Conseil supérieur vun de Gemengefinanzen

Entspriechend dem Artikel 6bis vum Gesetz vum 21. Dezember 2001 iwwert d’Reform vu verschiddene Bestëmmungen a Saachen direkt an indirekt Steiere gouf e Conseil supérieur vun de Gemengefinanzen agesat, deen de Finanz-, Budgets- an Inneministeren Avisen ausstellt zu Froe vun de Gemengefinanzen, entweder op Demande hi vun deene Ministeren oder aus eegener Initiativ eraus.

De Conseil supérieur vun de Gemengefinanze besteet aus 12 Memberen, déi vum Ministerrot genannt ginn, dorënner 6 Vertrieder vum Staat a 6 Vertrieder vun de Gemengen, a gëtt vum Inneminister presidéiert.

Effektiv Membere vum Conseil supérieur vun de Gemengefinanze sinn:

Här Steff Schaeler, Vertrieder vum Inneministère;
Madamm Clara Muller, Vertriederin vum Inneministère;
Här Marc Thiltgen, Vertrieder vum Inneministère;
Här Pierre Frisch, Vertrieder vum Finanzministère;
Här Luc Schmit, Vertrieder vum Finanzministère;
Här Georges Peiffer, Vertrieder vum Finanzministère;
Här Jeff Gangler, Vertrieder vu Gemenge mat 7-9 Conseilleren;
Här Tim Karius, Vertrieder vu Gemenge mat 7-9 Conseilleren;
Här Emile Eicher, Vertrieder vu Gemenge mat 11-15 Conseilleren;
10° Här Serge Hoffmann, Vertrieder vu Gemenge mat 11-15 Conseilleren;
11° Här Dan Biancalana, Vertrieder vu Gemenge mat 17-27 Conseilleren;
12° Här  Laurent Mosar, Vertrieder vu Gemenge mat 17-27 Conseilleren.

 

Expäre vum Conseil supérieur vun de Gemengefinanze sinn:

Här Philippe Schram, Vertrieder vum Inneministère;
Här Laurent Kieffer, Vertrieder vum Inneministère,
Här Gérard Koob, Vertrieder vum SYVICOL.

 

Den Inneminister Léon Gloden ass de President vum Conseil supérieur vun de Gemengefinanzen, an den Här Daniel Kemp vum Inneministère ass de Sekretär.

Aktualiséiert