5 Méint virun de Gemengewalen: D'Ministesch Taina Bofferding stellt den Zäitplang, d'Haaptchifferen an d'Egalitéitsdéfie vir

D'WielerInnen erneieren den 11. Juni 2023 all d'Gemengeréit am Grand-Duché. D'Haaptdatummer en vue vun deem Walrendez-vous souwéi d'Haaptännerungen am Verglach mat de viregte Gemengewale stoungen am Mëttelpunkt vun enger Pressekonferenz, haut, am Inneministère. D'Ministesch Taina Bofferding huet vun der Geleeënheet profitéiert, fir, als Ministesch fir Gläichstellung tëscht Fraen a Männer, op d'Initiativen anzegoen, déi dëse Ministère ergraff huet, fir dass et zu enger besserer Mixitéit bei der Zesummesetzung vun de Gemengeréit kënnt.

©MINT Taina Bofferding, Inneministesch a Ministesch fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer
Taina Bofferding, Inneministesch a Ministesch fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer

Wat d'Organisatioun vun de Gemengewalen ugeet, huet d'Taina Bofferding op verschidden Haaptdatummer insistéiert, déi den Zäitplang definéieren. V.a. stellt de 17. Abrëll, de 55. Dag virun de Gemengewalen, de leschten Dag fir all d'net-lëtzebuergesch AwunnerInnen duer, déi sech op d'Wallëschten androe wëllen. Den Délai, fir sech anzeschreiwen, gouf ëm 31 Deeg par rapport zu de Gemengewale vun 2017 verlängert.

De leschten Datum fir den Dépôt vun de Kandidaturen ass op den 12. Abrëll festgeluegt ginn, an d'Zéie vun de Lëschtennummeren ass den Dag drop. D'Wallëschte ginn den 18. Abrëll publizéiert.

No de Wale mussen all déi nei Gemengeréit bis den 1. September spéitstens hir Aarbecht ophuelen.

Et ass ze bemierken, dass bei de Gemengewale vum Juni 2023 a 56 Gemengen nom Proporz- an a 46[1] Gemengen nom Majorzsystem gewielt gëtt. 1.121 Membere vu Gemengeréit sinn direkt ze wielen, wouvun d'Majoritéit vun den Neigewielten dem Grand-Duc an der Inneministesch d'Nominatioun vun 100 KandidatInne fir de Poste vum Buergermeeschter an 222 KandidatInne (maximal) fir de Poste vum Schäffe virschléit.

Woubäi de Moment nëmmen 280 Fraen a Gemengeréit sëtzen, dorënner 227 als Conseillèren (géintiwwer 533 Conseilleren), 37 als Schäffinnen (géintiwwer 189 Schäffen) a 16 als Buergermeeschteschen (géintiwwer 86 Buergermeeschteren). Et muss een also feststellen, dass d'politesch Vertriedung um lokalen Niveau nach ëmmer staark Ënnerscheeder tëscht de Geschlechter opweist. D'Grënn dofir si verschiddener: D'Frae si besonnesch Viruerteeler a Stereotypen ausgesat, wann et ëm hir Fäegkeeten a Kapassitéite geet, fir e lokaalt politescht Mandat ze besetzen. Dat sinn Obstakelen, déi si dacks leider dovun ofhalen, fir e lokaalt Mandat ze kandidéieren.

D'Ministesch Taina Bofferding huet op dee Phenomeen reagéiert, andeems si d'Campagne "Egalitéit liewen/Vivons l'égalité” lancéiert huet, déi ëm 3 Haaptachsen dréit: eng Campagne op de sozialen Netzwierker mat Témoignagë vu Fraen iwwer hir Experienzen als Gemengemandatairen, Portes ouverten an de Gemengen a Formatiounen. Dës Campagne gouf an enger Optik vun Nohaltegkeet geschafen a wäert deemno no de Gemengewale weidergefouert ginn.

D'Taina Bofferding hält fest: "D'Frae maachen d'Halschent vun der Bevëlkerung aus. Méi Mixitéit an de Gemengeréit ze fuerderen ass dofir och keng Fro vun Ideologie, mee vu Representatioun. D'Usiichten a Fäegkeeten vun der weiblecher Bevëlkerung beräicheren d'politesch Debatten a stellen dofir eng Ergänzung duer, déi net ignoréiert sollt ginn."

[1] D'Gemenge Groussbus a Wal wéi och Bus a Waldbriedemes mussen all soulaang eenzel gezielt ginn, wéi hir Fusioun nach net Realitéit ass, wat eréischt vum 1. September 2023 un de Fall wäert sinn.

Communiqué vum Inneministère an dem Ministère fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer

Aktualiséiert