Gemengewalen

Allgemenges

D’Gemengeconseillere ginn all 6 Joer direkt gewielt. All Gemeng huet e Gemengerot, aus deem de Schäfferot ervirgeet, d’exekutiivt Organ vun der Gemeng.

D‘Gemengewalen an d’Forméiere vun de politeschen Organer vun de Gemenge ginn duerch d'ofgeännert Walgesetz vum 18. Februar 2003 an d'ofgeännert Gemengegesetz vum 13. Dezember 1988 gereegelt, deenen hir koordinéiert Versiounen um Internetsite legilux.lu an der Rubrik  « Parlaments-, Europa- a Gemengewalen », vum Gemengegesetzbuch kënne consultéiert ginn.

Gemengerot

D’Zuel vu Gemengerotsmembere gëtt entspriechend der Awunnerzuel vun der Gemeng festgeluegt.

Sou bestinn d’Gemengeréit aus:

  • 7 Memberen a Gemenge vu manner wéi 999 Awunner;
  • 9 Memberen a Gemenge vun 1.000 bis 2.999 Awunner;
  • 11 Memberen a Gemenge vun 3.000 bis 5.999 Awunner;
  • 13 Memberen a Gemenge vu 6.000 bis 9.999 Awunner;
  • 15 Memberen a Gemenge vun 10.000 bis 14.999 Awunner;
  • 17 Memberen a Gemenge vu 15.000 bis 19.999 Awunner;
  • 19 Memberen a Gemenge vun 20.000 Awunner a méi.

De Gemengerot aus der Stad Lëtzebuerg besteet aus 27 Memberen.

No de Wale mussen all d’Gemengeréit hir Fonctioune bis spéitstens den 1. September iwwerholl hunn.

Schäfferot

De Schäfferot vun all Gemeng besteet aus engem Buergermeeschter an zwee Schäffen.

Duerch Dérogatioun kann d’Zuel vu Schäffen awer, via Arrêté grand-ducal, fixéiert ginn op:

  • 3 Schäffen a Gemenge vun 10.000 bis 19.999 Awunner;
  • 4 Schäffen a Gemenge vun 20.000 Awunner a méi;
  • 6 Schäffen an der Stad Lëtzebuerg.

De Buergermeeschter an d’Schäffe ginn op Virschlag hi vun der Majoritéit vum Gemengerot genannt. D’Buergermeeschtere ginn duerch de Grand-Duc ernannt, iwwerdeems d’Schäffe vum Inneminister ernannt ginn.

D’Buergermeeschteren a Schäffe leeën hiren Eed virum Inneminister of. Déi aner Membere vum Gemengerot maachen dat virum Buergermeeschter vun hirer Gemeng.

Ännerunge vum Walsystem

Bei de Gemengewale vum 11. Juni 2023 huet an 10 Gemengen de Walsystem geännert :

  • 4 Gemengen, an deenen d’Iwwerganksbestëmmungen, wat Gemengewalen ugeet (ageschriwwen an déi jeeweileg Fusiounsgesetzer), ausgelaf sinn: Helperknapp, Parc Hosingen, Rosport-Mompach, Schengen
  • 6 Gemengen, déi op den 30. September 2022 méi wéi 3.000 AwunnerInnen haten: Beaufort, Bettendorf, Esch-sur-Sûre, Lintgen, Redange-sur-Attert, Wormeldange

An der Gemeng Habscht hat d’Sektioun Hobscheid 2017 schonn nom Proporzsystem gewielt, iwwerdeems d’Sektioun Septfontaines nom Majorzsystem gewielt hat. 2023 war d’Gemeng Habscht net méi a Sektiounen agedeelt an huet nom Proporzsystem gewielt.

 

                                                                                            Walsystem an de Gemenge bei de Gemengewale vun 2023

A 46 Gemenge ass 2023 nom Majorzsystem gewielt ginn, dorënner déi véier Gemengen, déi op den 1. September 2023 fusionéieren, an a 56 Gemengen nom Proporzsystem.

