D’Inneministesch Taina Bofferding hat de 6. September 2022 e konstruktiven Austausch mat Vertrieder vun der Amicale vun de Pompjeesveteranen. D’Sujeten, iwwert déi béid Parteie geschwat hunn, waren ënner anerem d’Allocation de reconnaissance, déi all fräiwëllege Pompjee zegutt huet, soubal en de Statut vum Veteran kritt, an den Engagement vun de Veteranen am allgemengen.
