Direktiounen

Direktioun vun de kommunalen Ugeleeënheeten

Dës Direktioun ass generell zoustänneg fir d’Relatiounen tëschent dem Staat an den Entitéiten aus dem Gemengesecteur an alle kommunale Froen.

Si bekëmmert sech ënnert anerem ëm den administrative Kontroll vun de Gemengen, de Gemengesyndikater an den ëffentlechen Etablissementer, déi ënnert der Opsiicht vun de Gemenge stinn.

Haaptsächlech traitéiert dës Direktioun folgend Dossieren:

  • Gemengereglementer;
  • Verträg a Kontrakter;
  • Immobilientransaktiounen;
  • Pläng an Devisen iwwer Bau- an aner Aarbechten;
  • Ëffentlech Ausschreiwungen;
  • Gemengepersonal an Examen.

D’Direktioun vun de kommunalen Ugeleegenheete stellt och d’Invalidekaarte fir den ëffentlechen Transport aus.

Annuaire vun der Direktioun

Direktioun vun de Gemengefinanzen

D’Direktioun vun de Gemengefinanzen ass am Allgemengen zoustänneg fir de Suivi an d’Evolutioun vun de Finanze vum Gemengesektor. Ënnert anerem kontrolléiert si d’Budgete vun den Entitéiten aus dem Gemengesecteur, déi vum Inneminister arrêtéiert musse ginn. D’Direktioun vun de Gemengefinanzen traitéiert weiderhin Dossieren déi lokal Steieren, Taxen a Gebühre betreffen, sou wéi och d’Emprunten.

D’Direktioun vun de Gemengefinanze suivéiert d’Evolutioun vun den net affektéierte Revenuen déi aus Gewerbesteier, Grondsteier an dem staatleche Fonds fir d’Gemenge bestinn.

D’Direktioun vun de Gemengefinanzen ass och zoustänneg fir d’Ofwécklung vun de staatleche Finanzhëllefe fir kommunal Basisinfrastrukture wéi Schoulen, Gemengenhaiser an technesch Halen.

Direktioun fir Kommunalplanung a städtesch Entwécklung

D’Direktioun fir Kommunalplanung a städtesch Entwécklung ass zoustänneg fir d'Relatiounen tëscht dem Staat an de Gemenge wat d'Organisatioun vum Gemengenterritoire an d'Organisatioun vun den demographeschen, ökologeschen, wirtschaftlechen, sozialen, kulturellen, finanziellen a raimleche Ressourcë vun de Gemenge betrëfft. Si ënnerstëtzt de Minister a senger Funktioun als Opsiicht am Beräich vun der Kommunalplanung a städtescher Entwécklung, dëst haaptsächlech bei der Geneemegung vun deene verschiddene Bebauungspläng an der genereller Koordinatioun vu kommunale Moossnamen am Beräich vun der Kommunalplanung.

Annuaire vun der Direktioun

Direktioun vun der ziviller Sécherheet

D’Direktioun vun der ziviller Sécherheet koordinéiert d’Rettungsdéngschter op ministeriellem Niveau. Si schafft enk zesumme mam Corps grand-ducal d’incendie et de secours "CGDIS", enger ëffentlecher Ariichtung, déi duerch d’Gesetz vum 27. Mäerz 2018 iwwer d’Schafe vun der ziviller Sécherheet kreéiert gouf.

De CGDIS huet d’Kompetenz iwwer déi operationell an territorial Organisatioun a Gestioun vun de Rettungsdéngschter um nationale Niveau a steet ënner der Tutelle vum Inneminister.

Annuaire vun der Direktioun

Annuaire vun der Direktioun

Direktioun vun der Kontroll vun der Gemengecomptabilitéit

D’Direktioun vun der Kontroll vun der kommunaler Comptabilitéit ass zoustänneg fir d’Kontroll vun de Konten, der Comptabilitéit an de Keese vun den Entitéite vum Gemengesecteur, dat heescht de Gemengen, de Gemengesyndikater an den ëffentlechen Etablissementer, déi ënnert der Opsiicht vun de Gemenge stinn.

Geméiss dem Artikel 147 vum modifizéierte Gemengegesetz vum 13. Dezember 1988, ëmfaasst dës Kontroll och d’Préiwe vun der Comptabilitéit am Laf vum Budgetsjoer, mam Zweck d’Keesen an d’Comptabilitéit vun den Entitéite vum kommunale Secteur periodesch a grëndlech ze préiwen.

Annuaire vun der Direktioun

Direktioun fir d'juristesch Berodung vum Gemengesecteur

Dës Direktioun huet als Haaptmissioun de Gemengen an aneren Entitéite vum Gemengesecteur eng juristesch Berodung ze bidde bei der Ausübung vun hire verschiddene Missiounen.

Zousätzlech ass dës Direktioun och responsabel fir d’Ausaarbechtung vu Gesetzer a Reglementer am Gemengesecteur.

Annuaire vun der Direktioun

 

Aktualiséiert