100 Gemengen: eng honnertjäreg Entwécklung vun de Lëtzebuerger Gemengen

Den 8. Februar 2023 huet d'Chamber eestëmmeg déi 1. Ofstëmmung iwwer déi béid Gesetzesprojete fir d'Fusioun vun de Gemenge Groussbus-Wal an Bous-Waldbriedemes ugehol. Mat dëse Votte gëtt d'Zuel vun de Gemengen op 100 reduzéiert, wat eng Première duerstellt, wann ee bedenkt, datt d'Zuel vun de Gemengen dëse Seuil säit mindestens 1840 net méi erreecht huet.  

  1. ©MINT

    Gruppefoto

    Gruppefoto

  2. ©MINT

    Illustratioun

    Illustratioun

  3. ©MINT

    Illustratioun

    Illustratioun

Déi béid Fusiounen, déi den 1. September stattfanne wäerten, erhalen eng speziell staatlech finanziell Hëllef, déi op Basis vun der tatsächlecher Awunnerzuel an de Fusiouns-Gemengem op den 31. August 2023 berechent ginn. Déi nei Gemeng Groussbus-Wal mat Sëtz zu Groussbus kritt eng finanziell Hëllef an Héicht vu 4,829 Mio. EUR (fir ongeféier 2.195 Awunner) an d'Gemeng Bous-Waldbriedemes, mat provisoreschem Sëtz zu Bous bis dat neit Gemengenhaus zu Waldbriedemes fäerdeg gebaut ass, kritt eng finanziell Hëllef an Héicht vun 6,6 Mio. EUR (fir ongeféier 3.000 Awunner).

Déi speziell staatlech finanziell Hëllef gëtt an Tranchen ausbezuelt an ass geduecht fir d'Kreditopnam vun de neie Gemengen ze reduzéieren an déi an de pluriannuelle Finanzéierungspläng festgeluechte Projeten ëmzesetzen.

Bis zur kompletter Erneierung vun de Gemengeréit bei den uerdentleche Gemengewalen 2029 wäert déi nei Gemeng Groussbus-Wal ee Gemengerot mat 12 Memberen an déi nei Gemeng Bous-Waldbriedemes e Gemengerot mat 11 Memberen hunn.

D'Inneministesch Taina Bofferding freet sech, datt déi béid Gesetzesprojeten een 1. eestëmmege Vott erhalen hunn, wat beweist, datt de Fusiounsprozess ëmmer méi als gëeegent, nëtzlecht a modernt Mëttel vun der Zesummenaarbecht tëscht interesséierte Gemengen unerkannt gëtt, déi opgrond vun hirer territorialer Proximitéit schonn e puer gemeinsam Projeten entwéckelen an ëmsetzen: "Ech begréissen de politesche Mutt vun de Responsabelen an de Gemengen, déi sech fir eng enk Zesummenaarbecht decidéiert hunn, andeem si d'Initiativ vun der Fusioun ergraff hunn. Ech si mir bewosst, datt et op lokalem Niveau Bestriewunge fir Fusioune gëtt, déi op Teamgeescht a Matbestëmmung berouen an ouni staatlech Amëschung oflafen, awer ech wëll bekräftegen, datt Fusioune fräiwëlleg Prozesser bleiwe wäerten, déi de Subsidiaritéitsprinzip an de Gemengen hir Autonomie respektéieren".

Communiqué vum Inneministère

Aktualiséiert