D'Gemengefinanze louchen och 2022 op engem stabillen Niveau: sou de Fazit vum Conseil supérieur des finances communales

De Conseil supérieur des finances communales, dee sech de Moien am Inneministère ënnert der Leedung vun der Ministesch Taina Bofferding gesinn huet, zitt e positive Bilan iwwert d'Situatioun vun de Gemengefinanzen.

Den Dekont vun 2022 schléisst mat engem Plus vun 120 Milliounen Euro (+5%) am Verglach zum Joer virdrun besser of wéi erwaart. Besonnesch freet sech de Conseil supérieur driwwer, dass d'Gemengen aktuell am Besëtz vun 1.461 Sozialwunnenge sinn, déi méi wéi 10 Méint am Joer an der Locatioun sinn. Dat sinn 8% méi wéi nach 2021 gemellt goufen (1.354 Wunnengen).

D'Gemengen hunn hir Investissementer dat lescht Joer och weiderhin héich gehalen.

Zum Schluss erënnert d'Ministesch nach eemol un de reegelméissegen a positiven Austausch deen den Inneministère säit Jore mat de Gemenge fleegt, speziell mat der Finanzberodung, déi di lescht Joren hir Friichte gedroen huet a vun där all Entitéit aus dem Gemengesecteur weiderhi profitéiere kann, besonnesch wann et ëm de Finanzement vu gréisseren Infrastrukturprojete geet.

Communiqué par le ministère de l'Intérieur

 

Aktualiséiert