Majorzsystem:

Bech, Beckerich, Berdorf, Biwer, Boulaide, Bourscheid, Bous-Waldbredimus, Colmar-Berg, Consdorf, Dalheim, Ell, Erpeldange-sur-Sûre, Feulen, Fischbach, Flaxweiler, Garnich, Goesdorf, Groussbus-Wal, Heffingen, Kiischpelt, Koerich, Lac de la Haute Sûre, Larochette, Lenningen, Leudelange, Manternach, Mertzig, Nommern, Préizerdaul, Putscheid, Reckange-sur-Mess, Reisdorf, Saeul, Schieren, Stadtbredimus, Tandel, Useldange, Vallée de l’Ernz, Vianden, Vichten, Waldbillig, Weiler-la-Tour, Weiswampach, Winseler

Proporzsystem:

Beaufort, Bertrange, Bettembourg, Bettendorf, Betzdorf, Bissen, Clervaux, Contern, Diekirch, Differdange, Dippach, Dudelange, Echternach, Esch-sur-Alzette, Esch-sur-Sûre, Ettelbruck, Frisange, Grevenmacher, Habscht, Helperknapp, Hesperange, Junglinster, Käerjeng, Kayl, Kehlen, Kopstal, Lintgen, Lorentzweiler, Luxembourg, Mamer, Mersch, Mertert, Mondercange, Mondorf-les-Bains, Niederanven, Parc Hosingen, Pétange, Rambrouch, Redange-sur-Attert, Remich, Roeser, Rosport-Mompach, Rumelange, Sandweiler, Sanem, Schengen, Schifflange, Schuttrange, Steinfort, Steinsel, Strassen, Troisvierges, Walferdange, Wiltz, Wincrange, Wormeldange

Demissioun

Et ka sinn, dass e Gewieltene vu senge Fonctiounen demissionéiere wëll, ier säi Mandat op en Enn kënnt. An deem Fall gëtt d’Demissioun vun de Fonctioune vum Gemengerotsmember schrëftlech beim Inneminister agereecht. Den Inneminister acceptéiert d’Demissioun vum Conseiller. Dës Acceptatioun gëtt dem Betraffene per Bréif matgedeelt an trëtt 3 Deeg no der Ënnerschrëft dovun a Kraaft.

De Buergermeeschter vun där concernéierter Gemeng informéiert de Gemengerot an der nächster Sëtzung iwwert d’Demissioun vum Conseiller.

De Buergermeeschter oder Schäffen, deen als Gemengerotsmember demissionéiere wéilt, muss seng Demissioun virdrun duerch seng Nominatiounsautoritéit guttgeheescht kritt hunn. Fir Buergermeeschteren ass d’Nominatiounsautoritéit de Grand-Duc, iwwerdeems déi fir Schäffen den Inneminister ass.

D’demissionär Buergermeeschteren a Schäffen üben hir Fonctiounen aus, bis hiren Nofolger säin Eed ofgeluegt huet.

Statistesch Zuelen

Am Ganze goufe bei de Gemengewale vum 11. Juni 2023 1.121 lokal Gewielte bestëmmt:

  • 100 Buergermeeschteren
  • 222 Schäffen (maximal)
    • 1 Gemeng mat 6 Schäffen: Ville de Luxembourg
    • 4 Gemenge mat 4 Schäffen: Differdange, Dudelange, Esch-sur-Alzette a Pétange
    • 10 Gemenge mat 3 Schäffen: Bettembourg, Hesperange, Käerjeng, Mamer, Mersch, Sanem, Schifflange et Strassen, wéi och Bous-Waldbredimus a  Groussbus-Wal
    • 85 Gemenge mat 2 Schäffen
  • 799 Gemengerotsmemberen

D’Statistiken iwwert d’Kandidature bei de Gemengewale vum 11. Juni 2023 weisen, zum Beispill, dass den Undeel u Fraen, déi hir Kandidatur gestallt hunn, bei 39% louch.

FAQ

Ass d’Wal obligatoresch?

D’Wal ass obligatoresch fir all d’Wieler, déi op de Wielerlëschten ageschriwwe sinn. Et kann ee sech net ersetze loosssen. D’Bréifwal kann op Demande hin accordéiert ginn.

Méi dozou:

D’Demande fir Bréifwal

Wann et engem onméiglech ass, bei de Wale matzemaachen, muss ee séng Grënn, fir net wielen ze goen, dem zoustännege Procureur d’Etat matdeelen, mat den néidege Justificatiounen.

