Gemengenaménagement

PAG - Aktuell Situatioun

D’Situation vun de PAGe stellt sech op den 1. Abrëll 2024 sou duer:

Déi 5 lescht Gemengen, déi mat der Prozedur ugefaangen hunn, sinn:

  • Veianen, den 25. Januar 2023;
  • Koplescht, den 8. Mäerz 2022;
  • Viichten, den 19. Januar 2022;
  • Lenneng, den 17. November 2021;
  • Sandweiler, den 11. November 2021.

Déi 5 lescht Gemengen, déi d’ministeriell Zoustëmmung kruten, sinn:

  • Biwer, den 26. Mäerz 2024 ;
  • Bissen, den 29. Februar 2024 ;
  • Wäiswampech, den 8. Februar 2024 ;
  • Wahl (Groussbus-Wal), den 20. Dezember 2023 ;
  • Tandel, den 12. Dezember 2023.

D'Stadt Wolz huet e PAG "Versioun 2011", deen den alen Territoire vu Wolz vu virun der Fusioun mat Eeschwëller ofdeckt, an e PAG "Versioun 2004", deen den Territoire vun der aler Gemeng Eeschwëller ofdeckt.

PAG - Allgemengheeten

Wat ass e PAG?

De Plan d’aménagement général (PAG), och nach "Allgemenge Bebauungsplang", ass en Ensembel vu grafeschen a schrëftleche Virschrëfte mat reeglementareschem Charakter, déi sech géigesäiteg completéieren an de ganze Gemengenterritoire ofdecken, dee se a verschidden Zonen opdeelen, fir déi se d’Buedemnotzung festhalen.

D’Zil vum PAG ass d’sënnvoll Opdeelung a Planung vu mënschlechen Aktivitéiten an deene verschiddenen Zonen, fir d’nohalteg Entwécklung vun der Gemeng ze garantéieren op Basis vun den Ziler, déi am Artikel 2 vun der Loi modifiée du 19 juillet 2004 concernant l'aménagement communal et le développement urbain definéiert sinn.

All Gemeng soll e PAG hunn, deen hire ganzen Territoire ofdeckt. Zwou oder méi Gemenge kënne sech zesummen dinn, fir e gemeinsame Projet auszeschaffen, dee fir se all als PAG gëllt.

De Moment gëtt et 3 verschidde Regimer vu PAGen:

2017 sinn nei groussherzoglech Reglementer a Kraaft getrueden, parallell zur sougenannter Loi dite « Omnibus ». Et handelt sech ë.a. em de Règlement grand-ducal du 8 mars 2017 concernant le contenu du plan d'aménagement général d'une commune, deen en neie Regime agefouert huet. Dësen huet awer d’Grondstruktur vum Regime vun 2011 net ofgeännert, mä v.a. eng Vereinfachung vun den administrative Contrainten zum Zil gehat.

Wat sinn d’Avantagë vun engem PAG vun der «neier Generatioun»?

De PAG "Versioun 2011" oder vun der “neier Generatioun” erlaabt et de Gemengen, en Handwierksgeschier ze hunn, dat et erméiglecht, d’Erausfuerderungen unzegoen, déi den zäitgenësseschen Urbanismus stellt, andeems nohalteg Quartiere realiséiert ginn, déi den zukënftege Benotzer en héijen Niveau u Liewensqualitéit an enger attraktiver Ëmwelt erlaben.

Déi al PAGe "Versioun 1937" kënnen déi genannten Ziler nëmme schwéier erreechen, well si zevill rigid an uniformiséiert Urbanismusregelen enthalen, wat et kaum erméiglecht, de Contrainten a Spezifissitéiten z’entspriechen, déi déi eenzel Siten hunn, déi sollen urbaniséiert ginn.

Fir d’Realiséiere vun neie Quartiere gesinn d’PAGe "Versioun 2011" eng ganz Rei Instrumenter vir, déi sech net domat zefridde ginn, eenzeg an eleng d‘Surface constructible ze fixéieren, mä éischter dorop aus sinn, e gudde Mix vu Funktiounen (Wunnen, Butticker, Büroen, asw.) ze garantéieren, genee sou wéi e gudde Mix vu Wunntypen (Eefamilljenhaiser, Appartementer, Studioen, integréiert Wunnengen, asw.), déi essentiell Elementer duerstellen, fir Quartieren ze garantéieren, déi eng Sesshaftegkeet vun den Awunner mat sech bréngt an eng héich sozial Cohésioun.

