Ëffentlech Ausschreiwungen

Ëffentlech Ausschreiwunge si schrëftlech Kontrakter tëscht e puer Parteien, déi d’Ausféierung vun Aarbechten, d’Liwwere vu Produiten oder Déngschtleeschtungen zum Zil hunn.

Dobäi sinn de Staat, d’Gemengen, d'Gemengesyndikater, d'Ëffentlech Ariichtunge vum Staat a vun de Gemengen an aner ëffentlech Organismen dozou verflicht, d’Gesetzgebung iwwert d’ëffentlech Ausschreiwung z’applizéieren, fir Aarbechten, Liwwerungen an Déngschtleeschtunge kënnen auszeféieren.

Den Inneminister léisst d’Legalitéit vun den ëffentlechen Ausschreiwungen, wat Aarbechten, Liwwerungen an Déngschtleeschtungen ugeet, kontrolléieren, déi Autoritéite vum Gemengesecteur an Optrag ginn. Hie kann, andeems den Artikel 50 vum ofgeännerte Gesetz vum 8. Abrëll 2018 iwwert d’ëffentlech Ausschreiwungen ugewannt gëtt, an engem Délai vun 8 Deeg no der Kommunikatioun vum ganzen Dossier sou e Marché suspendéieren, wann e géint d’Gesetz oder seng Ausféierungsreglementer verstéisst oder contraire ass zum Intérêt général. De Grand-Duc kann aus de selwechte Grënn e Marché an engem Délai vu 40 Deeg no der Kommunikatioun vum ganzen Dossier annuléieren.

D’Agente vum Service «Marchés publics et transactions immobilières» ënnerstëtzen de Minister bäi der Ausübung vun der Tutelle administrative am Beräich vun den ëffentlechen Ausschreiwungen, a stinn de Gemengenentitéiten zur Verfügung, fir se am Virfeld vun enger Décisioun ze begleeden an ze beroden.

Aktualiséiert