Plaze fir Bestietnesser a PACSen

D’Bestietnes oder de Partenariat (PACS) ass eent vun de Schlësselerliefnisser am Liewe vun engem Mënsch. Koppelen, déi sech bestuede wëllen, stellen déi am Gesetz virgeschriwwe Formalitéite fir d’Feiere vum Bestietnes oder dem PACS awer ëmmer méi a Fro a wënsche sech eng personaliséiert Feier. Sou e markant Événement verdingt et, fir d‘Leit, déi sech fir d’Liewe banne wëllen, beschtméiglech ze representéieren. Dofir ass et wichteg, hinnen eng der Zäit ugepassten Approche fir d‘Organisatioun vun hirer Feier ze bidden.

D‘Regierung ass sech där Demande bewosst an huet virgeschloen, d’zivil Zeremonien ze moderniséieren, besonnesch d’Biestiednis an de PACS, ouni dobäi d’Dignitéit, d‘Feierlechkeet an den öffentleche Charakter vun dësem offiziellen Akt ze vernoléissegen.

Nei Legislatioun

Mam Gesetz, dat den 19. Mee vun der Chamber guttgeheescht gouf, gëtt engersäits de Code civil an anerersäits d’modifizéiert Gemengegesetz vum 13. Dezember 1988 ofgeännert.

Éischtens kann de Gemengerot eng oder méi aner Plaze fir Bestietnesser nieft der Gemeng bestëmmen, woubäi d’Kritären am Gemengegesetz festgehale ginn.

Zweetens kann de Buergermeeschter méi einfach engem Schäffen oder Gemengerotsmember d‘Aufgabe vum Officier de l’État civil fir e bestëmmt Bestietnes oder e PACS iwwerdroen.

Konditiounen, déi vun de Plaze mussen erfëllt ginn, op deene Bestietnesser oder PACSe kënne gefeiert ginn

De Gemengerot kann all aneren Immeubel wéi d’Gemeng fir Bestietnesser oder PACSen notze kann, déi dës Konditiounen erfëllen:

  1. E muss der Gemeng, dem Stat oder engem Établissement public gehéieren. Fir d’Bestietnes an engem Gebai, dat dem Stat oder engem Établissement public gehéiert, brauch et awer den Accord vum Stat oder vum Établissement public;
  2. e muss um Gebitt vun der Gemeng sinn, an där et zum Bestietnes kënnt;
  3. engem Service public affectéiert sinn;
  4. neutral sinn;
  5. eng feierlech an öffentlech Betietnes- oder PACS-Zeremonie garantéieren;
  6. et dem Officier de l’État civil erméiglechen, séng Aufgaben am Respekt vu sénge Flichten an Oplagen z‘erfëllen.

Sou kann de Gemengerot eng Lëscht opstellen, op där déi méiglech Plaze fir e Betietnes oder PACS um Gebitt vu sénger Gemeng festgeluegt sinn. D‘zukünfteg Koppel huet d‘Méiglechkeet, eng vun deene vun der Gemeng festgeluegte Plazen erauszewielen.

Spezificatioun vun de 6 Konditiounen

Dat neit Gesetz schléit vir, dass net nëmmen Immeubelen zréckbehale ginn, déi am Besëtz vun de Gemenge sinn, mä och därer, déi dem Stat oder engem Établissement public gehéieren. Dat erméiglecht et alle Gemenge vum Land, onofhängeg vun hirer Gréisst, hire Biergerinnen a Bierger d‘Méiglechkeet ze ginn, e Betietnes oder e PACS an engem aneren Immeubel wéi der Gemeng ze feieren. Am Fall vu Besëtz vum Stat oder vun engem Établissement public (z.B. e Gemengesyndikat, de CGDIS) ass et all Kéiers d’Aufgab vun där betreffender Gemeng, vum Stat oder vum concernéierten Établissement public, fir zesummen ze schaffen, fir d’Konditioune fir d’Notze vum Immeubel festzehalen.

Zu den Immeubelen, déi kënnen erausgewielt ginn, gehéiere beispillsweis Gemengen, historesch Monumenter, öffentlech Halen, Festsäll, Schlässer, déi fir Visiten op sinn, Terrainen, Parken, Pompjees- oder Rettungszenteren oder aner Gebaier, déi fir öffentlech Dingschtleeschtungen do sinn.

Déi vum Gemengerot festgehale Plaz fir d‘Feier muss eng öffentlech zougänglech Feier garantéieren.

Donieft muss d’Plaz neutral sein, d.h. si däerf net fir e reliéise Culte genotzt ginn. Fir als neutral ze gëllen, mussen d‘Gemengen aus deene fréiere Culteplazen awer net all d‘Miwwelen oder Dekoratiounsgéigestänn mat reliéisem Bezuch eraushuelen, well den Akt vum Entweien entscheedend ass an duergeet, fir dass do zivil Zeremonië kënnen ofgehale ginn. Ënner "neutral" ass och ze verstoen, dass den Immeubel keen Zweck däerf hunn, dee mat enger politescher, philosophescher, sozialer oder anerer Ideologie verbonnen ass, déi géint d‘Grondwäerter vun enger demokratescher Gesellschaft verstéisst.

Doriwwer eraus muss d’Plaz fir d‘Zeremonie e feierleche Kader duerstellen. Méi prezis muss den Immeubel fir d’Duerchféiere vun enger wierdeger Zeremonie gëeegent sinn.

Flexibilitéit a Bezuch op den Officier de l’État civil

D'Legislatioun erméiglecht et dem Buergermeeschter och, séng Aufgaben als Officier de l’État civil punktuell un e Schäffen oder e Gemengerotsmember z‘iwwerdroen. 

Dat mécht et méiglech, der Zeremonie méi eng lieweg Nott ze ginn. Dëst ass e Schwéierpunkt fir de Legislateur, well et gängeg Praxis ass, dass Koppele froen, vun engem Schäffen oder Gemengerotsmember bestuet oder gepacst ze ginn, mat deem si z.B. befrënnt sinn.

Aktualiséiert