D'Taina Bofferding approuvéiert den 1. PAP, deen op Basis vun de neie Moossname vum Pacte Logement 2.0. erstallt gouf

Le projet "Mäertert Bergfeld" dans la commune de Mertert − quand le logement abordable est une priorité

215 Wunnunitéiten, dovunner 37 abordabel (verdeelt op 3 Eefamilljenhaiser a 34 Wunnengen), wäerten am Kader vum "Plan d'aménagement particulier" (PAP) Mäertert Bergfeld gebaut ginn. Et handelt sech heibäi ëm den éischten Immobiliëprojet, deen an Uwendung vum Artikel 29bis vum geännerte Gesetz vum 19. Juli 2004 iwwer d'kommunal Raumplanung a Stadentwécklung realiséiert gouf an aus dem Pacte logement 2.0. ervirgaangen ass. De Projet wäert ongeféier 500 Persounen een Doheem bidden, vun deenen ongeféier 90 abordabel Wunnenge sinn.

Domat erfëllt den Artikel 29bis säin Zil, zu enger systematescher Erhéijung vum ëffentleche Wunnengsbestand bäizedroen, andeem an all betraffenem PAP e bestëmmte Prozentsaz vun der bebauter Bruttowunnfläch fir abordabele Wunnraum reservéiert gëtt.

D'Grondstécker, op deenen dës Wunnenge gebaut ginn, ginn un d'Gemeng oder de Staat ofgetrueden, wouduerch och séchergestallt gëtt, datt dës Wunnengen abordabel bleiwen, well se net um private Marché verkaf oder verlount ginn.

De Projet "Mäertert Bergfeld" ass ausserdeem ee Beispill-Projet, dee vun engem enken Austausch tëschent dem private Promoteur, der Gemeng Mäertert an dem Inneministère profitéiert huet, fir eng gutt Mëschung aus Wunntypologië vun héijer urbanistescher Qualitéit an engem attraktiven ëffentleche Raum fir d'Bewunnerinnen a Bewunner ze realiséieren. De Projet ass e gutt Beispill fir d'Konzeptioun vun zukünftege Projeten.

Communiqué vum Inneministère

Aktualiséiert