Prioritéits- an Invaliditéitskaarten

Duerch d’ofgeännert Gesetz vum 23. Dezember 1978 iwwert d’Prioritéits- an Invaliditéitskaarte goufen eng Prioritéitskaart a méi Invaliditéitskaarte geschaf, déi vum Inneminister oder sengem Vertrieder ausgestallt ginn.

D’Prioritéitskaart geet u physesch behënnert Leit, déi net gutt goen oder stoe kënnen, och wann hir Invaliditéit manner héich ass wéi 50%. Titulairë vun där Kaart hunn eng Passage- oder Serviceprioritéit, genee wéi eng Sëtzplaz ënner allen Ëmstänn.

Bei den Invaliditéitskaarte gëtt et 3 Kategorien:

  • d’A-Kaarte ginn ausgestallt u Leit, deenen hiren Invaliditéitsgrad tëscht 30 an 49% läit;
  • d’B-Kaarte ginn ausgestallt u Leit, deenen hiren Invaliditéitsgrad iwwer 50% läit;
  • d’C-Kaarte ginn ausgestallt u Leit, deenen hire physeschen oder geeschtegen Zoustand sou ass, dass si sech net ouni d’Hëllef vun enger anerer Persoun déplacéiere kënnen.

D’Prioritéitskaart kann zesumme mat der A-Invaliditéitskaart ausgestallt ginn.

D’Demanden, fir eng Prioritéits- an Invaliditéitskaart ze kréien, mussen an zwee Exemplairen op Basis vun engem Formulaire gestallt ginn, där zwou rezent Passfotoe bäileie musse vun der Persoun, déi se freet.

Aktualiséiert