Gemengenagenten a Verwaltungssanktiounen

D'Gesetz vum 27. Juli 2022 "relatif aux sanctions administratives communales et à l'élargissement des compétences des agents municipaux" huet als Zil, de Gemengenagenten d’Erlabnis ze ginn, fir engersäits Infractioune festzestellen, déi an de generelle Policereglementer festgehale sinn a mat Geldbousse bestrooft ginn, sief et mat administrativen oder strofrechtlechen, a fir anerersäits e Proximitéitsservice unzebidden, fir d’Zesummeliewen an de Gemengen ze verbesseren.

Sou erméiglechen et d’Bestëmmunge vum Gesetz:

  • de Gemengenagenten hir Roll opzewäerten;
  • d’Police an d’Justiz z’entlaaschten;
  • d’Proximitéitsmissioune vun de Gemengenagente kloer ze definéieren;
  • eng Lëscht vu klengen Infractiounen opzestellen, déi mat administrative Strofe vun tëscht 25 an 250 € bestrooft ginn;
  • eng Prozedur vun administrative Strofen anzeféieren, déi awer och d’Droits de la défense schützen.

D’administrativ Sanktiounen

D’administrativ Sanktioun ass «en eesäitegen administrativen Akt mat bestrofendem Inhalt». D’Gemenge kënnen déi virgesinnen Incivilitéiten aus der Lëscht ënnendrënner an hir generell Policereglementer ophuelen. Si féieren dozou, datt een eng eenheetlech Tax vu 25 € bezuele muss, soss zu enger administrativer Strof tëscht 25 an 250 €, déi vum Fonctionnaire sanctionnateur gesprach gëtt.

Mannerjäereger kënnen net duerch eng administrativ Sanktioun bestrooft ginn.

D’Lëscht vun de Faiten, déi mat administrative Strofe bestrooft ginn, gesäit dës 17 Infractioune vir:

  • den ëffentleche Raum besetzen, fir e Beruff, eng industriell, kommerziell, handwierklech oder kënschtleresch Aktivitéit auszeüben, fir déi ee keng Geneemegung huet;
  • Méimaschinnen, Seeën oder aner Apparater benotzen, déi Kaméidi maachen, dat baussent den Zäiten, déi vun der Gemeng erlaabt sinn;
  • op de Stroossen, am ëffentleche Raum oder op ëffentleche Plaze Matièrë geheien oder explodéiere loossen, déi Damp, Kaméidi, Gestank maachen oder d'Ae reizen;
  • Wueren op- an oflueden, ouni Geenemegung vum Buergermeeschter a baussent de virgesinnen Zäiten;
  • am ëffentleche Raum Radioen oder aner elektronesch Geräter gebrauchen, déi Kaméidi maachen, ouni Geneemegung vum Buergermeeschter;
  • de Fonctionnement vum ëffentleche Geliichts stéieren;
  • am ëffentleche Raum e Feier maachen, ouni Geneemegung vum Buergermeeschter;
  • ëffentlech Leitungen, Kanalisatiounen, Kabelen an Installatioune manipuléieren;
  • Planze beschiedegen, déi d’Gemeng am ëffentleche Raum installéiert huet;
  • den Hondsdreck am ëffentleche Raum net ewechmaachen;
  • Hënn op Spillplazen, bei Schoulen oder op aner Plaze loossen, op déi si net däerfen;
  • baussent den erlaabten Zäiten op Chantiere schaffen;
  • Cafés- oder Restaurantsterrassen iwwert den erlaabte Perimeter eraus installéieren;
  • baussent den Ouvertureszäiten ëffentlech Spillplaze besetzen;
  • am ëffentleche Raum Dreckseemeren an -tuten déposéieren, ier déi agesammelt ginn;
  • den ëffentleche Raum ronderëm Chantieren an Op- an Ofluedplaze blockéieren;
  • op d’Äis vu Kanäl, Baséngen, Weieren a Flëssleef goen, ausser mat der Geneemegung vum Buergermeeschter.

Schliisslech kënnen d’Gemengenagente Kontrolle maache fir eng besser Sanktioun vum Phenomeen vum “Littering”, also vum Zréckloossen oder Ewechgeheie vun Offäll op ëffentleche Plazen oder an der Natur, z’erméiglechen.

Wéi funktionnéiert de System vun den administrative Sanktiounen?

Schematesch kann een de System vun den administrative Sanktioune sou resuméieren:

 

Wann de Gemengenagent eng Infractioun festgestallt huet, kritt d’Persoun bannent 15 Deeg eng Tax vu 25 € ze bezuelen, fir dem Ausléise vun der administrativer Prozedur z’entgoen, déi zu enger potenziell méi héijer Strof,plus Verwaltungsfraisen, féiere kann. Wann dës Persoun d’Geldstrof net bezillt, hëlt sech de Fonctionnaire sanctionnateur vum Inneministère dem Dossier un. Deen décidéiert dann, ob eng Strof gesprach gëtt, an hie fixéiert de Montant dovun, op Basis vum generelle Policereglement vun der betraffener Gemeng. Déi bestroofte Persoun ka virum Tribunal administratif e Recours aleeën, wa se d’Faite contestéiert.

De Proximitéitsservice

Virum Hannergrond vun engem Onsécherheetsgefill an der Populatioun kann d'verstäerkt Presenz vu Gemengenagenten am ëffentleche Raum Sécherheet ginn. D'Gesetz definéiert awer och d’Proximitéitsmissioune vun de Gemengenagente kloer, wat bis elo net de Fall war:

  • Sensibiliséierung vun de Leit op d’Sécherheet, op d’Präventioun vun Incivilitéiten an op verschidde Regelen, déi am ëffentleche Raum gëllen;
  • Melle vu Sécherheets-, Ëmwelt- a Voiriesproblemer;
  • Hëllefe beim iwwert-d’Strooss-goen, z.B. bei Schoulen;
  • Iwwerwaache vun Eegentum vun der Gemeng bei Gemengenévénementer;
  • Bäistand vu Leit, déi en Noutfall, en Accident, asw. hunn, andeems Éischt Hëllef geleescht gëtt, bis d’Rettungsdéngschter ukomm sinn.

D’Valorisatioun vun der Roll vum Gemengenagent

D’Gemengenagente musse spezifesch Formatioune maachen, fir déi nei Missiounen, déi si duerch dëst Gesetz kréien, z’erfëllen. Dës Formatioune ginn z.B. iwwert d’Recherche an d’Feststellung vun Infraktiounen oder déi penal Dispositiounen.

Fir d’Missioune vum Proximitéitsservice z’erfëllen, mussen d’Gemengenagente Coursen iwwert d’Präventioun vu Verbriechen, d’Sensibiliséierung vun der Bevëlkerung, d’Verkéierssécherheet oder och en Éischt-Hëllef-Cours maachen.

An der Ausféierung vun hire Missiounen droen d’Gemengenagenten d’Uniform an d’Ofzeechen, déi hir Gemeng bestëmmt huet. Si agéieren ënnert der Autoritéit vum Buergermeeschter a schaffe mat der Police a mam Corps grand-ducal d'incendie et de secours (CGDIS) zesummen.

Aktualiséiert