Reform vum Gemengegesetz (RLC)

Lëtzebuerg ass en eenheetlecht Land, dat just een Niveau vun territorialer Dezentralisatioun kennt - d’Gemenge stellen déi eenzeg dezentraliséiert territorial Kollektivitéiten duer an huelen op lokalem Plang eng wesentlech Plaz am politeschen, ekonomeschen, sozialen a kulturelle Liewen an. Si musse sech konstant un d’Erausfuerderunge vun enger moderner Gesellschaft upassen, siefe se demographescher, sozialer, ekonomescher, ekologescher oder nach territorialer Natur.

Deemno gëtt d’Ausübe vun ëffentlecher Muecht, woubäi dem Subsidiaritéitsprinzip Rechnung gedroe gëtt, ëmmer méi wichteg.

D’Gemengegesetz, de Basistext vun der lokaler Demokratie, reegelt 4 wesentlech Volete vun de lokalen Entitéiten:

  1. De Fonctionnement vun de politeschen Organer, hir Missiounen an d’Entscheedungsprozeduren;
  2. D’Organisatioun vun der Gemengeverwaltung;
  3. D’Relatiounen tëscht dem lokalen Niveau an de staatlechen Autoritéiten - d’Iwwerwaache vun der Gemengegestioun;
  4. De Budget an d’Gemengecomptabilitéit.

D’Gemengegesetz staamt aus dem Joer 1988, an obwuel zanter dem Ufank vun den 2000er Joren déifgräifend Iwwerleeungen iwwert de legale Kader gefouert goufen, dee sech op d’Gemengen an d’assimiléiert Entitéite bezitt, ass et net zu enger Reform an der Déift komm, och wann déi noutwendeg ass. Effektiv koum et just zu punktuellen Ännerungen zanter dem Akraafttriede vum Gesetz.

Dowéinst huet sech d’Regierung, déi sech am Dezember 2018 forméiert huet, am Koalitiounsaccord dozou engagéiert, fir d’Gemengegesetz z’iwwerschaffen, fir et de Besoine vun eiser Zäit unzepassen, mat ë.a. den Ziler vun engem Erliichtere vun der Iwwerwaachung vun der Gemengegestioun, vun der Entwécklung vun der Berodungsfonctioun vum Inneministère a vun de Partnerschaften tëscht dem Staat an de Gemengen, vun der Simplification administrative, vum Fonctionnement vun de politeschen Organer an, schlussendlech, vun der Biergerbedeelegung.

All d’Aktualitéiten am Zesummenhank mam Iwwerschaffe vum Gemengegesetz fannt Dir um entspriechenden Internetsite: www.gemengereform.lu

Aktualiséiert