Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 70 Resultater
  1. D'Ukrain, déi säit bal enger Woch mat enger Krichssituatioun konfrontéiert ass, huet via de Katastropheschutz-Mechanismus vun der EU eng Demande gemaach fir Hëllef ze kréien. Mat dësem Mechanismus kann déi europäesch Kommissioun d'Liwwerung vun essentielle Gidder koordinéieren, fir d'Zivilbevëlkerung an der Ukrain z'ënnerstëtzen. Domat gëtt un d'Solidaritéit vun de Memberstaate vun der EU appelléiert.

  2. Opgrond vun den aktuelle Wiederprevisiounen, ass et méiglech, dass d'Alarmstuf Rout am Laf vum Dag iwwerschratt wäert ginn. Dofir koum e Krisestab "Onwieder" haut de Moien um 09:00 Auer ënnert dem Virsëtz vun der Inneministesch Taina Bofferding zesummen.

  3. D'Gemengefinanze si stabil, an dowéinst sinn d'Gemenge resilient, si belaaschtbar: dat war de Constat am leschte "Conseil supérieur des finances communales" am Inneministère.

  4. "De PNOS stellt de roude Fuedem a Saachen zivil Sécherheet duer, deen déi grondleeënd Orientatiounen a puncto operationell an territorial Ofdeckung definéiert. Et ass eng Qualitéitsgarantie fir méi e widderstandsfäegt Land a gëtt dem CGDIS déi néideg a gëeegent Moyenen, fir d'Haaptzil vum PNOS z'erreechen: der Populatioun am Noutfall bannent 15 Minutten Hëllef zoukommen ze loossen!"

  5. D'Éischt Hëllef stoung am Mëttelpunkt vun enger Pressekonferenz de 7. Oktober am Centre d'incendie et de secours (CIS) vu Mamer, kuerz virum 3. nationale Préventiounsdag vum 10. Oktober, deen an deem Zeeche steet. Bei där Geleeënheet gouf deen neien Éischt-Hëllef-Cours virgestallt, dee sech iwwer 16 Stonnen erstreckt an dee 5 Joer gülteg ass.

  6. De Regierungsrot kënnt haut um Donneschdeg, 15. Juli 2021 um 17:00 Auer zesummen. No der Seance informéieren de Premier- a Staatsminister Xavier Bettel an d‘Inneministesch Taina Bofferding d’Press iwwert d’Aarbechte vum Regierungsrot. De Livestream fänkt géint 18 Auer un.

  7. Am Nomëtte war am Stater Cercel déi éischt Sëtzung vum ieweschte Rot vun der ziviller Sécherheet, deen op d'Gesetz vum 27. Mäerz 2018 iwwert d'Organisatioun vun der Sécurité civile an d'Schafe vum Corps grand-ducal d'incendie et de secours (CGDIS) zréckgeet.

  1. Éischt Säit
  2. 1
  3. 2
  4. 3
  5. 4
  6. 5