De PAG am Iwwerbléck

Aktuell Situatioun

D’Situatioun vun de PAGen gesäit den 1. Juli 2019 folgendermoossen aus:

 

 

Situation au 01/07/2019

Déi läscht fënnef Gemengen déi d’Prozedur ugefaangen hu sinn:

  • Rëmeleng, de 25. Juni 2019;
  • Déifferdeng, de 19. Juni 2019;
  • Pëtscht, den 11. Juni 2019;
  • Préizerdaul, de 4. Juni 2019;
  • Gréiwemaacher, de 4. Juni 2019.

D’Stad Wolz huet aktuell zwou Zorte PAGen: e PAG "Versioun 2011" um Territoire vun der Stad Wolz virun der Fusioun mat der Gemeng Eschweiler, an e PAG "Versioun 2004" um Territoire vun der fréierer Gemeng Eschweiler.

D’Gemeng Esch-Sauer huet aktuell e PAG „Versioun 2004“ um Territoire vun der fréierer Gemeng Esch-Sauer virun der Fusioun mat de Gemengen Heischent an Néngsen, an e PAG "Versioun 1937" um Territoire vun de fréiere Gemengen Heischent an Néngsen.

Allgemenges

Wat ass e PAG vun der "neier Generatioun" ?

Den allgemenge Bebauungsplang (PAG) besteet aus engem grapheschen an engem schrëftlechen Deel, déi allen zwee reglementaresch Valeur hunn. De PAG deckt de gesamten Territoire vun enger Gemeng of an deelt dësen a verschidden Zonen an, an deenen een d’Baupotential definéiert.

Aktuell ginn et 3 verschidde Versioune vu PAGen um Lëtzebuerger Territoire, déi op der Basis vun der jeeweils aktueller Gesetzeslag erschafft goufen. Als PAG vun der "neier Generatioun" gëllen déi PAGen ab 2004.

Wat sinn d’Virdeeler vun engem PAG "Versioun 2011" ?

De PAG "Versioun 2011" erméiglecht et de Gemengen, den Erausfuerderunge vun engem modernen Urbanismus gerecht ze ginn, well en d’Realisatioun vun nohaltege Quartieren erliichtert, an deenen de Leit eng héich Liewensqualitéit an en attraktiivt Ëmfeld gebuede ginn.

Déi al PAGen "Versioun 1937" kënnen dësem Zil nëmme schwéier gerecht ginn, well déi urbanistesch Regelen doranner ze streng a rigid sinn an et dee Moment net erlabe flexibel op d’Gegebenheete vun de jeeweilegen Terrainen, op deenen en neie Quartier entwéckelt soll ginn, ze reagéieren.

Fir d’Entwécklung vun neie Quartieren, proposéiert de PAG "Versioun 2011" eng ganz Rei vun Instrumenter, déi sech net drop beschränken, de Bauvolumen ze definéieren, mee och eng gutt Mëschung vu Wunn- a Schaffraim, respektiv vu verschiddenen Typpe vu Logementer (Eefamilljenhaiser, Appartementer, Studioen, "Einliegerwohnungen"...), ze erméiglechen. Dëst sinn essentiell Elementer fir lieweg Quartieren ze schafen, an deenen d’Leit gäre wunnen an d’sozial Kohäsioun gefërdert gëtt.

Dës nei PAGen erméiglechen et, d’Densitéit bei der Bebauung ze erhéije fir dem ekonomeschen an demographesche Wuesstem am Grand-Duché gerecht ze ginn, ouni dobäi op Liewensqualitéit mussen ze verzichten.

Wéi en Delai gesäit d’Gesetz vir?

Déi Gemengen déi haut nach e PAG "Versioun 1937" hunn, mussen sech un d’Virgabe vun der aktueller Gesetzgebung halen, andeems si d’Prozedur fir d’Adoptioun vun engem PAG vun der "neier Generatioun" bis spéitstens den 1. November 2019 ufänken.

Aktualiséiert