De Baulandvertrag

D’Zil vum Projet de loi « Baulandvertrag » ass et, fir, engersäits, d’Offer un disponibelen Terrainen eropzesetzen, am Hibléck op d’méi séiert Schafe vu Wunnengen, a fir, anerersäits, souwäit wéi méiglech d’Spekulatioun mam Buedem (Foncier) an déi ongesond Entwécklung vun de Wunnengspräisser a Grenzen ze halen.

D’Roll vum Aménagement communal a Saache Logement

D’modifizéiert Gesetz vum 19. Juli 2004 iwwert den Aménagement communal an den Développement urbain spillt, am Kontext vun engem manifeste Manktem u Wunnengen, eng Schlësselroll, well et d’urbanistesch Organisatioun an d’Entwécklung vun de Gemenge reegelt.

Wéinst de Prérogativen, déi d’Gemengenautonomie den Décideuren op Gemengenniveau gëtt, leet dës Gesetzgebung d’Baupotenzial an den eenzelne Gemenge fest. Dat stellt eng indispensabel Viraussetzung fir d’Entwécklung vun neie Wunnquartieren duer.

Am Plan d'aménagement général (PAG), deen de ganze Gemengenterritoire ofdeckt, gëtt déi zukënfteg Entwécklung vun der Gemeng festgeluegt.

Vun der "Negativplanung” bei d’"Positivplanung"

Hautzedaags hänkt déi konkret Realisatioun vun engem Bauprojet, wann d’Buedemnotzung am PAG bis fixéiert ass, komplett vum Wëlle vun de Proprietären of.

Den aktuelle PAG schreift nämlech keng bindend Délaie vir, bannent deenen d’Proprietäre mat Bauaarbechten ufänke mussen. Deemno ginn d’Terrainen, déi als bebaubar désignéiert goufen, dacks net hirer Bestëmmung zougefouert.

Dobäi kënnt, dass Gemengenautoritéiten Terrainen an eng Zone constructible klasséieren, andeems si déi reell Urbaniséierungsabsichte vun de concernéierte Proprietären ignoréieren. D’Klassementer berouen deemno dacks um eenzege Kritär vun der Conformitéit zum Intérêt général, ouni eng Garantie fir d'Urbanisatioun an d’Schafe vu Wunnengen an engem bestëmmtenen Délai ze ginn.

Dës Ëmsetzung vum Gemengenaménagement, ouni partizipativ Approche, an déi déi concernéiert Proprietären agebonne sinn, «Negativplanung» genannt, steet der collaborativer Planifikatioun, «Positivplanung» genannt, géintiwwer, déi d’Proprietäre vu Land dozou incitéiert, aktiv un der Stadentwécklung deelzehuelen.

De «Baulandvertrag»

De «Baulandvertrag» soll d’Erschléissung vu Bauterrainen an de konkrete Bau vu Wunnengen accéléréieren, duerch d’Aféiere vun Deadlinë fir d’Aarbechten.

Et si Sanktioune virgesinn, wann d’Proprietären hir Terrainen net bannent den Délaien, déi am PAG fixéiert sinn, erschléissen oder bebauen. Wa keng Aarbechte bannent deenen Délaien ugefaange ginn, ka fir déi nächst 6 Joer net méi op deem Terrain gebaut ginn. D’Net-Anhaale vun de Fristen huet dofir e groussen Afloss op de Wäert vum Terrain.

Nieft de Sanktioune schaaft de «Baulandvertrag» och nei Servituden am PAG. Déi hunn de Virdeel, de Mechanissem méi transparent ze maachen, well déi nei Virschrëften am PAG fixéiert ginn.

Administrativ Vereinfachung

De Moment erstreckt sech d’Prozedur vun enger PAG-Modifikatioun iwwer en Zäitraum vun ongeféier 12 Méint.

Am Sënn vun enger administrativer Vereinfachung a fir de Gemengen et z’erlaben, dës Servituden un d’Realitéite vum Terrain unzepassen, gesäit de Gesetzesprojet vir, eng vereinfacht Prozedur vun enger punktueller Modifikatioun vun de PAGen anzeféieren, am Stil vun der vereinfachter Prozedur aus dem sougenannten «Omnibus»-Gesetz fir d’punktuell Modifikatioun vun de Plans d'aménagement particulier (PAP) «nouveau quartier».

Doduerch kéint d’Dauer vun der Prozedur vun enger PAG-Modifikatioun op 7 Méint verkierzt ginn, wat de Virdeel hätt, d’Offer un disponibelen Terrainen z’erliichteren an z’accéléréieren, wat zum Schafe vu Wunnenge féiere géif, ë.a. vun abordable Wunnengen.

De ministerielle Remembrement

De Gesetzesprojet féiert donieft de Mechanissem vum ministerielle Remembrement an.

De Remembrement kann een als Regruppement oder Erëmverdeelung vun Terrainen ugesinn, fir d’bestoend Parzellen ëmzegestalten, soudass se am Aklang si mat de Bauterrainen, déi an engem PAP fixéiert sinn.

An der Praxis huet sech gewisen, dass Terrainen, déi engem PAP ënnerleien, dacks eng komplex Parzelleconfiguratioun hunn a ville Proprietäre gehéieren, wat bei der Realisatioun vun neie Wunnquartieren alt mol zu Blocagë ka féieren.

Dëst Aféiere vun engem neie Remembrementsinstrument wäert där Problematik entgéintwierken.

Dozou kënnt et an Zukunft duerch e forcéierte ministerielle Remembrement, an deene Fäll, an deenen eng Partie vun de Proprietären net averstan ass mat engem Bauprojet.

Op Demande hi vum Schäfferot oder vun engem oder méi Proprietäre kann den Inneminister d’Parzellen nei configuréieren, fir se an Aklang ze brénge mat de Virschrëften, déi am PAP fixéiert sinn.

Den Deel vu Proprietären déi sech widdersetzen, deen néideg ass fir d’gutt a séier Ausféierung vum PAP, kann an Zukunft déplacéiert an op méi eng spéit Phas vun der Entwécklung no hanne verréckelt ginn. Entgéint dem aktuelle Regime, an deem een eenzege retizente Proprietär d’Stadentwécklung ganz blockéiere kann, wäert dat neit Instrument et erlaben, eng grouss Partie vun de PAPen auszeféieren, déi sou Parzellen ofdecken.

De ministerielle Remembrement wäert sou d’Ausféierung vu Bauprojete vun neie Quartieren erméiglechen, och am Fall vun engem Désaccord tëscht Persounen, fir de Blocage vu verschiddene Projeten iwwer Joren oder Jorzengten ze verhënneren.

Aktualiséiert