Gemengekontabilitéit

D’Entitéite vum Gemengesecteur notzen e Budgetsplang, dee konform ass zum Plan budgétaire normalisé, deen een an der Annexe vum Règlement grand-ducal modifié du 30 juillet 2013 portant exécution de certaines dispositions du Titre 4. - De la comptabilité communale de la loi communale modifiée du 13 décembre 1988 fënnt.

Den Inneminister designéiert d’Gemengesyndikater an d’Etablissements publics, déi ënnert der Surveillance vun de Gemenge sinn an déi hir Kontabilitéit no de Prinzipie vun der Comptabilité générale hale mussen.

D’Modificatioune vum Gemengegesetz am Titel 4 "De la comptabilité communale" duerch d’Loi du 30 juillet 2013 an de Règlement d'exécution du 30 juillet 2013 féieren e strenge Plan budgétaire normalisé an, dee sech op all d’Entitéite vum Gemengesecteur applizéiert (Gemengen, Gemengesyndikater, Sozialbüroen an aner Etablissementer ënnert der Surveillance vun de Gemengen) an d’Opstelle vu pluriannuelle Finanzementspläng normaliséiert, déi vun elo un och vun deenen Entitéiten z’erstelle sinn, dat mam Zil, fir:

  • eng Transpositioun vun de lokale Konten an d’SEC 2010 Konte vun der EU z’erméiglechen, a fir
  • d’Opstellen an d’Kommunikatioun vu pluriannuelle Projektiounen ze regelen.

Fir et de lokalen, administrativen an technesche Responsablen z’erlaben, d’Uwendung vum Plan budgétaire normalisé a vun de pluriannuelle Finanzementspläng gutt ze verstoen, huet den Inneministère 3 Vademecume preparéiert, an Zesummenaarbecht mam SYVICOL, mat der Association des receveurs communaux du Grand-Duché de Luxembourg, der Association des secrétaires communaux du Grand-Duché de Luxembourg a verschiddene Vertrieder vun de Gemengen; dës Vademecume sinn hei drënner ze fannen.

D’Uwendung an d’Ëmsetzung vum Plan budgétaire normalisé a vun de pluriannuelle Finanzementspläng sinn an de jeeweilege Vademecume beschriwwen.

Dokumenter (franséisch Versioun)

Comptabilité camérale :

Comptabilité générale :

Aktualiséiert