Asaz vun engem weidere Member vum "Humanitarian Intervention Team" vum CGDIS am Katastrophegebitt an der Tierkei

Haut mécht sech e weidere Member vum "Humanitarian Intervention Team" (HIT) vum Corps grand-ducal d'incendie et de secours (CGDIS), een Expert fir Logistik, am Kader vun enger humanitärer Missioun op de Wee an d'Äerdbiewegebitt an d'Tierkei. 

©MINT (v. l. n. r.) Alain Becker, Inneministère ; Taina Bofferding, Inneministesch ; Joé Beckius, Member vum HIT ; Paul Schroeder, Generaldirekter vum CGDIS ; Yves Legil, stellvertriedenden HIT-Gruppechef ; Bram Krieps, HIT-Gruppechef
(v. l. n. r.) Alain Becker, Inneministère ; Taina Bofferding, Inneministesch ; Joé Beckius, Member vum HIT ; Paul Schroeder, Generaldirekter vum CGDIS ; Yves Legil, stellvertriedenden HIT-Gruppechef ; Bram Krieps, HIT-Gruppechef

E reest am Kader vun der Partnerschaft mam IHP-Reseau (International Humanitarian Partnership), an deem de CGDIS Member ass, fir d'"Emergency Response Team" vum "United Nations Disaster Assessment and Coordination" (UNDAC) System z'ënnerstëtzen.

Den Asaz vum Expert ass Deel vun der internationaler Hëllef fir d'Affer vum Katastrophegebitt an der Tierkei.

Communiqué vum Inneministère / Corps grand-ducal d'incendie et de secours (CGDIS)  

Aktualiséiert