Gemengewalen: Fonctionnement vum zentrale Regierungsbüro a Virstellung vun de Statistiken iwwer d'Kandidat*innen

De 25. mee 2023 waren d'Vertrieder*inne vun der Press op de Siège vum Zenter fir Informatiounstechnologië vum Staat invitéiert ginn, wou den zentrale Regierungsbüro zesumme komme wäert, fir déi offiziéis Resultater vun de Gemengewale vum 11. Juni 2023 opzehuelen, ze erfaassen an ze diffuséieren.

©MINT Taina Bofferding, Inneministesch
Taina Bofferding, Inneministesch

D'Inneministesch Taina Bofferding huet d'Zesummesetzung, de Fonctionnement an d'Aufgabe vum zentrale Regierungsbüro erkläert.

D'Inneministesch huet och d'Geleeënheet genotzt, fir zousätzlech Statistiken iwwer déi 3.847 Kandidat*inne virzestellen, déi fir déi 1.121 Mandater kandidéieren. 2023 wäerte 46 Gemengen nom Majorzsystem wielen, dorënner déi véier Gemengen déi fusionéiert hunn, a 56 Gemenge wielen nom Proporzsystem. Um Dag vun de Walen ass déi jéngste Kandidatin 18 Joer an 3 Deeg al an déi eelste Kandidatin 85 Joer an 283 Deeg. De Gesamttaux u Fraen déi fir d'Wale kandidéiere läit bei 39%, wärend e bei de leschte Gemengewale bei 35,6% louch.

Déi vollstänneg statistesch Donnéeë fannt Dir an der Annexe vun dësem Communiqué.

Zäitgläich zu der Pressekonferenz huet och den Testdag fir Transmissioun vun de Resultater stattfonnt, wou d'Medie d'Geleeënheet haten ze iwwerpréiwen, ob d'Resultater korrekt op hir eege Websäiten iwwerdroe ginn.

Communiqué vum Inneministère

Aktualiséiert