De Modell vun der Deklaratioun, dass een net ka wiele goen

D'obligatoresch Wal gëllt net fir:

  • D’Wieler, déi zum Zäitpunkt vun de Walen an enger anerer Gemeng wunne wéi där, an där se zur Wal opgeruff sinn;
  • D’Wieler vu méi wéi 75 Joer.

Besteet d’Méiglechkeet vum Vote par procuration?

Neen, kee Wieler ka sech ersetze loossen.

 

Wat fir eng Dokumenter musse en um Waldag matbréngen?

Um Waldag muss ee sech am Walbüro presentéiere mat sénger Carte d’identité, séngem Pass, séngem Titre de séjour oder sénger Carte de séjour.

 

Ween ass vun der Wal ausgeschloss?

Et ass ee vun der Wal ausgeschloss, wann een:

  • Vun engem Riichter zu enger Kriminalstrof veruerteelt gouf.
  • Vun engem Riichter zu enger correctioneller Strof veruerteelt gouf an de Riichter engem dobäi säi Walrecht entzunn huet.
  • 18 Joer huet an ënner Tutelle steet.

 

Wéini gëtt e Walziedel als ongülteg ugesinn?

De Walziedel ass ongülteg:

  • wa méi Stëmme vergi goufe wéi Kandidaten do sinn;
  • wann de Walziedel kee Vote enthält (wäissen Ziedel);
  • wann een op séngem Walziedel eppes aussträicht, drop schreift oder moolt;
  • wann en Zeechen um Walziedel ass, duerch deen een d’Persoun identifizéiere kann;
  • wann en aneren Ziedel oder Géigestand am Walziedel ze fannen ass;
  • wann een eng aner Enveloppe fir fortzeschécke gebraucht wéi déi, déi d’Gemeng geliwwert huet (Bréifwal);
  • wann een en Zeechen op déi neutral Enveloppe mécht, déi ee vun der Gemeng krut (Bréifwal).

 

Wann een eng Behënnerung huet, ass Hëllef beim Wielen erlaabt?

Wann een e visuellen oder e physeschen Handicap huet, kann de President vum Walbüro der Persoun erlaben, sech vun engem Guide oder enger Hëllefspersoun begleeden ze loossen. Wann et engem net méiglech ass, fir selwer ze wielen, kann déi Persoun fir déi aner Kräizer maachen.

Et kann een net an eng Walkabinn begleet gi vu:

  • Kandidate bei de Walen an hir Elteren oder Verwandten bis den zweete Grad mat;
  • Tituläre vun engem nationalen, europäeschen oder kommunale Mandat;
  • Persounen, déi net liesen oder schreiwe kënnen;
  • Persounen, déi vun der Wal ausgeschloss sinn, no den Dispositioune vum Artikel 6 vum Walgesetz.

Wann een net gutt gesäit, huet ee Recht op en taktile Walmodell, dee vum Walbüro zur Verfügung gestallt gëtt. E Member vum Büro kann d’Persoun an eng Kabinn begleeden, fir hir ze hëllefen, hire Walziedel an den taktile Walmodell ze stiechen.

De Wieler, deen net gutt gesäit, ass och autoriséiert ze wielen, andeem en den taktile Walmodell, deen him vum Organissem geliwwert gouf, dee per Règlement grand-ducal dofir designéiert gouf. De Wieler, deen net gutt gesäit, dee wiele kënnt, ouni den taktile Walmodell dobäi ze hunn, kann deen huelen, deen him vum Walbüro zur Verfügung gestallt gëtt, deen hien dem President muss zréckginn, nodeems hie gewielt huet. E Member vum Büro kann de Wieler, deen net gutt gesäit, an eng Kabinn begleeden, fir him ze hëllefen, säi Walziedel an den taktile Walmodell ze stiechen.

 

Kënnen net-Lëtzebuergesch Residente wiele goen?

Jo, net-Lëtzebuergesch Residente duerfen ënnert deenen nämmlechte Konditiounen un de Gemengewalen deelhuelen, ewéi lëtzebuergesch Residenten. Si musse sech bis de 17. Abrëll 2023 op d’Wielerlëschten aschreiwen, an dëst via de Portail Guichet.lu oder op hirer Gemeng.

All d’Informatiounen sinn um Internetsitt Jepeuxvoter.lu regroupéiert.

Aktualiséiert