Nationale Plang fir d’Organisatioun vun de Rettungsdéngschter

De Plan national d’organisation des secours (PNOS), deen an der Loi modifiée du 27 mars 2018 portant organisation de la sécurité civile festgehal ass, stellt de Programme directeur duer, deen d’Grondausriichtung a Saachen zivil Sécherheet fixéiert. Dës Ausriichtung ass eng Ambitioun vum Corps grand-ducal d'incendie et de secours (CGDIS).

Wat ass de PNOS?

De PNOS huet als Zil, en Inventaire vun alle Risiken ze maachen, déi et um Territoire vum Grand-Duché gëtt, an d’Objektiver ze definéieren, fir se ofzedecken.

En huet 3 Funktiounen:

  • eng essentiell Funktioun, déi et erlaabt, de Serviceniveau a Saachen Hëllef fir Résidenten an Net-Résidente vum Grand-Duché ze fixéieren;
  • eng zukunftsorientéiert Funktioun, déi festhält, wéi de CGDIS 2025 ausgesäit a mat wat fir engem Szenario vun der Entwécklung vun de Risiken e wäert konfrontéiert ginn;
  • eng Funktioun vu Leede vun den Handlunge vum CGDIS, déi ë.a. seng operationell Organisatioun a säin Organigramm justifizéiert, seng operationell an intern Reglementer, seng Rekrutéierungs-, Formatiouns-, Equipements- a Infrastrukturpläng.

De PNOS stellt de Programme directeur vum CGDIS duer.

Wéi ass en opgebaut a wat enthält en?

De PNOS besteet aus 5 Deeler. Vun der Beschreiwung vun allen Aspekter a Charakteristike vum Grand-Duché (geografescher, demografescher, vun den Transportinfrastrukturen an den ekonomeschen a sozialen Aktivitéiten asw. hier) ausgoend, kann een 3 Zorte vu Risiken identifizéieren, nieft de Menacen. Et handelt sech ëm:

  • de geleefege Risiko vum Alldag: Et ass deen heefegsten, och wa säin Eescht begrenzt ass. E besteet aus Operatioune vun dringender Hëllef fir Persounen, der Lutte géint Feier oder dem Erausschneide vun Verongléckte bei Verkéiersaccidenter;
  • de besonnesche Risiko: D’Frequenz ass net héich, am Géigesaz zum Eescht. En entsteet op Grond vun Naturphenomeener (Iwwerschwemmungen, Äerdrëtsch, Wiederen, Tornadoen, etc.) oder op Grond vun enger technologescher Défaillance a Risikobetriber (16 Entreprise si SEVESO-klasséiert);
  • den aussergewéinleche Risiko: Et ass net anzeschätzen, wéini an ob et dozou kënnt. Et ka sech ëm en Äerdbiewen handelen, Attentater oder béiswëlleg Akte géintiwwer Institutiounen (NATO an Europäesch Unioun), IT-Réseauen oder aner Servicer an der Stad oder zu Esch-Uelzecht).

All dës Risiken oder potenziell Menacë bréngen Hëllefsoperatioune mat sech. Hir Analys weist, dass:

  • d’Operatioune vun dringender Hëllef fir Persounen iwwer 75% vun den Hëllefsoperatiounen duerstellen, iwwerdeems Feiere mol net 4% representéieren;
  • de wichtegste besonnesche Risiko ass dee vun Iwwerschwemmungen;
  • wat Menacen oder béiswëlleg Akten ugeet, schéngt de Grand-Duché verschount ze sinn.

Nom Opzielen an nom Identifizéiere vun de Risike muss gekuckt ginn, wéi de CGDIS d’operationell Ofdeckung vun deene Risiken a potenzielle Menacen assuréiert. Fir dës Analys ginn déi 5 néideg strategesch Funktioune gekuckt: d’Préventioun, d’operationell Prévisioun a Planificatioun, d’Interventioun an d’Evaluatioun. D’Interventioun entsprécht der Realisatioun vun Hëllefsoperatiounen, iwwerdeems déi 4 aner Funktiounen zum Domaine vun der Organisatioun vum CGDIS a vu senge funktionellen Direktiounen, Zoneservicer a lokalen Unitéite gehéieren.

D'Analyse stellt fest, dass:

  • grouss Efforten ze leeschte sinn a puncto Organisatioun, fir Konzepter vu Préventioun, operationeller Prévisioun a Planificatioun an Evaluatioun auszeschaffen an ëmzesetzen;
  • de CGDIS:
    • 100 Centres d’incendie et de secours huet, Geräter a rezent Material, déi fir de geleefege Risiko adaptéiert sinn;
    • 9 Groupes d’intervention spécialisés, mat Geräter a Material;
  • de CGDIS, bei enger gewësser Unzuel un Hëllefsoperatiounen, en Délai erreecht vu 15 Minutten, fir op der Plaz unzekommen.

