Direktioun vun de kommunalen Ugeleeënheeten

D’Aktivitéite vun der Direktioun vun de kommunalen Ugeleeënheeten (DAC) ëmfaassen:

  • d’administrativ Kontroll vun de Gemengen, Gemengesyndikater an Etablissements publics, déi ënnert der Opsiicht vun de Gemenge stinn, ë.a. an dëse Beräicher:
    • Gemengereglementer
    • Gemengepersonal
    • ëffentlech Ausschreiwungen
    • Immobilientransaktiounen
    • Konventiounen a Mietverträg;
  • d’Organisatioun vun den Admissibilitéitsexamen (Staatsexamen), den definitiven Zouloossungs- a Promotiounsexamen am Gemengesecteur;
  • d’Organisatioun vun der Formation spéciale fir Agente vum Gemengesecteur am provisoreschen Dingscht an anere Formatiounen;
  • de juristesche Rot fir Gemengen;
  • d’Begleede vun de Gemengen am Kader vun engem Fusiounsprojet;
  • de Suivi vu Changementer an der Zesummesetzung vu Gemengenorganer (Demissiounen, Nominatiounen, Vereedegungen, etc.), d’Organiséiere vu Walen (Komplementarwalen, Walen nom Opléise vum Gemengerot, normal Gemengewalen) an de Suivi vu Mësstrauensmotiounen.

 

Aktualiséiert