Virstellung vum "Lëtzebuerg lieft Sport - Mindmap": 50 konkreet Iddie fir d'Promotioun vu Sport a Beweegung op Gemengenniveau

Den 9. Februar 2023 hunn de Sportsminister Georges Engel an d'Inneministesch Taina Bofferding d'"Lëtzebuerg lieft Sport – Mindmap" virgestallt, ee Katalog mat 50 Beispiller vu gudder Praxis, den déi Responsabel an de Gemengen dozou ureege soll, Sport a kierperlech Aktivitéiten op Gemengenniveau ze fërderen.

©MINT (v. l. n. r.) Georges Engel, Sportsminister ; Taina Bofferding, Inneministesch
(v. l. n. r.) Georges Engel, Sportsminister ; Taina Bofferding, Inneministesch

De Katalog setzt de Concept-cadre LTAD − "Lëtzebuerg lieft Sport", eng Strategie, déi 2021 entwéckelt an der Ëffentlechkeet virgestallt soll ginn, op lokalem Niveau ëm. LTAD steet fir "Long-Term Athlete Development", ee Konzept, dat d'Zil huet, Athleten op der Weltspëtzt z'etabléieren.

"Lëtzebuerg lieft Sport" fërdert de Sport an der gesamter Bevëlkerung. "Et betrëfft eis also alleguer - mir sollten eis eis ganzt Liewe laang fir Sport a Beweegung begeeschteren an aktiv bleiwen. Eist gemeinsaamt Zil ass et, eist Land an engem sport- a beweegungsorientéiertem Usaz ze verankeren", betount de Georges Engel.

"Lëtzebuerg lieft Sport" ass ee Konzept, dat un all Niveau a Milieu adaptéiert ass: Famill, Educatioun, Betreiung, organiséierte Sport, Aarbecht an net ze vergiessen an de Gemengen.

"D'Gemenge spillen eng wichteg Roll bei der Fërderung vu Sport a Beweegung am Alldag. Besonnesch déi urban Entwécklung bitt hinnen d'Méiglechkeet, urban Raim ze schafen, déi di kierperlech Aktivitéit fërderen, sief et duerch Tempo-20-Zonen, Gréngflächen oder kuerz Weeër bei d'Geschäfter, déi liicht ze Fouss oder mam Vëlo gemaach kënne ginn", sou d'Taina Bofferding.

Doriwwer eraus fërderen a beaflossen d'Gemengen déi kierperlech Aktivitéit vun der Populatioun duerch de Bau vu Sportanlagen oder duerch d'Ënnerstëtzung vu lokalen Sportaktivitéiten. Souwuel den organiséierte Veräinssport mat senger sozialer Integratiounsfunktioun, wéi och den net-organiséierte Sport mat senger gesondheetsorientéierter Funktioun si fir eng nohalteg Gemengepolitik onverzichtbar.

Am Katalog mat de 50 Beispiller vu gudder Praxis stinn eng grouss Unzuel u potentielle Projeten an direktem Zesummenhang mat der Promotioun vu kierperlecher Aktivitéit, besonnesch mam Zil, aktiv a sportlech Gemengen ze schafen. De Mindmap weist och, datt Trendsportaarten hautzedaags den ëffentleche Raum erueweren, andeem si liicht, lokal an ëmmer ëfters fräi zougänglech Ariichtunge schafen. Eng weider wichteg Erkenntnis vum Dokument fir Responsabel an de Gemengen ass, datt déi Ëmwandlung vum ëffentleche Raum an ee Raum, deen kierperlech Aktivitéite fërdert, präisgënschteg ass. De Sportsminister Georges Engel seet: "Eng modern Gemeng ënnerstëtzt den Ureiz fir d'Bierger, sech ze beweegen".

Communiqué vum Sportsministère a vum Inneministère  

Aktualiséiert