Gemengewalen

D’Gemengerotsmembere ginn all 6 Joer direkt duerch d’Wieler aus der Gemeng gewielt. All Gemeng huet e Gemengerot, aus deem de Schäfferot, d’Exekutivorgan vun der Gemeng, ervirgeet.

Déi nächst Gemengewale sinn am Juni 2023.

Gemengerot

D’Zuel vu Gemengerotsmembere gëtt entspriechend der Awunnerzuel vun der Gemeng festgeluegt.

Sou bestinn d’Gemengeréit aus:

  • 7 Memberen a Gemenge vu bis zu 999 Awunner;
  • 9 Memberen a Gemenge vun 1.000 bis 2.999 Awunner;
  • 11 Memberen a Gemenge vun 3.000 bis 5.999 Awunner;
  • 13 Memberen a Gemenge vu 6.000 bis 9.999 Awunner;
  • 15 Memberen a Gemenge vun 10.000 bis 14.999 Awunner;
  • 17 Memberen a Gemenge vu 15.000 bis 19.999 Awunner;
  • 19 Memberen a Gemenge vun 20.000 Awunner a méi.

De Gemengerot aus der Stad Lëtzebuerg besteet aus 27 Memberen.

Schäfferot

De Schäfferot vun all Gemeng besteet aus engem Buergermeeschter an zwee Schäffen.

Duerch Dérogatioun kann d’Zuel vu Schäffen awer, via Arrêté grand-ducal, fixéiert ginn op:

  • 3 Schäffen a Gemenge vun 10.000 bis 19.999 Awunner;
  • 4 Schäffen a Gemenge vun 20.000 Awunner a méi;
  • 6 Schäffen an der Stad Lëtzebuerg.

De Buergermeeschter an d’Schäffe ginn op Virschlag hi vun der Majoritéit vum Gemengerot gewielt. D’Buergermeeschtere ginn duerch de Grand-Duc ernannt, iwwerdeems d’Schäffe vum Inneminister ernannt ginn.

D’Buergermeeschteren a Schäffe leeën hiren Eed virum Inneminister of. Déi aner Membere vum Gemengerot maachen dat virum Buergermeeschter vun hirer Gemeng.

Am Fall vu schlechtem Behuelen, vun Noléissegkeet oder vu Feelverhale kann de Buergermeeschter oder Schäffe vu senge Funktioune suspendéiert oder ofgesat ginn, dat duerch d’Autoritéit, déi hie genannt huet. Am Fall vun onerlaabtem Verhalen ass hie responsabel fir de Schued, deen der Allgemengheet entstanen ass.

Demissioun

Et ka sinn, dass e Gewieltene vu senge Funktiounen demissionéiere wëll, ier säi Mandat op en Enn kënnt. An deem Fall gëtt d’Demissioun vun de Funktioune vum Gemengerotsmember schrëftlech beim Inneminister agereecht. Dësen acceptéiert d’Demissioun vum Conseiller. Dës Acceptatioun gëtt dem Betraffene per Bréif matgedeelt an trëtt 3 Deeg nom Datum vun der Ënnerschrëft a Kraaft.

De Buergermeeschter vun där concernéierter Gemeng informéiert de Gemengerot an der nächster Sëtzung iwwert d’Demissioun vum Conseiller.

De Buergermeeschter oder Schäffen, deen als Gemengerotsmember demissionéiere wéilt, muss seng Demissioun virdrun duerch seng Nominatiounsautoritéit guttgeheescht kritt hunn. Fir Buergermeeschteren ass d’Nominatiounsautoritéit de Grand-Duc, iwwerdeems déi fir Schäffen den Inneminister ass.

D’demissionär Buergermeeschteren a Schäffen üben hir Funktiounen aus, bis hiren Nofolger säin Eed ofgeluegt huet.

Aktualiséiert