Aleedung
Verstäerkung vum Service d'aide médicale urgente
Reform vun de Rettungsdéngschter
An der Sëtzung vum 31. Juli 2015 huet de Regierungsrot e Gesetzprojet iwwer d’Organisatioun vum Zivilschutz an d’Schafe vun engem groussherzogleche Feier- a Rettungscorps ugeholl.
Fir d’Mängel vum aktuelle System ze behiewen huet d'Reform vun de Rettungsdéngschter folgend Ziler:
- d'Ofdeckung vun de Risiken ze verbesseren andeems Schutzziler bestëmmt an areecht ginn;
- d’Ressourcen z’optimiséieren duerch eng Ofweihung tëschent de Risiken an de néidege Mëttelen fir se ofzedecken;
- d’Schafe vun enger nationaler an eenheetlecher Struktur fir den Ensembel vun den ëffentleche Rettungsdéngschter opgrond vun enger Approche vun nationaler Solidaritéit;
- d’Ëmsetzung vun enger Hierarchie ouni Ambiguitéit, déi et erméiglecht d’Eenheetlechkeet an d’Kontinuitéit vun der Kommandostruktur vun de Rettungsoperatiounen ze sécheren an d’Relatiounen tëschent de politeschen an techneschen Responsablen vun enger Interventioun kloerzestellen;
- d’Noutwennegkeet vun engem beruffleche Personal, fir d’Disponibilitéit vun de Rettungsdéngschter ze sécheren, andeems eng wichteg Plaz fir d’Fräiwëllege bannent dësem System gehal gëtt;
- d'Bestëmmung vun engem professionnelle Profil an enger Ausbildungsreferenz fir d’Rettungsdéngschtagenten;
- d'Unerkennung vum fräiwëllegen Asaz vun dausende vu Fraen a Männer am Déngscht vun dem Aneren.
De Projet proposéiert d’Schafe vun engem ëffentlechen an administrativen Etablissement, dee sougenannte "Corps grand-ducal d’incendie et de secours" (CGDIS) (=Groussherzogleche Feier- a Rettungscorps) als nei Opnahmsstruktur fir d’Rettungsdéngschter. Et handelt sech ëm eng intensiv Zesummenaarbecht tëschent dem Staat an de Gemengen, déi sech d’Responsabilitéit fir d’Rettungsdéngschter am Grand-Duché deelen. Dës eenheetlech Struktur erméiglecht eng integréiert, effikass an effizient Gestioun vun all den Aspekter betreffend der Organisatioun vun de Rettungsdéngschter (operationell, technesch, administrativ a finanziell).
D’Synergië vermeiden de sougenannten “double Emploi” an déi aktuell Ënnerscheedung tëschent der Protection civile an de Pompjeeën a Rettungsdéngschter um kommunalen Niveau. D’eenheetlech Struktur erméiglecht eng méi gerecht Finanzéierung vun de Rettungsdéngschter zesumme mat enger Käschteverdeelung tëschent deene verschiddenen Akteuren, déi d’tatsächlech Besoinen a Prioritéiten, déi vum nationale Rettungsorganisatiounsplang bestëmmt goufen, betruecht.
Chronologie (op Franséisch)
30. September 2018
1ère Journée nationale de la sécurité civile
25. September 2018
Première remise des grades du CGDIS
1. Juli 2018
CGDIS 112 - un seul corps, un seul numéro
23. Juni 2018
Le nouveau design des véhicules CGDIS
16. Juni 2018
Le CGDIS recrute 50 fonctionnaires de l’État pompier professionnels
24. Mee 2018
Règlement grand-ducal du 24 mai 2018 déterminant les communes qui composent les zones de secours
17. Mee 2018
Première réunion du conseil d'administration du CGDIS
5. Mee 2018
Colloque des cadres des services de secours
25. Abrëll bis 16. Mee 2018
Réunions d'information régionales
26. Mäerz 2018
Présentation de l’échéancier et du visuel du Corps grand-ducal d’incendie et de secours
22. Mäerz 2018
Lettre du ministre Dan Kersch aux membres des services de secours
20. Mäerz 2018
Vote du projet de loi portant organisation de la sécurité civile et création d'un Corps grand-ducal d'incendie et de secours
2. Dezember 2017
Colloque des cadres des services de secours: "On a besoin de vous tous!"
13. November 2017
Dan Kersch rencontre les représentants de l’ALIAR
7. Juli 2017
Présentation de la campagne de recrutement "Au secours, 50 jobs à saisir"
29. Juni 2017
Dan Kersch a intensifié les échanges de vues avec les dirigeants des services de secours
24. März 2017
Pose de la première pierre du Centre national d'incendie et de secours
26. November 2016
Colloque des cadres: Dan Kersch a intensifié les échanges de vues avec les dirigeants des services de secours
28. Juni 2016
Le nouveau "ELS: Einsatzleitsystem" du Central des secours d'urgence CSU 112 est opérationnel
22. Abrëll 2016
Présentation des amendements gouvernementaux concernant le projet de loi sur la réforme des services de secours
19. Mäerz 2016
Colloque des cadres: Dan Kersch a intensifié les échanges de vues avec les dirigeants des services de secours
15. Mäerz 2016
Présentation du nouveau système de traitement et de régulation des appels et de gestion des interventions "ELS: Einsatzleitsystem" du CSU 112
15. Oktober 2015
Centre national d’incendie et de secours: projet définitif, devis définitif et calendrier
31. Juli 2015
Adoption du projet de loi portant organisation de la sécurité civile et création d’un Corps grand-ducal d’incendie et de secours
Legislatioun (op Franséisch)
Règlement grand-ducal du 13 juillet 2018 sur les associations et organismes de secours agréés
Règlement grand-ducal du 24 mai 2018 déterminant les communes qui composent les zones de secours