Gemengereglementer

D’lëtzebuerger Gemenge gouf et virum Lëtzebuerger Staat, deen a senger aktueller Form zanter dem Vertrag vu London vum 19. Abrëll 1839 existéiert. De Moment gëtt et am Grand-Duché 102 Gemengen.

D’Organisatioun vun de Gemenge baséiert um Prinzip vun der Dezentralisatioun, déi am Artikel 107 vun der Verfassung an am ofgeännerte Gemengegesetz vum 13. Dezember 1988 festgehalen ass.

D’Verfassung iwwerdréit de Gemengen d’Autonomie, d.h. d’Muecht, fir iwwer hir Organer den Territoire an d’Gemengeninteresse selwer ze géréieren.

De Pouvoir règlementaire stellt eng vun de wichtegsten Emanatioune vun der Gemengenautonomie duer.

D’Gemengereglement ass eng obligatoresch Mesure vu generellem Charakter, déi vum Gemengerot geholl gëtt an nëmmen an Noutfäll vum Schäfferot. D’Effete vum Gemengereglement sinn op den Territoire vun der Gemeng limitéiert a kënnen nëmme Beräicher betreffen, déi de Législateur fir d’Gemengenautonomie reservéiert huet.

D’Reglement huet déiselwecht Ausféierungsgewalt wéi d’Gesetz, an et ass un der Justiz, fir et ze respektéieren, andeems d’virgesinne Strofe géint Verstéiss applizéiert ginn. Dës Verstéiss gi Contraventioune genannt.

D’Reglement ass obligatoresch, net nëmme fir d’Awunner vun der Gemeng, mä fir all Persoun, déi sech um Territoire vun der Gemeng ophält.

Dës Reglementer kënnen net contraire sinn zu Gesetzer oder zu Règlements d'administration générale. D’Gemengereglementer sinn Objet vun enger Tutelle administrative, déi vum Grand-Duc a vum Inneminister ausgeübt gëtt.

Aktualiséiert