Deemno sinn dës PAGe kapabel, fir eng Baudicht, déi den aktuelle Besoinen entsprécht, an Aklang ze brénge mat engem héijen Niveau u Liewensqualitéit fir d’Benotzer a fir den Défien z’entspriechen, deenen de Grand-Duché, deen en ekonomeschen an demografesche Wuesstem kennt wéi nach ni virdrun, ausgesat ass.

Wat ass d’Adoptiounsprozedur vun engem PAG?

D’Adoptiounsprozedur vun engem PAG erstreckt sech an der Regel iwwer 11 bis 14 Méint.

Wat ass mat den Délaien, déi am Gesetz virgesi sinn?

D’Gemengen, déi nach e PAG "Versioun 1937" hunn, solle sech deem Gesetz upassen, dat de Moment a Kraaft ass, andeems se d’Prozedur, fir e PAG vun der „neier Generatioun“ unzehuelen, spéitstens den 1. November 2019 lancéiere sollten.

De Plan d'aménagement particulier (PAP)

De Plan d’aménagement particulier (PAP), och nach "Deelbebauungsplang", deckt en Deel vum Gemegenterritoire of, deen urbaniséiert ass oder et soll ginn, andeems de PAG, op deen e sech bezitt, ausgeschafft a präziséiert gëtt, woubäi de Benotzungsgrad vum Buedem, deen doran definéiert ass, respektéiert gëtt. En definéiert en Ensembel u reeglementaresche Virschrëften urbanistescher Natur, am Respekt vun den Ziler vum Artikel 2 vun der Loi modifiée du 19 juillet 2004 concernant l'aménagement communal et le développement urbain (Nohaltegkeet, harmonesch Entwécklung vun de Quartieren, Liewensqualitéit vun den Awunner, asw.).

Et ënnerscheed een tëscht zwou Zorte vu PAPen, dem PAP "nouveau quartier" (PAP NQ) an dem PAP "quartier existant" (PAP QE).

  • De PAP NQ deckt eng Zon of, déi soll urbaniséiert ginn, proposéiert e konkreten Urbanisatiounsprojet an definéiert d’Form vum ëffentleche Raum, d’Lousen, déi ze bebaue sinn, souwéi d’zukënfteg Bauten. E muss e schrëftlechen an e grafeschen Deel hunn, genee wéi e Rapport justificatif;
  • De PAP QE deckt sengersäits eng Zon of, déi komplett viabiliséiert ass, an definéiert d’Integratiounsreegele vu Bauten no de Charakteristike vun deem, wat scho gebaut ass. E muss op Initiativ vun der Gemeng ausgeschafft ginn, parallell zum PAG ugeholl ginn an e schrëftlechen Deel hunn.

Concertatiounsplattform PAP

D’Concertatiounsplattform huet als Zil, et de Gemengen a Projetsinitiateuren z’erlaben, sech virum Ausschaffe vun engem PAP beroden ze loossen, ier den Dossier offiziell fir d’Adoptiounsprozedur virgeluecht gëtt.

Wann Dir e Rendez-vous mat der Plattform wëllt huelen, da fëllt w.e.gl. déi annexéiert Fiche aus a schéckt Är Ufro via Mail un de Responsabele vun der Concertatiounsplattform PAP, deen Dir am Annuaire vun der Direktion fannt.

Reglement iwwer d'Bauten, déi ëffentlech Verkéiersweeër an d'Siten

Den Artikel 38 vun der Loi modifiée du 19 juillet 2004 concernant l’aménagement communal et le développement urbain gesäit vir, dass all Gemeng e Reglement iwwer d'Bauten, déi ëffentlech Verkéiersweeër an d'Sitë muss hunn (vun elo u Bautereglement genannt).

D’Bautereglement dréint an der Haaptsaach ëm d’Soliditéit, d’Sécherheet, d’Hygiène, d’Nohaltegkeet an d’Bequemlechkeet vum ëffentleche Raum, vun de Siten, Bauten, Gebaier an Installatioune genee wéi hirer Ëmgéigend, entspriechend dem Artikel 39 vum uewe genannte Gesetz. Am Bautereglement ginn donieft d’Prozedure festgehalen, fir eng Baugenemegung auszestellen, d’Normen, wat den Aménagement vu Chantieren ugeet souwéi d’Reegelen a puncto Brandpreventioun an Zerstéiere vu Gebaier.

Et enthält net méi, sou wéi an der Vergaangenheet, urbanistesch Virschrëfte wéi Bestëmmungen iwwert d’Ofstänn oder Héichte vu Bauten, déi vun elo un eenzeg an eleng an de PAPen ze fanne sinn.

Aktualiséiert