Aus dëser Analys ergi sech zwou grouss Achse vun Entwécklung am Hibléck op 2025:

  • um operationelle Plang wäert et zu engem Erhéijen an enger Diversifizéierung vun den Hëllefsoperatioune kommen. Engersäits wäert déi geschate Progressioun vun der Unzuel u Résidenten a Frontaliere méi eng grouss Aktivitéit vun dringender Hëllef fir Persounen, Feieren a Sauvetage zur Folleg hunn. Anerersäits muss sech d’operationell Organisatioun un d’Entwécklung vun neie Produktiouns- an Transportmodussen adaptéieren, mä och un dat méi heefegt Optriede vun neie Risiken duerch de Klimawandel, wéi uerg Wiederen, grouss Hëtzten an Dréchenten oder d’Opkomme vun neie Virussen oder Menacen, fir deenen entgéint ze wierken;
  • a puncto Organisatioun mussen néideg Konzepter, déi haut feelen, entwéckelt an ëmgesat ginn, fir eng Ëmsetzung vun der Hëllef ouni Contrainten z’erméiglechen.

Virun deem Hannergrond ass et d’Zil vum PNOS, fir eng Strategie ze proposéieren, déi d’Stäerkten an d’Consolidéiere vum CGDIS virgesäit, fir dass en am Hibléck op 2025 folgend Objektiver kann erreechen:

  • eng operationell Ofdeckung vu manner wéi 15 Minutte garantéieren, an 90 bis 95% vun de Fäll vun dringender Hëllef fir Persounen, Feieren a Sauvetage;
  • Äntwerte fannen op Froe vu besonnesche Risiken a vu potenzielle Menacen;
  • d’Integratioun vu CGDIS-Partner an d’operationell Gestioun;
  • eng Kultur vun der Préventioun vu Risiken a vun der ziviller Sécherheet fërderen, fir fir d’Resilienz vun der Populatioun ze suergen.

Et geet drëms, d’operationell Organisatioun vum CGDIS z’optimiséieren, fir d’Ziler vun der Ofdeckung a vum Opbaue vun enger Féierungsorganisatioun z’erreechen a fir den operationelle Missiounen ze dingen.

An deem Sënn besteet den Haapteffort an engem Stäerke vum haaptberuffleche Personal, fir déi fräiwëlleg Pompjeeën z’ënnerstëtzen. Deen Effort deelt sech op 3 Domainer op:

  • d’Erhéije vun der Unzuel un operationelle Beruffspompjeeën. Fir d’operationellt Beusprochen opzefänken a fir beim Délai de départ Zäit ze gewannen, gëtt geschat, dass ongeféier 1.100 Beruffspompjeeën néideg sinn;
  • d’Dispositioun, féier oder spéider, vun enge 430 Beruffspompjeeë fir Préventiouns-, Planificatiouns-, Formatiouns- an Encadrementsmissiounen, opgedeelt op d’funktionell Directiounen, d’Zoneservicer an d’lokal Unitéiten;
  • e geschatene Besoin u 425 bis 460 Leit fir d’administratiivt an technescht Personal a fir d’Ënnerstëtzung vun de Pompjeeën.

Fir déi Strategie ëmzesetzen, ass bis 2025 en zolitte finanziellen Effort néideg vun enger duerchschnëttlecher Erhéijung vum CGDIS-Budget, pro Joer, vun 8%.

Zu gudder Lescht muss de CGDIS och an der Lag sinn, fir am Ausland an den Asaz ze goen, kuerzfristeg, op Demande hi vun den Autoritéiten, déi d’international Hëllef koordinéieren, an no Accord vun der Regierung, am Kader vun der europäescher Reserv vun der Protection civile.

Wéi gëtt de PNOS ëmgesat?

De PNOS ass, an enger éischter Phas, de Gemengen, dem Conseil supérieur de la sécurité civile an dem Gesondheetsminister fir Consultatioun virgeluegt ginn. Si goufen den 1. Mäerz 2021 domat befaasst an haten 3 Méint Zäit, fir hiren Avis zur Strategie an zum proposéierte Contrat opérationnel ofzeginn. 

Nodeems de PNOS den 20. Oktober 2021 vum Ministerrot ugeholl ginn ass, mussen déi néideg Aktiounen definéiert a lancéiert ginn, fir de Plang ëmzesetzen. Do virdru mussen d’CISe kategoriséiert ginn, wat et erlaabt, hire Potentiel opérationnel journalier (POJ) ofzeleeden, den Equivalent vun deem, wat e CIS iwwer 24 Stonne muss an der Lag sinn ze leeschten.

Dee POJ erméiglecht et, dank der Hëllef vun de funktionellen Direktiounen, den Zoneservicer an de lokalen Unitéiten, fir d’Rekrutéierungs-, Formatiouns-, Equipements-, Kleeder-, Kasärebaupläng, asw. ze definéieren an ëmzesetzen.

Webinaire

Ronn 90 Buergermeeschteren, Schäffen a Gemengeconseilleren hun de 25. Mäerz 2021 um Webinaire iwwert de PNOS deelgeholl.

Aktualiséiert