d'Stäerkte vun de verschiddene Kommunikatiounskanäl kombinéiert. ​

D'Zil vun dësem Test ass et, sech vun der Fonctionnalitéit vun de verschiddene Warnkanäl z'iwwerzeegen, eventuell verbesserungswierdeg Punkten z'identifizéieren an, virun allem, d'Biergerinnen a Bierger fir d'Benotze vun de Warnkanäl ze sensibiliséieren. D'Teststrategie, déi laangfristeg a reegelméisseg soll duerchgespillt ginn, huet zum Zil, zur Widderstandsfäegkeet vun der Populatioun bäizedroen am Hibléck op Nout- oder Krisefäll, déi en Impakt op d'ëffentlech Sécherheet kéinten hunn.

Communiqué vum Inneministère, dem Staatsministère an dem Héije Kommissariat fir national Sécherheet (HCPN)

Aktualiséiert